Eis Kandidat.inn.en
Lëscht 7

Line Wies
34 | attachée parlementaire | Brill
Samuel Baum
28 | assistant social | Uecht
Laurent Biltgen
51 | instituteur | Bruch
Nina Biren
30 | coordinatrice de volontaires | Bruch
Mateusz Buraczyk
35 | chargé relations publics | Neiduerf
Fabio Da Re
27 | chargé de cours | Al Esch
Geneviève Jadoul
46 | chargée de cours | Uecht
Frank dit Tun Jost
71 | fonctionnaire communal e.r. | Al Esch
Sandra Laborier
42 | éducatrice graduée | Hiehl
Stéphanie Lanners
40 | éducatrice graduée | Zaepert
Mike Monteiro-Gaubig
33 | entrepreneur | Brill
Sarah Mandres
34 | assistante sociale | Al Esch
Malcolm Nawatamo
22 | volontaire | Brill
Linda Ortolani
43 | institutrice | Lalleng
Jeanne Pletsch
44 | institutrice | Zaepert
Valérie Reitz
34 | assistante sociale | Uecht
Marinella Rinaldis
45 | éducatrice diplomée | Al Esch
Kevin Sousa
26 | étudiant | Lalleng
×
Line Wies
34 | attachée parlementaire
D’Line Wies huet 34 Joer. Hatt ass zu Esch an der Uelzechtstross opgewuess a wunnt och haut nach am Quartier Brill. Säit 2017 ass hatt am Escher Gemengerot. Hatt ass parlamentaresch Mataarbechterin an der Chamberfraktioun vun déi Lénk. Niewebäi schafft hatt u sengen kënschtleresche Projeten a schreift grad un engem Theaterstéck. D’Line ass iwwerzeegte Feministin an organiséiert säit e puer Joer zesummen mat aneren lénke Feministinnen aus der Plattform Jif, de Fraestreik um vum 8. Maerz. Hatt ass an der Kulturkommissioun a vertrëtt d’Interessien vun de Locatairen an der Mietkommissioun zu Esch. Aarbechtsperspektiven fir Jonker, Kulturentwécklung, de Kampf géint Logementskris an de Klimawandel gehéieren zu senge politeschen Haaptinteressien.
Samuel Baum
28 | assistant social
De Samuel Baum, huet 28 Joer, vu Beruff Sozialaarbechter an ass säit senger Gebuert ee Stack Escher, deen am Quartier Lalleng opgewuess ass. De Sport huet beim Ex- Escher Handballer laang Zäit eng zentral Roll a sengem Liewe gespillt. Säit 2018 ass hien ouni Paus politesch engagéiert an ass an der Jugend-, Sport-, Sozial- esouwéi Logementskomissioun zu Esch engagéiert. „Wann d‘Escher Bierger, Famill a Frënn keng Wunneng fannen an iwwert Grenz musse plënneren, da solle mer eis schummen.“ D‘Wunnengspolitik ass vir de Samuel zentral, well Mëttelschicht verschwënnt an d’Schéier tëschent  Aarm a Räich weider ausernee geet. D‘Gemengen hu vill Instrumenter fir dëst ze verhënnere mee se mussen endlech benotz gi an dat ganz schnell! Et soll sech awer och lounen zu Esch ze wunnen an do well hien sech fir sécher Veloswëer, Sécherheet bei de Schoulen, méi Spillstroosse fir Kanner, manner Autoen am Staatkär a méi Gréngflächen asetzen. 
Laurent Biltgen
51 | instituteur
De Laurent Biltgen ass am Burgronn, am Neiduerf grouss ginn, als zweetjéngste vu fënnef Geschwëster. Hie war an der Neiduerfer an an der Dellhéichtschoul. No senger Lycéeszäit am Escher Jongelycée huet hien zu Eupen fir Schoulmeeschter studéiert. Hien huet dunn 17 Joer zu Esch am Zentrum Schoul gehalen, bis hien op Éilereng gewiesselt huet, fir e Mandat als Gemengerot zu Esch kënnen unzehuelen. Berufflech an och nieweberufflech huet hien sech ëmmer fir Pedagogik intresséiert a sech dofir fir eng inklusiv Schoul agesat, wou d’Kand am Mëttelpunkt steet. Dëst huet hien a verschiddene Schoulprojeten zu Esch an och als Grënnungsmember vum GLEN (Groupe luxembourgeois d’éducation nouvelle) ëmgesat. Säit 1999 ass hien als Member bei déi Lénk op nationalem an op kommunalem Niveau aktiv. Och hei ass ee vu senge Schwéierpunkten d’Educatioun. Well hien sech vu Kand u scho fir Natur an Ëmwelt intresséiert, sinn dëst och Themen, déi hie politesch vill beschäftegen. Aktuell ass hie Gemengerot a Member an der Schoul- an an der Hygièneskommissioun. Hien huet e groussen Interessi u Konscht a Geschicht. Hien ass Sekretär vun den Escher Geschichtsfrënn. Hie sëtzt sech hei, mee och als Politiker, dofir an, dass Esch erëm e Musée fir Lokalgeschicht kritt. Hien huet 3 erwuesse Kanner a wunnt säit 1996 mat senger Famill am Quartier Bruch. Seng Fräizäit verbréngt hien a sengem Goart oder bei ausgibege Spadséiergäng mat sengem Hond an der Escher Natur.
Nina Biren
30 | coordinatrice de volontaires
D’Nina Biren huet 30 Joer a seet selwer gäre vu sech datt et e richtegt Minetter Meedchen ass. Zu Esch gebuer, do an d’Schoul gaangen an och geschafft, ass hatt am Quartier Bruch elo nees doheem. Sechs Joer huet hatt zu Berlin studéiert, geschafft a säin Horizont konnten erweideren. Dobäi huet hatt seng lénks Oder entdeckt. Zeréck op Lëtzebuerg ass hatt fir d’Famill an d’Frënn komm, mee och fir sech hei ënnert anerem fir d’Logementsproblematik ze engagéieren. "Esch ass meng Heemecht!" seet hatt "Schonns mat der WG an och elo mat der eegener Famill dierfen hei ze wunnen ass e Privileeg." D’lescht Joer huet hatt seng 30 Joer gefeiert, säi Master am Bildungs- an Sozialwiesen op der Uni.lu ofgeschloss an säin éischt Meedchen kritt. Zesummen mat sengem Partner erwaarden se dëst Joer pénktlech zu den Walen e Bouf an soumat wär d’Bier geschielt.
Mateusz Buraczyk
35 | chargé relations publics
De Mateusz Buraczyk ass 1987 a Polen gebuer a mat 6 Joer mat senger Famill op Péiteng wunne komm. Wärend senger Lycéeszäit am LGE, huet Esch säi Charakter gepräägt. No 5 Joer Studium zu Tréier, huet hien do 4 Joer fir eng lénk Deputéiert geschafft a war 2 Joer Member vum Gemengerot. Hien huet der Politik an Tréier de Réck gedréint, nodeems seng aner Passioun, d´Musek an d’Alternativkultur hien zeréck op Esch geruff hunn: säit Ufank 2019 schafft hien an der Kulturfabrik als Chargé de Relations aux Publics. Eng Tâche, déi him d´Méiglechkeet ginn huet, vill Acteuren an Initiativen um Escher Terrain kennen ze léieren. Nieft der lokaler Kultur mécht sech de Mateusz fir eng ekologesch Transitioun staark. Konsequent Inclusioun bedeit fir hien eng barrièrefräi Gesellschaft fir jiddereen, en éierevollen Empfang fir Refugiée.ë.n, mee och - wat oft vergiess gëtt - de Kampf géint d’Aarmut an all senge Facetten. Bei all deem ass him d´Perspektiv vun deene Jonke besonnesch wichteg. De Mateusz wunnt an enger 5er WG am Neiduerf, déi virun zwee Joer ëm hir Existenz huet misse fäerten. Dem Buergermeeschter Mischo säin Himmelfaartskommando WGen zu Esch praktesch ze verbidden, ass zurecht gekippt ginn. Et ass erschreckend, wei extrem politesch Inkompetenz an d´Privatliewe vu BiergerInnen agräife kann. Fir en anert Esch: dofir déi Lénk.
Fabio Da Re
27 | chargé de cours
De Fabio Da Re, 27 Joer, ass gebiertegen Escher an am Quartier Al Esch opgewuess. Et huet hien an d’Ausland gezunn, fir Geschicht ze studéieren an haut schafft hien als Chargé de Cours an engem Escher Lycée. Fir de Fabio ass et wichteg, dass Esch méi abordabele Wunnraum kritt. Do ass et un der Gemeng sech aktiv drun ze bedeelegen andeems se méi Wunnengen keeft a baut, déi dann och a Gemengenhand bleiwen. Ausserdeem ass et him wichteg de Leit d‘Stad an d‘Natur méi no ze bréngen. Mat der Klimaerwiermung ass et wichteg dass Esch méi naturfrëndlech gëtt. Mir mussen eis op der enger Säit op d’Konsequenzen vum Klimawandel virbereeden an op där anerer Sait onbedéngt eng weider Verschlechterung vun der Ëmwelt a vun eiser Liewensqualitéit verhënneren. Eng weider Prioritéit fir de Fabio ass d’Mobilitéit. Do gëllt et de Mënsch an den Zentrum vun der Planifikatioun vun Esch ze setzen. Natierlech muss een awer iwwerall an zu all den Zäiten hikommen. Dëst ass just méiglech mat engem cleveren ëffentlechen Transportsreseau duerch ganz Esch an doriwwer raus.
Geneviève Jadoul
46 | chargée de cours
D’Geneviève Jadoul ass zu Wolz gebuer, mee säit 17 Joer Escherin. Hatt wunnt am Quartier Uecht. Hatt huet 46 Joer, ass Orthophonistin, schafft awer säit 15 Joer als Chargée de cours an der Alphabetiséierung fir Erwuessener. Säit e puer Joer gëtt hatt och Lëtzebuergeschcourse fir d’Gemeng Esch. Him gefält de Kontakt mat Leit aus den ënnerschiddlëchste Länner. Schonn als Kand huet hatt sech vill Gedanken iwwer sozial Ongläicheeten an eiser Gesellschaft gemaach. Dofir ass hatt frou fir kënne bei déi Lénk matzewierken.  Hatt interesséiert sech besonnesch fir de Logement, d’Integratioun, d’Mobilitéit, d’ekologesch Transitioun an d’Déierewuel. Esch ass fir hatt eng oppe Stad déi scho vill bitt an trotzdeem nach vill Potential huet. Hatt ass Member an der Integratiounskommissioun an e Fan vun der Schwämm, dem VëlOK, dem Theater, dem Gaalgepark an de Bëscher ronderëm Esch.  D’Geneviève wënscht sech fir Esch manner Autoen, méi Vëloen, vill Beem, eng oppe Schwämm (ERA), puer vegan Restauranten a ganz vill bezuelbar Wunnengen. 
Frank dit Tun Jost
71 | fonctionnaire communal e.r.
De Frank Jost (genannt Tun) ass ee pensionéierte Gemengebeamten, mee hien ass nach ëmmer aktiv a wunnt am Quartier Al Esch. Hie behaapt dass Esch vum engem urbanistesche Point de vue déi beschte Stad am Land ass. Hien ass Grënnungsmember vun déi Lénk a Member an der Mobilitéis- an an der Urbanismuscommissioun. Hien interesséiert sech virun allem fir wirtschaftlech Froen, Perspektive fir den Urbanismus a fir déi ekologesch Transitioun. De Tun féiert och ee Blog an ass den Auteur vun enger kuerzer Geschicht vun Esch vum Ufank bis an d‘20er Joren, déi online a fofzeg Kapitele publizéiert gouf.
Sandra Laborier
42 | éducatrice graduée
D‘Sandra Laborier huet 42 Joer, ass vu Beruff Sozialpädagogin a lieft zanter 10 Joer zu Esch an der Hiehl. Hatt huet 19 Joer als Pädagogin bei Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA geschafft, an an deem Kontext souwuel mediepädagogesch, wéi och kulturell Projeten entwéckelt an duerchgefouert. Zanter Mäerz 2023 ass hatt Chargée de direction am Rainbow Center, e Projet vu Rosa Lëtzebuerg. Hatt ass zanter 2018 Member an der Chancëgläichheetskommissioun vun der Stad Esch an zanter 2022 och Member an der Elterevereenegung vun der Brillschoul. Déi politesch Themen, déi him besonnesch um Häerz leien, si Medien, Kultur, Feminismus, LGBTIQ+ Rechter, Bildung, Mobilitéit an ekologesch Transitioun.
Stéphanie Lanners
40 | éducatrice graduée
D’Stéphanie Lanners, 40, ass gebierteg aus der Mierscher Emgéigend. Virun enger Dosen Joren huet et hatt awer an de Minett verschloen an hatt wunnt elo säit 6 Joer zu Esch am Quartier Zaepert. Esch ass seng Walheemecht, eng Aarbechterstad, wou divers Kulturen zesumme kommen, eng Stad mat Charakter, gepräägt duerch seng eenzegaarteg industriell Vergaangenheet. Duerch déi oppe Mentalitéit vun den Escher Leit huet hatt sech schnell hei agelieft a wuel gefillt. Hatt ass Educatrice graduée a betreit um Terrain Leit, déi mat verschidde Problematike konfrontéiert sinn, wéi z.B. der Logementskris, dem Aarmutsrisiko, häuslecher Gewalt, Diskriminatioun, asw. Hatt ass bei déi Lénk, well sech do och agesat gëtt fir deenen eng Stëmm ze ginn, déi net ëmmer gehéiert ginn. Zousätzlech ass hatt aktive Member bei der JIF an an der Chancëgläichheetskommissioun. Bei déi Lénk Esch ass hatt säit 2 Joer Coordinatrice. Hatt ass houfreg kënnen een Deel vun dëser dynamescher an engagéierter Equipe ze sinn, déi net zéckt duerch Aktiounen op aktuell Problematiken hinzeweisen. Hatt hofft dass déi Escher dës Dynamik erkannt hunn, an déi Lénk duerch hir Stëmm an den Wale wäerte stäerken.
Mike Monteiro-Gaubig
33 | entrepreneur
De Mike Monteiro-Gaubig ass Camionschauffer vu Beruff an am Moment awer am Gaangen sech selbststänneg ze maachen a sengem Haaptinteressigebitt, der Informatik. Theme wéi den Dateschutz an d’Datesécherheet sinn him ganz wichteg, wéi z.B. d’Diskussioun ëm d’Kameraen op ëffentleche Plazen. Allgemeng setzt hie sech fir Open Source Produkter an, also Programmer an Applikatiounen, déi net vu grousse Firmen ofhängeg sinn, mee gënschteg oder gratis vun de Notzer ugewannt a weiderentwéckelt kënne ginn. Hie wëll sech um Niveau vun der Gemeng engagéieren, well hien et wichteg fënnt d'Gestaltung an d'Entwécklung vun eiser Gemeng mat ze beaflossen. Hie wunnt am Quartier Brill, an dohier stinn Theme wéi sozial Integratioun, bezuelbare Wunnraum, awer och d'Unerkenne vun Diversitéit fir hien am Vierdergrond. Ausserdeem fënnt hie kuerz administrativ Weeër an den Ofbau vun administrativen Hürde wichteg fir alle Biergerinnen a Bierger d' Méiglechkeet ze ginn, hir Rechter ze notzen a sech um ëffentleche Liewen ze bedeelegen.
Sarah Mandres
34 | assistante sociale
D’Sarah Mandres huet 34 Joer a schafft als Assistante sociale a Kënschtlerin. Hatt ass Escherin a wunnt am Quartier Al Esch. Esch as fir hatt eng Heemescht fir jiddereen, ob jonk, al, uarm oder räich. Et ass eng multikulti Stad mat ganz vill Potential. Wa mer net sou verschidde wären, wär et och net sou spannend. D’Sarah ass bei déi Lénk well hatt et wichteg fënnt dass ee sech ëm e Gläichgewiicht këmmert dat an eiser Gesellschaft ëmmer méi verschwënnt. Jidderee.nt soll d’Recht hunn e wierdegt Liewe kënnen ze féieren, a punkto Logement, Gesondheet, Bildung, Erzéiung, Aarbecht an Ofsécherung wann ee mol net méi ka schaffen. De Räichtum an de Profit solle besser verdeelt ginn. Themen, déi hatt interesséieren sinn de Logement well hatt et onverständlech fënnt dass mer an engem sou räiche Land wei Lëtzebuerg, eng sou prekär Logementssituatioun hunn. Kultur, well hatt fënnt dass Esch Potential huet, mär sinn net Paräis (wëllen mer och net) awer vital Berlin. Wann hatt net grad schafft oder Konscht erschafft ass hatt gären an der Natur, zu Fouss oder mam Vëlo. 
Malcolm Nawatamo
22 | volontaire
De Malcolm huet 22 Joer an ass zu Esch am Quartier Brill grouss ginn. Iwwert d’Joren ass aus der Oarbechterstad Esch eng Kulturstad ginn. Déi politesch Beweegung déi Lénk verkierpert dës kulturell Dynamik. De Malcolm interesséiert sech haaptsächlech dofir, den Zougang op d’Kultur ze vereinfachen an d’Recht op eng dezent Wunneng ze garantéieren. Nieft seng politeschen Engagement huet de Malcolm Theater gär an hie spillt Schach.
Linda Ortolani
43 | institutrice
D‘ Linda Ortolani huet 43 Joer an ass Mamm vun 3 Kanner. Hatt ass eng gebierteg Escherin an wunnt mat senger Famill zu Lalleng. Nom Studium ass hatt net just wéinst sengen Escher Originnen zeréck an seng Gebuertsstad komm, mee och well Esch eng Stad ass mat groussem Potential fir sech zu enger “ville conviviale” z’entwéckelen. Säit 2010 ass hat Member vun Déi Lenk, déi Partei, déi dem Linda senge Wäerter a Virstellungen vun enger sozial an ekologesch gerechter Gesellschaft, am nooste kennt. Politesch Themen ewéi Chancëgläichheet, ekologesch an ekonomesch Transitioun, Educatioun an Ëmwelt leien him ganz besonnesch um Häerz. D’Linda verbënnt säi Beruff als Enseignante a Naturpädagogin mat senger Léift fir Natur an Ëmwelt. Hat huet e Mi-Temps als Enseignante an enger Outdoorklass fir Schüler mat spezifesch Besoine a verbréngt seng Fräizäit am léifste mat senge Kanner am Bësch oder am Gemeinschaftsgaart. Als Kommiteesmember vun Transition Minett probéiert et sech fir eng nohalteg Zukunft fir d'Stad Esch ze engagéieren.
Jeanne Pletsch
44 | institutrice
D’Jeanne Pletsch huet 44 Joer, hatt ass Léierin a wunnt säit 2017 zu Esch am Quartier Zaepert. Hatt ass gebierteg aus dem Éislek an huet zu Bréissel, Freiburg a Lëtzebuerg studéiert. Virun 11 Joer huet hatt sech an een Escher verléift…an och an d’Stad Esch. Esch ass fir hatt elo säin Doheem. Hatt fillt sech hei wuel well dës Stad aus sou ville Géigesätz besteet, déi sech wonnerbar ergänzen a vermëschen: Stad an Natur; al Gebaier, stomm Zäitzeie vun der Geschicht, an nei, modern Quartieren; bäigezunne Leit aus villen Natiounen an agesiessen Escher. A senger deeglecher Aarbecht mat Kanner, falen him Benodeelegungen op, deene vill Leit, deels vu Klengem un, ausgeliwwert sinn. Dës si leider an de leschte Joren ëmmer méi offesichtlech ginn a loossen hatt net kal. Bei Déi Lénk gefält him ganz besonnesch hiren Asaz géint Ongerechtegkeeten an hatt wëll sech fir eng oppen, tolerant a gerecht Stad Esch engagéieren.
Valérie Reitz
34 | assistante sociale
D’Valérie REITZ huet 34 Joer, schafft als Assistante Sociale an wunnt schonn säi ganzt Liewen zu Esch a säit 4 Joer am Quartier Uecht. A senger Fräizäit verbréngt hat vill Zäit mat sengem Hond am Ellergronn.  Esch ass fir hatt eng villfälteg, lieweg an dynamesch Stad an där authentesch, éierlech an extrem divers Bierger liewen. Virun allem ass Esch fir hatt säin Doheem wou, a fir dat, säin Häerz schléit. Hatt ass bei „Déi Lenk“ wëll dëst fir hatt déi eenzeg Partei ass déi wierklech am Interêt vun alle Bierger handelt an eng sozial gerecht Gesellschaft ustrieft. Duerch seng Erfarung am soziale Secteur ass hatt virun allem un Theme wéi Logement, Famill a Gläichberechtegung interesséiert.
Marinella Rinaldis
45 | éducatrice diplomée
D’Marinella Rinaldis huet 45 Joer, ass Éducatrice diplômée, Single an wunnt säit 7 Joer zu Esch, am Quartier Al Esch. Hat ass säit laange Joren engagéiert a soziopoliteschen a soziokulturelle Beräicher an am Migratiounsberäich. Hatt as interesséiert un der Logementspolitik a -problematik an och un Inklusiounsprojeten an der Biergerbedeelegung an der Stad Esch an an den eenzelne Quartieren. Hatt as aktiv Member beim WG- Projet vu Life asbl, bei der JIF (Journée Internationale de la Femme) a bei Moving LAB asbl. Wat him perséinlech un Esch gefält, ass seng Diversitéit, seng Oppenheet an Dynamik, seng Bevëlkerung, seng Industrie- a Migratiounsgeschicht. D’Valorisatioun vum Escher Patrimoine läit him um Häerz an d‘Beliewe vun sengen industrielle Sitten. Hatt gesäit an der Jugend vun Esch immens vill Kreatiounspotential, dee Raum a Plaz brauch fir opzebléien. D‘Studenten kënnen eng dynamesch an innovativ Kraaft duerstellen, fir d’Stad wieder ze dynamiseieren.
Kevin Sousa
26 | étudiant
De Kevin Sousa huet 26 Joer a studéiert Philo an Holland. Hien ass zu Esch gebuer an opgewuess, a fir hie steet Esch fir Diversitéit, Resilienz a Stäerkt mee och Ongläichheet, Leed a Péng. Als queert Kand vu portugiseschen Elteren huet hien d’Solidaritéit vu Minoritéitskulturen ëmmer materlieft. Och awer wéi d’Immigranten a Minoritéiten, op déi Lëtzebuerg sech esou op der internationaler Bün behaapt, vun iwwerflächlecher Politik vu “Wannabe-Progressives” an Aarmut, Leed an Doud gelooss ginn. Dem Kevin seng Politik zentréiert d’Intersectionaliteit vu Leed a Communautéit, zemools wat d’Theme Logement, Aarmut, Educatiounsongläichheeten, Diskriminatioun, mental a physesch Gesondheet betrëfft, a wéi alles mateneen zesummenhänkt. Wann en net grad iergendee Blödsinn an der lëtzebuerger Popkultur kritiséiert, kuckt de hie gäre Filmer.