Catherine RICHARD 2023.
D’Catherine Richard huet 47 Joer a wunnt zanter 2010 zu Diddeleng. Sief et an hirer Aarbecht als Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg oder als Dokumetarfilmmacherin, huet si sech mam Thema Integratioun a Migratioun beschäftegt. Et ass selbstverständlech, datt duerch hire perséinlechen Hannergrond an duerch hir Fuerschung, d‘Catherine sech vill fir d‘Realitéite vun Awunner mat auslännescher Hierkonft interesséiert. Si ass 2010 op Diddeleng komm, e bëssen zoufälleg, mee heiansdo mécht den Zoufall d’Saache richteg an si huet sech an dëser Stad ganz séier wuelgefillt. Diddeleng huet si mat senger Offenheet, senger Séil vum Süden, senger Vergaangenheet – Deel vun der Migratiounsgeschicht vum Land, senger Natur a senger frëndlecher Bevëlkerung verféiert. Si kann sech och fir di kulturell a sportlech Infrastrukturen vun der Stad begeeschteren, déi si dacks besicht. Diddeleng ass hier un d‘Häerz gewuess a si huet decidéiert, sech bei déi Lénk ze mellen, well déi Lénk an hiren Aen op der lénker Säit wichteg Problemer uginn a sech voll asetzen fir déi, déi dat am meeschte néideg hunn. D’Themen, déi hir besonnesch um Häerz leien, sinn d’Integratioun an d’Recht op eng anstänneg Wunneng fir jiddereen.