Eis Kandidat.inn.en
Lëscht 8

Myriam CECCHETTI
57 | enseignante, députée
Jos PISCITELLI
64 | fonctionnaire d'Etat e.r., conseiller com.
Patrizia ARENDT
61 | chargée de cours e.r., conseillère com.
Irina HOLZINGER
40 | bibliothécaire-documentaliste
Pietro BENEDETTI
64 | consultant e.r.
Steve BIVER
37 | attaché parlementaire
Mirka COSTANZI
35 | assistante sociale, pédagogue de théâtre
Franky GILBERTZ
39 | cheminot
Carmen KRIER
36 | vendeuse
Romy MASSARD-REINERT
61 | infirmière e.r.
Tania MOUSEL
33 | bibliothécaire-documentaliste
Pierre MOUSEL
63 | enseignant e.r.
Maria de Lurdes PEREIRA DE AZEVEDO
45 | aide-éducatrice
Dany Luis PEREIRA FIGUEIREDO
30 | ingénieur
Sandra PHILIPPS
50 | employée de l'Etat
Olivier SEYLER
27 | chauffeur-livreur
Serge URBANY
71 | juriste e.r., ancien député
×
Myriam CECCHETTI
57 | enseignante, députée
57, spezialiséiert Léierin, Deputéiert, fréier Schäffin a fréier Gemengeréitin, Suessem. D’Myriam ass an eiser Gemeng virun allem bekannt fir säin ökologeschen Engagement deen hat ëmmer mat der sozialer Fro verbonnen huet. Dat esouwuel als dreiwend Kraaft als Schäffin bei de Gemeinschaftsgäert um Matgesfeld wéi och bei der Eis Epicerie vun Zolwer, wou hat vun Ufank un och Presidentin wuar. Och als Deputéiert vun déi Lénk sti fir hat déi sozial an ökologesch Froen am Vierdergrond.
Jos PISCITELLI
64 | fonctionnaire d'Etat e.r., conseiller com.
64, Fonctionnaire an der Direktioun vun der Douane e.r., Gemengerot, fréieren Schäffen, Bieles. Als fréiere benevole Gerant an aktuelle Beroder vun der Eis Epicerie Zolwer / Eis Brasserie Boulodrome (sozialen, ökologesche Projet), als fréiere Grënnungspresident vun der Entente vun den Offices sociaux, huet de Jos, Doyen vum Gemengerot, méi wéi genuch Erfarunge gesammelt fir ze verstoen, dass déi noutwendeg nohalteg Transitioun nëmme ka geléngen, wann mer op de Wee vun enger sozialer a solidarescher Ekonomie ginn.
Patrizia ARENDT
61 | chargée de cours e.r., conseillère com.
61, Chargée de cours e.r., Gemengerétin, Suessem. Chancëgläichheet, participativ Demokratie, sozial an ökologesch Grondrechter, dat sinn déi Froen déi d’Patrizia, dat als Chargée de cours an enger inklusiver Ganzdagsschoul geschafft huet, beschäftegen. Ob als Benevole a verschiddene Associatiounen, als Presidentin ff vun der BIGS oder als Gemengeréitin vun déi Lénk, säin Engagement ass ëmmer konsequent, energesch a konstant.
Irina HOLZINGER
40 | bibliothécaire-documentaliste
40, Bibliothekärin an Dokumentalistin, Coordinatrice vun der Sektioun déi Lénk Suessem, Bieles. Wann d’Irina net grad op der Bün sengt oder am Studio ass, dann ass déi geléiert Bibliothekärin op Foren oder op Atelieren ze fannen, wou hat sech fir eng méi participativ Politik asetzt, an sech géint déi geleefeg „Parteipolitik“ wiert. D’Irina reegt sech géint all Aart vun Ongerechtegkeeten op. Déi sozial Bindunge stäerken, Kultur ënnerstëtzen, an all sengen diverse Formen, dat ass dat wat dem Irina säin Engagement ausmëscht: Demokratie liewen a méi lieweg maachen! Dat ass säi Motto.
Pietro BENEDETTI
64 | consultant e.r.
64, Statistiker an Ekonomist e.r., Suessem. De Pietro huet déi Duebelnationalitéit – hien ass Italiener a Lëtzebuerger. Hien ass Militant a Grënnungsmember vun der lëtzebuerger Sektioun vun der ANPI (national Associatioun vun den italieenesche Partisanen). Hien huet laang Joren als Independant bei der Europäescher Kommissioun geschafft. An der Pensioun säit Dräi Joer bleift hie politesch engagéiert an ass Member vun der Internationaler Kommissioun vun déi Lénk an am Comité Pour une Paix Juste au Proche Orient (CPJPO Luxembourg).
Steve BIVER
37 | attaché parlementaire
37, parlamentareschen Assisten, Suessem. De Steve huet Politikwëssenschaft an Ekonomie studéiert a schafft als parlamentareschen Assistent an der Chamberfraktioun vun déi Lénk. Hien vertrëtt déi Lénk Suessem an der Ëmweltkommissioun. Hien beschäftegt sech an éischter Linn mat der sozial-ökologescher Transitioun an der Wunnengspolitik. Besonnesch wichteg sinn him dobäi d'Recht op bezuelbar erneierbar Energie an eng Politik déi Klima- an Ëmweltschutz mat sozialem Fortschrëtt verbënnt.
Mirka COSTANZI
35 | assistante sociale, pédagogue de théâtre
35, Théaterpedagogin, Coordinatrice vu Projete, Zolwer. Zu Lëtzebuerg gebuer, mat italieenesche Wuerzelen huet Mirka fir d'éischt säi Bachelor als „Assistante sociale“ gemaach an ass dunn senger kënschtlerescher Passioun nogaangen. Hat huet eng Ausbildung an der Theaterpedagogik an huet als Independante bei verschiddene sozio-kulturellen Institutioune geschafft. Haut ass d’Mirka Theaterpedagogin bei den  „art de la scène – Rotones“ a Produzentin am pluridisziplinären Artistekollektiv MASKéNADA. Hat ass Member vun der Jugendkommissioun.
Franky GILBERTZ
39 | cheminot
39, Eisebunner, Bieles. Als passionéierte Klengdéierenziichter interesséiert de Franky sech fir de Schutz vun der Natur. Fir hien ass d’Erhale vum genetesche Patrimoine vun de Planzen an den Déieren eng Grondviraussetzung fir d’Biodiversitéit nohalteg ze garantéieren. De Franky ass iwwerzeegt dovunner, dass mir eise Kanner déi Wäerter musse weiderginn a gesäit doranner eng perséinlech edukativ Verflichtung.
Carmen KRIER
36 | vendeuse
36, Verkeeferin, Bieles. D’Carmen schafft schonn iwwert 20 Joer als Verkeeferin an ass Mamm vun zwee wonnerbare Kanner. Gewerkschaftlech organiséiert am OGBL ass hat „Gläichstellungsdelegéiert“ a kennt déi alldeeglech Suerge vun de Léit. Firwat ass hat bei déi Lénk engagéiert? D’Carmen ass eng Persoun, déi Erausfuerderung sicht, nei Erfarunge sammele well. Op jiddwer Fall ass et spannend fir sech kenne konkret op verschiddene Niveau anzebréngen an sech z’engagéieren.
Romy MASSARD-REINERT
61 | infirmière e.r.
61, Infirmière e. r., Zolwer. Als fréier Infirmière a verschiddene Servicer (Urgences, Cardio, Blutanalysen) gehéiert d’Romy zu deene Leit, déi en ganz wichtege Beruff an eiser Gesellschaft ausüben. Haut an der Pensioun, ass d’Romy weider aktiv a verschiddene Veräiner an eiser Gemeng (L.R.I.V., UFL) a beschäftegt sech weider virun allem mat Froen ëm d’Gesondheet an den 3. Alter. Hei si vill Verbesserungen néideg an déi Fleegberuffer misste och méi valoriséiert ginn.
Tania MOUSEL
33 | bibliothécaire-documentaliste
33, Bibliothekärin an Dokumentalistin, Bieles. Tania beschäftegt sech perséinlech a berufflech mat de sozialen Ongläichheete – hat schafft als Bibliothekärin an Dokumentalistin bei der Nationalbibliothéik an huet als Charge soziologesch an ekonomesch Donnéeën ze sammelen. Tania spillt schonn éiweg bei der Zolwer Harmonie a wuar ganz aktiv am Sporting Club Bieles. Hat ass säit 2017 Member bei déi Lénk a vertrëtt se do an der Jugendkommissioun an an der Kommissioun fir Chancëgläichheet an Diversitéit.
Pierre MOUSEL
63 | enseignant e.r.
63, Prof e.r., Bieles. De Pierre, deen haut pensionéiert ass, huet als Informatiker a Chercheur am CRP-CU (haut Deel vum LIST) ugefaangen a war dunn Proff fir Wëssenschaften am Lycée Guillaume Kroll. Haut beschäftegt hien sech mat den Dysfonctionnementer an eisem Wirtschaftssystem, déi um Ursprong vun den Ongläichheeten an eiser Gesellschaft sinn. Hien ass dovun iwwerzeegt, dass d’Léisungen bei der ökologescher Lénker ze siche sinn.
Maria de Lurdes PEREIRA DE AZEVEDO
45 | aide-éducatrice
45, aide-éducatrice, Bieles. Als Duechter vun immigréierten Elteren appreciéiert d‘Maria den Austausch mat Mënschen aus anere Länner a Kulturen. Hat wiert sech géint séi sozial Ongläichheeten an eiser Gesellschaft a besonnesch Suerge maachen him d’Froe vum Logement, der Integratioun, der ökologescher Transitioun an d’Wuel vun de Kanner. D’Maria, wat déi portugisesch Nationalitéit huet, ass ganz frou sech bei déi Lénk z’engagéieren. Hat kandidéiert fir d’éischte Kéier bei déi Lénk fir d’Gemengewalen.
Dany Luis PEREIRA FIGUEIREDO
30 | ingénieur
30, Bauingenieur, Bieles. Den Dany schafft als Ingenieur op der Eisebunn an presentéiert sech fir d’éischte Kéier bei Gemengewalen. Hien well sech resolut fir eng staark Gemeng asëtzen déi den haitegen an zukünftege Bedierfnisser gerecht gëtt. Virun allem interesséiert hien sech fir d’Theme vu Mobilitéit, Urbanismus, nohalteg Entwécklung an Ëmwelt. Senger Meenung kann eng nohalteg Zukunft nëmmen erreecht ginn, wann Experten, Wëssenschaftler an d’Bierger.innen participativ zesummen dorunner schaffen.
Sandra PHILIPPS
50 | employée de l'Etat
50, Staatsbeamtin, Bieles. Politesch interesséiert ass d’Sandra schonn zënter dem Lycée wou säi politescht Bewosstsinn staark vun enger engagéierter Léierin gepräägt ginn ass. Déi Themen déi hatt besonnesch interesséiert, well si hat och direkt uginn, sinn déi aktuell Situatioun vun de Léit mat Behënnerung an vun de Homosexuellen. An deenen zwee Beräicher si nach vill Hürden aus dem Wee ze raumen a nach vill Ongläichheeten ofzeschafen.
Olivier SEYLER
27 | chauffeur-livreur
27, Chauffeur-Livreur, Bieles. Nach ganz jonk huet sech den Olivier bei de Sea Shepherds fir Déiererechter agesat. Hien kandidéiert fir d’éischt bei Gemengewale bei déi Lénk. Hien wënscht sech eng Welt wou méi Solidaritéit a Gläichberechtegung wieren a verurteelt all Zorte vun Diskriminatioun. Hien mech sech Suergen ëm déi sozial an ekologesch Transitioun. Mir hu schliisslech nëmmen eng Äerd ! Den Olivier praktizéiert „Taekwondo“ an hien ass Veganer.
Serge URBANY
71 | juriste e.r., ancien député
71, Jurist e.r., fréieren Deputéierten a Gemengerot, Suessem. Vu Jonkem un ass de Serge politesch engagéiert. Bekannt fir seng Beharrlechkeet war hien u villen Ausenanersetzungen ëm sozial Rechter, Demokratie oder Ëmweltfroe bedeelegt. Mat senger Liewenserfarung well hien zu enger erfollegräicher Erneierung mat enger staarker Lëscht bei de Gemengewalen bäidroen.