Eis Kandidat.inn.en
Lëscht 5

Carole THOMA
32 | ingénieure en ouvrages d'art
Thessy ERPELDING
56 | fonctionnaire communale
Marc BALTHASAR
48 | éducateur gradué
Lamine Oumar BANGOURA
27 | étudiant
Francesco CANONICO
31 | vendeur
FADILA CHÉRIF
53 | aide cuisinière
Vincent COLLIN
54 | salarié
Jean-Yves KIEFER
51 | gestionnaire
Elisabeth LEFÈVRE
36 | secrétaire
David MARQUES
36 | assistant social
Michèle PETESCH
57 | secrétaire médicale
Mara MARTINS
24 | étudiante
Daniel PHILIPPS
59 | fonctionnaire communal e.r.
Catherine RICHARD
47 | chercheuse, réalisatrice
Hadi SAARINEN
29 | graphiste
Tania STAJNAR
49 | salariée
Marco STAWART
54 | salarié
Jos THILL
68 | économiste e.r.
Marion THILL
40 | psychologue
×
Carole THOMA
32 | ingénieure en ouvrages d'art

Ech sinn d’Carole Thoma an hunn 32 Joer. Mäi Liewen hunn ech quasi ganz zu Diddeleng verbruet: an der Schoul, an der Museksschoul a beim Dëschtennis. Wärend mengem Studium zu Kaiserslautern hunn ech ugefaangen, mech politesch z’engagéieren a sinn 2011 fir déi éischte Kéier mat an d’Gemengewale gaangen. Dono hunn ech dat Engagement weidergefouert a si frou, dierfe säit 2015 national Spriecherin vun déi Lénk ze sinn. Mär ass ëmmer méi bewosst ginn, dass an enger Gesellschaft ënnerschiddlech Interêten openeen treffen an ech wëll mäin Deel dozou bäidroen, déi Leit ze vertrieden, déi vun hirer Oarbecht liewen an deenen hier Besoinen oft am Alldag ënnerginn. Dozou gehéiert fir mech och e gewerkschaftlecht Engagement beim OGBL, als Member vun der Chambre des Salariés a Vize-Presidentin vun der lokaler Sektioun vum OGBL. Säit 2018 schaffen ech als Bauingenieurin am Bréckebau, eng Oarbecht déi vill ofverlaangt, mä mer immens Spaass mécht. Wa mer wëllen d’mobilité douce fërderen, da brauche mer eng anstänneg Infrastruktur a sécher Vëlosweeër- an do däerf ech all Dag mat druschaffen. A menger Fräizäit liesen ech gär oder verbrénge meng Zäit an der Sportshal. Säit 25 Joër sinn ech Member beim Dëschtennis Diddeleng a vertrieden de Veräin och bei der FLTT als nationalen Arbitter. Diddeleng ass eng flott Stad, an ech kinnt mer net virstellen, enzwousch anescht ze liewen. Mä ech fannen et problematesch, dass eng Partei quasi säit dem 2. Weltkrich hei eleng d’Soen huet. Esou eng Elengherrschaft ass ni gutt, virun allem net fir d’Demokratie an Transparenz. Iddien aus der Oppositioun ginn automatesch ofgeblockt, ouni konkret dorop anzegoen. Ech wëll mech dofir asetzen, dass zu Diddeleng endlech méi bezuelbare Wunnraum geschaf gëtt an et méiglech gëtt, mam Vëlo sécher vun A op B ze kommen. Dofir brauch et och emol Courage fir kloer Decisiounen ze huelen. Ech si prett.

Thessy ERPELDING
56 | fonctionnaire communale

Ech sinn d‘Thessy Erpelding, hu 56 Joer an 2 erwuesse Kanner. Ech si Gemengebeamtin bei der Stad Lëtzebuerg a Member vum Diddelenger Gemengerot. Ech sinn Diddelengerin, hei gebuer, hei an d’Schoul an an de Sport gaangen. Meng Groussmamm wuar Italienerin an ech hunn en déckt Stéckt vun hierem Temperament geierwt. A menger Fräizäit liesen ech vill, gi gär spadséieren a wanderen a beim Fussballkucken, kann ech esou richteg ofschalten. 17 Joer laang hunn ech bei der Diddelenger Gemeng geschafft. Ech wuar wärend 12 Joer d’Sekretärin vun der Musekschoul, wat mer vill Spaass gemaach huet, virun allem, well ech de Kontakt mat de Schülerinnen a Schüler, sou wéi och mat hiren Elteren immens gären hat. Dono hunn ech 5 Joer am Biergeramt geschafft, wou och erëm de Kontakt mam Bierger mer immens lung an e gudde perséinleche Service mer wichteg wuar.  2019 hunn ech bei eng aner Gemeng gewiesselt an am Oktober 2020 sinn ech duerch d’Rotatioun, déi déi Lénk applizéieren, an de Gemengerot komm.  Als eent vu 19, ganz eleng fir déi Lénk, ass dat schonn eng grouss Erausfuerderung a verlaangt mer vill Zäit an Energie of. All eenzelnen Dossier muss ech kennen, fir kënne mat guddem Gewëssen an am Sënn vun all den DiddelengerInnen ofzestëmmen. Ech sinn der Meenung, dass déi 19 Memberen am Gemengerot sollten zesummen am Sënn vun den Diddelenger Biergerinnen a Bierger schaffen. Dofir setzen ech mech fir eng reell Transparenz an allen Dossieren an, déi awer leider net ëmmer vun der aktueller Majoritéit garantéiert ass. D’Oppositiounsmemberen gi net ëmmer alles gewuer, och wa ganz vill hannerfrot gëtt an ganz oft gi mer viru fäerdeg Tatsaachen gesat, déi mer just sollen ofnicken a matstëmmen. Eng gesond Zesummenaarbecht baséiert sech awer drop, dass Jiddereen um selwechte Stand vun den Informatiounen ass. Natierlech leie mer och besonnesch déi sozial Dossieren um Häerz an ech sinn der Meenung, dass eis Gemeng nach vill méi aktiv misst ginn am Beräich vum bezuelbare Wunnraum. Ech engagéieren mech bei déi Lénk, well dat déi eenzeg sinn, déi sech nach wierklech och fir déi Leit asetzen, deenen et net esou gutt geet, déi schaffe ginn an awer net genuch hu, fir ze liewen an déi sech, ënner anerem, keng geeegent Wunneng kënne leeschten.

Marc BALTHASAR
48 | éducateur gradué

Ech sinn de Marc Balthasar, hunn 48 Joer, si säit 10 Joer bestuet an hunn 2 Kanner (8 an 10 Joer).

Ech si viru 16 Joer op Diddeleng wunne komm, deemools, wéi een sech nach en Haus hei leeschte konnt.

Nodeems ech 7 Joer laang op der Bourse geschafft hunn, hunn ech mat 29 Joer den Ofschloss vum Éducateur gradué gemaach. Dono hunn ech a verschiddene Foyeren fir Kanner a Jugendlecher geschafft. Elo schaffen ech fir d’Stëmm vun der Strooss am Foyer du Jour zu Esch, wou ech all Dag matkréien, wat et heescht oarm ze sinn a keen Dag iwwer dem Kapp ze hunn. Ech begéinen do och Leit, déi schaffen, déi sou wéineg verdéngen, dass et praktesch onméiglech ass, eng adequat Wunneng ze fannen.

Fréier hunn ech Basket gespillt um Gréngewald an zu Ettelbréck. Elo sinn ech Arbitter fir den T71.

Ech fuere gär mam Moto an esou oft et geet, ginn ech op eis wonnerschéin Haard en Tour mam Vëlo maachen.

Bei déi Lénk Diddeleng sinn ech säit 3 Joer engagéiert. Fir mech ass dat déi eenzeg Partei, déi menge Virstellungen vun enger méi gerechter Gesellschaft am nooste steet.

Ech hunn eng Kaz.

Lamine Oumar BANGOURA
27 | étudiant

Ech sinn de Lamine Oumar Bangoura an hu 27 Joer. Ech hunn e Bachelor am Droit a studéieren elo „Études parlementaires“ op der Uni Lëtzebuerg. Ech sinn aktive Member vun der Association Luxembourgeoise pour le Dialogue Interculturel (ALDIC), an där ech Co-Responsable sinn vum politesche Projet fir d’Bedeelegung, mam Zil fir déi auslännesch Matbierger ze sensibiliséieren, sech op d’Wielerlëschten anzeschreiwen. Mäi léifstent Hobby ass de Sport an a Parke spadséiere goen, well ech gär am direkte Kontakt mat der Natur sinn. Mäin Engagement an der Politik ass motivéiert doduerch, dass ech mech ëmmer gär an de Service vun deenen Anere gesat hunn. Ech wëll mat mengem Wëssen der Gemeng hëllefen, verschidde Problemer ze léisen, déi verbonne sinn mat der Wunnengskris, der ekologescher Transitioun, der Mobilitéit. Ech wëll mech awer virun allem abréngen, fir dass méi jonk Leit duerch verschidde Projeten an déi lokal Decisioune mat agebonne ginn, wat och besser fir eis Demokratie wär.

Francesco CANONICO
31 | vendeur

Ech sinn de Francesco Canonicoan hunn 31 Joer. Ech si Verkeefer a Personaldelegéierte vum OGBL am Geschäft, wou ech schaffen, an ech sinn Therapeut. D’Fotografie ass meng Leidenschaft. Ech si vun italieenescher Ofstamung a wunne scho mäi ganzt Liewen zu Diddeleng. Ech verurteele sozial Ongerechtegkeeten an ech intresséiere mech haaptsächlech fir d’Integratioun, fir déi ekologesch Transitioun, fir de Logement a fir d’Wuelsinn vun de Leit.

FADILA CHÉRIF
53 | aide cuisinière

Ech sinn d’Fadila Chérif, hunn 53 Joer an 2 Kanner.

Vincent COLLIN
54 | salarié

Ech sinn de Vincent Collin an hu 54 Joer. Ech si President vun der Personaldelegatioun (OGBL) bei Guardian zu Käerjeng a Member vum Komité an der Chambre des Salariés. Als Diddelenger Kandidat vun déi Lénk an als Personaldelegéierten an der Industrie läit mär ganz vill um Industriestanduert Diddeleng. Säit ëmmer ass e Stéck Industrie zu Diddeleng doheem, mee déi läscht Joren ass et zu ville Sozialkonflikter an der Industrie zu Diddeleng komm. Guardian, déi hiert Wierk zu Diddeleng zougemaach hunn. Liberty Steel, wou säit Joren Salariéen net wëssen, wéi et weider geet. Eurofoil, déi de Sozialdialog mat Féiss getrëppelt hunn. A säit kuerzem Husky, déi 155 Plaze wëllen ofbauen. An elo ass och nach John Zink dobäi komm, déi wëlle Leit entloossen. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass eis Gemeng sech fir den Industriestanduert Diddeleng stoark mécht an de Sozialdialog an de Betriber ënnerstëtzt.

Jean-Yves KIEFER
51 | gestionnaire

Ech sinn de Jean-Yves Kiefer an hunn 51 Joer. Op der Kandidatelëscht vun déi Lénk engagéiert ze sinn, ass virun allem e Choix vun Oppositioun. Oppositioun zu enger Partei, déi zu Diddeleng ze laang un der Muecht ass. Wien Oppositioun seet, seet Propositiounen. D’Propositioun fir sozial Gerechtegkeet duerch d'Schafe vun neie Wunnengen, déi fir jiddereen zougänglech sinn. D’Propositioun fir eng fair a gerecht Politik zum Waasser, dat eng esou wichteg natierlech Ressource ass. Schlussendlech eng Propose fir Transparenz, fir datt d’Bierger d’Budgeten, déi deene verschiddenen Aarbechtsprojeten zougedeelt ginn, ukucken a sech iwwert hir Relevanz ausdrécke kënnen. Ouni de Klimanoutfall ze vergiessen an ëmmer den ökologeschen Impakt am Kapp ze halen, deen eis zukünfteg Entscheedunge kënnen hunn.

Elisabeth LEFÈVRE
36 | secrétaire

Ech sinn d’Elisabeth Lefèvre an hu 36 Joer. Ech si Sekretärin an am Moment këmmeren ech mech ëm den Haushalt a meng 2 Kanner. Ech wunne säit 2018 zu Diddeleng. A menger Fräizäit liesen ech Bicher, maache Musek (hu Solfège, Piano a Gesang am Conservatoire an der Stad geléiert) a schreiwen. Ech gi gären trëppelen a rafen ënnerwee Knascht op, deen aner Leit dohi gehäit hunn. Ech intresséiere mech fir Politik, well ech mer bewosst sinn, dass d‘Zivilisatioun och ëmmer Koordinatioun brauch an et ass net egal, ob wéi eng Manéier dass dat soziaalt Zesummeliewe gereegelt gëtt. Ech si Kandidatin, well ech spieren, dass elo e gudde Moment ass, fir meng Zäit an Energie an den Déngscht vun der Ëffentlechkeet ze stellen. Ech wëll mech fir eng transparent Kommunikatioun asetzen an dofir, dass d'Politik hir Decisiounen am Hibléck zum Wuel vun der ganzer Bevëlkerung trëfft. Méi soziale Wunnraum, e gestaffelte Waasserpräis an eng beschtméiglech Educatioun fir all Mënsch.

David MARQUES
36 | assistant social

Ech sinn den David Marques an hu 36 Joer. Meng verschidde Funktiounen a mengem Beruffsliewe sinn: Sozialbetreier – Chargé fir Integratiounsprojeten, Delegéierten fir d’Chancegläichheet tëschent Fraen a Männer, Member vum Expertencomité iwwer déi interkulturell Integratioun vun de Migranten (Conseil de l’Europe).

Michèle PETESCH
57 | secrétaire médicale

Ech sinn d’Michèle Petesch, hu 57 Joer an 3 erwuesse Kanner.

Mara MARTINS
24 | étudiante

Ech sinn d’Mara Martins an ech hu 24 Joer. Ech studéieren op der Uni Lëtzebuerg Sciences de l’Éducation. Vu klengem un engagéieren ech mech fir méi eng nohalteg a fair Welt, an dat an de Scouten, an enger aktivistescher asbl a säit 2017 och bei déi Lénk. Mir ass dat wichteg, datt mir als Gesellschaft öko-sozialistesch handelen an net nëmmen un eist eegent Wuel denken!  Et ass wichteg, deene Leit Gehéier ze schenken, déi soss net wouer geholl ginn.  Als jonke Mënsch fäerten ech ëm meng Zukunft an d’Zukunft vu menge Matbierger*innen; wann et esou weider geet, wäert ech ni eng Wunneng fannen, d’Biodiversitéit degradéiert sech an d’Liewenskonditiounen op der Äerd ginn onerdrobar.

Daniel PHILIPPS
59 | fonctionnaire communal e.r.

Ech sinn den Daniel Philipps an hu 59 Joer. Ech si pensionéierte Gemengebeamten. Mäin Hobby ass d'Bastele mat Militärmaquetten. Ech si Kandidat, wëll ech mech vu Jugend un fir d'Politik interesséiert hunn an d'Iddien an d'Revendicatioune vun déi Lénk deelen. Ech wäert mech asetze fir eng sozial gerecht, progressiv an eko-sozialistesch Gesellschaft.

Catherine RICHARD
47 | chercheuse, réalisatrice

D'Catherine Richard huet 47 Joer a wunnt zanter 2010 zu Diddeleng. Sief et an hirer Aarbecht als Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg oder als Dokumetarfilmmacherin, huet si sech mam Thema Integratioun a Migratioun  beschäftegt. Et ass selbstverständlech, datt duerch hire perséinlechen Hannergrond an duerch hir Fuerschung, d‘Catherine sech vill fir d‘Realitéite vun Awunner mat auslännescher Hierkonft interesséiert. Si ass 2010 op Diddeleng komm, e bëssen zoufälleg, mee heiansdo mécht den Zoufall d'Saache richteg an si huet sech an dëser Stad ganz séier wuelgefillt. Diddeleng huet si mat senger Offenheet, senger Séil vum Süden, senger Vergaangenheet - Deel vun der Migratiounsgeschicht vum Land, senger Natur a senger frëndlecher Bevëlkerung verféiert. Si kann sech och fir di kulturell a sportlech Infrastrukturen vun der Stad begeeschteren, déi si dacks besicht. Diddeleng ass hier un d‘Häerz gewuess a si huet decidéiert, sech bei déi Lénk ze mellen, well déi Lénk an hiren Aen op der lénker Säit wichteg Problemer uginn a sech voll asetzen fir déi, déi dat am meeschte néideg hunn. D’Themen, déi hir besonnesch um Häerz leien, sinn d’Integratioun an d’Recht op eng anstänneg Wunneng fir jiddereen.

Hadi SAARINEN
29 | graphiste

Den Hadi Saarinen ass en onofhängege Grafiker, Web- a Motion-Designer an wunnt zanter 2016 zu Diddeleng. An deene läschte Joren  huet hien eng déif Verbindung mat der Stad Diddeleng entwéckelt. Wärend hie gesäit, datt et ënnert der Sonn vun  Diddeleng gutt leeft, mengt hien, datt et ëmmer nach Plaz fir Verbesserung gëtt, an datt verschidden Themen ënnert der Uewerfläch laueren a schonn ugefaange hunn sech z'entwéckelen, wéi d‘Wunnengsnout, d‘Aarbechtsonsécherheet, d'Verméigensdifferenzen an d'Klima.

Tania STAJNAR
49 | salariée

Ech sinn d’Tanja Stajnar, ech hu 49 Joer an 2 erwuesse Kanner. Ech schaffen als Salariée an engem Geschäft an sinn an deem Betrib och an Personaldelegatioun engagéiert. A menger Fräizäit beschäftegen ech mech mat mengen Déieren an gi gären ënner d’Leit.

Marco STAWART
54 | salarié

Ech sinn de Marco Stawart, hu 54 Joer an ech schaffe bei Arcelor-Mittal. Ech si säit iwwer 15 Joer bei déi Lenk engagéiert an et ass déi Partei, déi mir am nooste steet an déi Wäerter vertrëtt, déi och mir um Häerz leien. Meng Hobbyen si Fotographie a Musek. Ech befaasse mech och säit iwwer 20 Joer mat de Sujeten Ëmwelt a nohalteger Energie. Ech si viru 5 Joer aus der Stad op Diddeleng geplënnert a ka mir net virstellen, hei fort ze goen, well ech hu mäin Häerz un Diddeleng an seng sympathesch Matbierger verluer. Ech sinn als Kandidat dobäi well et ëmmer eppes méi ze maache gëtt z.b. am soziale Beräich oder am Wunnengsbau. Mir mussen all eng Perspektiv hunn an eng Zukunft, déi mir all zesumme gestalte kennen.

Jos THILL
68 | économiste e.r.

Ech sinn de Jos Thill an hunn 68 Joer. Ech si pensionéierten Ekonomist, Papp vun 3 erwuessene Kanner, Member vum OGBL, vun der ASTI a vum Aktiounscomité géint Atomkraaft, a Grënnungsmember vum Welt-Buttek Diddeleng. Ech sinn engagéiert an e puer Fotovoltaik-Projeten an an engem Projet vu Gestion locative sociale. Ech war 23 Joer laang Fussballarbitter fir den F91 an an deenen 2 leschte Perioden Member vum Diddelenger Gemengerot. Am Wichtegsten ass mer, datt prioritär d'Situatioun vun deene Leit verbessert gëtt, deenen et net esou gutt geet, an datt alles ënnerholl gëtt, fir de Gruef tëschent Aarm a Räich méi kleng ze maachen.

Marion THILL
40 | psychologue

Ech sinn d’Marion Thill, Mamm vun 3 Kanner. Vu Beruff sinn ech Psychomotricienne a Psycholog. Ganz besonnesch läit mir um Häerz, datt mir eng Schëpp bäileeën, datt eis Kanner net all d’Sozial- an Ëmweltproblemer kläre mussen, déi mir stoe gelooss hunn. Et ass wichteg fir eis Kanner, mee och scho fir vill Persoune vun haut, virzeliewen datt et elo scho méiglech ass e méi gerecht an ëmweltfrëndlecht Zesummeliewen opzebauen.