Eis Kandidat.inn.en am Norden
Lëscht 5

Madeleine Mireille Abega Ngoton
46 | aide aux soins | Hoscheid
Pascal Alff
40 | salarié | Wiltz
Mireille Folschette
46 | conseillère syndicale | Warken
Opalia Gara
32 | assistante sociale | Feulen
Esin Göksoy
30 | étudiante | Bettendorf
Yannick Jacques
46 | fonctionnaire communal | Niederfeulen
Ben Kobs
25 | étudiant | Bigonville
Ludivine Carmen Sara Aïcha Passau
40 | salariée | Hupperdange
Nico Schannel
66 | retraité | Bettendorf
×
Madeleine Mireille Abega Ngoton
46 | aide aux soins

46 ans, luxembourgeoise, célibataire et vivant à Warken

Conseillère syndicale dans le secteur du nettoyage, membre du comité du département des femmes Equality, secrétaire de la section VSE.

Engagements principaux : le bien-être de tous les salariés au Luxembourg, l’égalité des femmes, l’injustice entre riche et pauvre et la protection des animaux.

Intérêts : Politique nationale et internationale, histoire, animaux

Pascal Alff
40 | salarié

Pascal Alff, besser bekannt ënnert mengem Kënschtlernumm «De Pascal vu Wooltz» si säit bal 20 Joër musikalesch ënnerwee. Iwwert 500 Concerten hunn ech schonn um Bockel. Ech sinn och am Comité vum Syndicat d’Initative zu Wooltz. Ech setze mech och vill an, och am Ausland, fir d’Integratioun vun auslännesche Matbierger an d’Akzeptanz vun jidderengem an der Gesellschaft. 

Mireille Folschette
46 | conseillère syndicale

Ech si 46 Joer al, Lëtzebuergesch, Single a wunnen zu Warken. Ech si Gewerkschaftsberoder am Botzberäich, Member vum Comité d'égalité des femmes, Sekretär vun der Sektioun VSE. Meng Haaptengagementer sinn: Wuelbefanne vun alle Salariéen zu Lëtzebuerg, Gläichberechtegung fir Fraen, Ongerechtegkeet tëscht Aarm an Räich an Déiereschutz. Interessen: National an international Politik, Geschicht, Déieren.

Opalia Gara
32 | assistante sociale

Mäin Numm ass Opalia Gara, ech hunn 32 Joer a wunnen zu Feelen. Ech sinn an gepacst mat mengem Partner an ech hunn zwee Muppen. Ech sinn eng Sozialaarbechterin mee ech hunn och laang als Educatrice geschafft. Ech begleeden, ënnerstëtzen a versichen deene vulnerabele Leit an eiser Gesellschaft zanter 10 Joer ze hëllefen. Ech hunn och eng Passioun fir Muppen an hiert Verhalen.

Esin Göksoy
30 | étudiante

D’Esin Göksoy huet 30 Joer, wunnt zu Bettenduerf an ass Sozialwëssenschaftlerin. Hat huet een B.A. an der Soziologie/Philosophie an een M.A. an der Interkultureller Kommunikatioun. Zënter 2019 fuerscht hat fir säin Ph.D. zu den Theme Migratioun, Rassismus an sozial Ongläichheeten. Hat huet op den Universitéiten zu München an zu Graz als Dozentin geschafft sou wéi och Antirassismus-Traininge gehalen.

Yannick Jacques
46 | fonctionnaire communal

46 Joer, Lëtzebuerger, wunnen zu Nidderfeelen a stame vu Pärel. Gemengebeamte bei der Stad Lëtzebuerg säit 2004. Ech war Vizepresident vun der Gewerkschaft FNCTTFEL-Landesverband an och President vun hirem Sekter Ëffentlechen Déngscht. Ech war Personalvertrieder an der Beamten Delegatioun vun der Stad Lëtzebuerg an Member vun der commission centrale am Ministère de l’Interieur. 2013 war ech Kandidat fir d’Chamberwale fir déi Lénk am Zentrum.

Ben Kobs
25 | étudiant

De Ben Kobs huet 25 Joer, ass vu Bungeref, an huet grad säi Master an de Neie Medien an Digitale Kulturen zu Amsterdam oofgeschloss. Als jonk Persoun ass et him wichteg souwuel un enger sozialer wi och enger ökologesch nohalteger Zukunft ze schaffen. Dat ass nëmme méiglech wann d’Problemer vu muer - sief et d’Klimakriis, d’Gestaltung vun eise Liewensräim, d’Zukunft vun Aarbescht a Logement - un de Wuerzele bekämpft ginn, an den Accés un Ressourcen gläichmässeg verdeelt ass.

Niewt sengem politeschen Engagement ass de Ben extrem kulturbegeeschtert. Vu Film a Musik, iwwer Konscht a Literatur verbrengt hee seng Zäit gäeren a kreative Welten. Awer och d’Natur läit him um Häerzen, mat der eng oder aanerer Wanderung ronderëmt de Stau."

Ludivine Carmen Sara Aïcha Passau
40 | salariée

Hallo, mäi Numm ass Ludivine, ech sin 40 Joër jonk, glécklech bestued, wunnen zu Hëpperdang (Gemeng Cliärref) mat menger wonnerléiwer Fra, a schaffen am Bënzelter Musée.

 Zu mengen Hobbien ziëlen 3D Holzpuzzle bauen, liësen, gudd iëssen, a Sproochen léieren. Fir de Moment probéieren ech déi Sproochen déi ech geléiert hunn ze perfektionnéieren, an dann Finnësch rem vu vir ufänken.

Meng Fra an ech liëwen nom Motto, dass souwäit mir et kënnen, mir an den klengen Buttéker akaafen, an och probéieren souvill et geet lokal anzekaafen an z’iëssen. Mäin Défaut: Ech zéien mech virum Spadséieren goen, awer daat soll ech och nach probéieren unzepaaken.

Nico Schannel
66 | retraité