Eis Kandidat.inn.en am Süden
Lëscht 5

Marc Baum
45 | acteur, conseiller communal, ancien député | Esch/Alzette
Carole Thoma
32 | Ingénieur en ouvragees d'art,conseillère communale, membre de la CSL | Dudelange
Gary Diderich
40 | conseiller à l'intégration, conseiller communal | Differdange
Line Wies
35 | attachée parlementaire | Esch/Alzette
Patrizia Arendt
62 | chargée de cours e.r. | Sanem
Samuel Baum
29 | assistant social | Esch/Alzette
Laurent Biltgen
51 | instituteur | Esch/Alzette
Nina Biren
31 | coordinatrice des volontaires | ESch/Alzette
Myriam Cecchetti
57 | Institutrice I-EBS, députée, conseillère communale | Sanem
Aldin Civovic
33 | Instructeur de natation | Schifflange
Sonia Da Silva Neves
46 | déléguée syndicale libérée, membre CSL | Pétange
Thessy Erpelding
57 | fonctionnaire communal | Dudelange
Sofia Fernandes Duarte
39 | Kinésithérapeute | Hobscheid
André Filipe Marques Pereira
28 | Historien | Bettembourg
Mara Martins
24 | étudiante | Dudelange
Tania Mousel
33 | Bibliothécaire | Belvaux
Ben Muller
25 | Etudiant | Rodange
Linda Ortolani
44 | pédagogue | Esch/Alzette
Jos Piscitelli
65 | fonctionnaire d'Etat e.r. | Belvaux
Fiorella Spada
60 | Bibliothécaire | Differdange
Andrea Spigarelli
43 | Comseiller syndical | Schifflange
Alija Suljic
27 | salarié | Kopstal
Eric Weirich
39 | coordinateur de projet | Differdange
×
Marc Baum
45 | acteur, conseiller communal, ancien député

De Marc Baum huet 45 Joër a schafft als onofhängege Schauspiller a Regisseur, an ass aktive Member vum Theaterkollektiv Independent Little Lies. Hien ass Grënnungsmember vun déi Lénk an huet si vun 2008-2014 a vu 2017-2020 am Escher Gemengerot vertrueden. Zanter de Gemengewalen vum Juni ass hien nees Gemengerot. Vun 2016-2021 woar hien Deputéierten an der Chamber. Gewerkschaftlech ass hie beim OGBL aktiv.

Carole Thoma
32 | Ingénieur en ouvragees d'art,conseillère communale, membre de la CSL

D'Carole huet 32 Joër a schafft als Bauingenieurin. Hatt kënnt vun Diddeleng an ass och säit de leschte Wahlen do am Gemengerot vertrueden. Säit 2015 ass et doniewt Co-Spriecherin vun déi Lénk. D'Carole gesäit säi politescht Engagement virun allem en vue vun der Bekämpfung vun de wuessenden sozialen Ongläichheeten. Hatt ass och gewerkschaftlech engagéiert a Member vun der Chambre des Salariés.

Gary Diderich
40 | conseiller à l'intégration, conseiller communal

De Gary Diderich huet 40 Joer an ass Papp vun zwee Kanner. Mat 16 Joer ass heen aktiv ginn bei der Jugend vum Mouvement écologique. Hien huet Philosophie studéiert an 2002 4motion asbl. gegrënnt wou heen spéider, bis 2017, un Bildungsprojeten geschafft huet fir de soziale Wandel z’ennerstëtzen. 2019 huet heen bénévole bei LIFE „de WG Projet“ lancéiert fir abordabel an kooperativ Wunnformen ze schafen. Den Gary schafft als Integratiounsberoder an de Gemengen déi den Pakt vum Zesummeliewen ennerschriwen hunn. Zënter 2016 ass heen Co-Spriecher vun déi Lénk an aktuell Gemengeconseiller zu Déifferdéng. 

Line Wies
35 | attachée parlementaire

D’Line Wies huet 35 Joer. Hat ass zu Esch an der Uelzechtstrooss opgewuess. 6 Joer laang wuar hat Escher Gemengeréitin a schafft säit 2017 als parlamentaresch Mataarbechterin an der Chamberfraktioun vun déi Lénk. Nieft sengem Job a sengem politeschen Engagement schafft d’Line un der Inszenéierung vun engem Theaterstéck. Hat ass bei déi Lénk well nëmmen d’Iddien an d’Visioune vun déi Lénk engem Loscht op d’Zukunft maachen.

Patrizia Arendt
62 | chargée de cours e.r.

Chancëgläichheet, participativ Demokratie, sozial an ökologesch Grondrechter, dat sinn déi Froen déi d’Patrizia, dat als Chargée de cours an enger inklusiver Ganzdagsschoul geschafft huet, beschäftegen. Ob als Benevole a verschiddene Associatiounen, als Presidentin ff vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem oder als fréier Gemengeréitin vun déi Lénk, säin Engagement ass ëmmer konsequent an energesch. Kooperative Intelligenz und solidarisches Handelen si méi wéi je gefrot wa mer déi sozial an ekologesch Kris wëllen iwwerwannen – an dat ouni ouni Kompromisser.

Samuel Baum
29 | assistant social

De Samuel Baum, huet 29 Joer, ass gebiertegen Escher a vu Beruff Sozialaarbechter. No de Gemengewalen zu Esch kandidéiert hien och fir d'Chamberwalen. An onsécheren Zäiten, muss een duerch konsequent Léisungen d’Mëttelschicht an déi äermst vun eiser Gesellschaft entlaaschten. D’Haaptprioritéite si fir hien de Kampf géint d'Wunnengskris an eng nohalteg, sozial cibléiert Klimapolitik.

Laurent Biltgen
51 | instituteur

De Laurent Biltgen ass 51 Joer al, huet 3 erwuesse Kanner a wunnt zu Esch.

Als Schoulmeeschter zu Esch an zu Éilereng, an och nieweberufflech huet hien sech ëmmer fir Pedagogik intresséiert a sech fir eng inklusiv Schoul agesat, wou d’Kand am Mëttelpunkt steet. Dëst huet hien a verschiddene Schoulprojeten an och als Grënnungsmember vum GLEN (Groupe luxembourgeois d’éducation nouvelle) ëmgesat.

Säit 1999 ass hien als Member bei déi Lénk. Hie war vun 2014 bis 2017 a vun 2020 bis 2023 Gemengerot zu Esch.

Hien huet e grousst Interessen u Konscht a Geschicht. Hien ass Sekretär vun den Escher Geschichtsfrënn.

Seng Fräizäit verbréngt hien a sengem Goart oder bei ausgibege Spadséiergäng mat sengem Hond an der Escher Natur.

Nina Biren
31 | coordinatrice des volontaires

Zu Esch-Uelzecht gebuer a grouss ginn, do fillt sech d Nina Biren wuel. Och wann hat sechs Joer am Ausland geschafft a studéiert huet, vill gereest ass, sou koum et schlussendlech erëm zeréck bei d Famill a Frënn op Lëtzebuerg Heem. Ufangs huet et mat aneren Läit nach an enger Wunngemeinschaft gewunnt an huet sech mat Aktiounen ronderëm der Logementspolitik zu Esch staark gemaach. Dunn ënnerhalb vun zwee Joren ass hat dunn Mamm vun zwee Kanner ginn, huet en Master Studium op der Uni Lëtzebuerg am edukativen an sozialen Beräich ofgeschloss an ass der Aarbecht als Coordinatrice vun de Fräiwëllegen beim Radio nogaangen. Mat 30 Joer Mamm vun engem Meedchen an engem klengen Bouf ginn ze sinn, domat hunn sech och d Prioritéiten an d Interessi vun him erweidert. Soumat huet hat sech méi mat den Themen aus der Famillen- an Bildungspolitik auserneegesat. "Den Choix ze hunn, entweeder Doheem bei den Kanner ze bleiwen oder schaffen wëllen ze goen, dat ass mäin Ziel fir all d Elteren hei a dësem Land. Eng finanziell Stäip pro Mount an och mi spéit mat Pensiounsjoren ofgeséchert ze sinn, do wëll ech hin!“ 

Myriam Cecchetti
57 | Institutrice I-EBS, députée, conseillère communale

Myriam est connue pour son grand engagement écologique qu’elle n’a jamais dissocié de sa sensibilité sociale. C’est ainsi qu’elle a été dans sa fonction d’échevine de la commune de Sanem la cheville ouvrière des jardins communautaires au Matgesfeld à Belvaux ainsi que de Eis Epicerie Zolwer & Eis Brasserie Metzerlach, dont elle assure dès le début la présidence. Comme députée de déi Lénk, Myriam s’engage entre autres aussi pour toutes les questions sociales et écologiques.

Aldin Civovic
33 | Instructeur de natation
Sonia Da Silva Neves
46 | déléguée syndicale libérée, membre CSL

Sonia est présidente et déléguée libérée d’une délégation du personnel dans le commerce de mode. Sonia est vice-présidente du syndicat Commerce de l’OGBL, présidente national du département des Immigrés de l’OGBL, vice-présidente de la section Kordall de l’OGBL, membre du comité national de l’OGBL, elle est également engagée au sein de l’ONG OGBL Solidarité Syndicale et membre effective de la Chambre des salariés. 

En dehors de son engagement syndical Sonia est aussi sophrologue indépendante et vice-présidente du club de gymnastique " La Courageuse  Pétange ".

A travers ses différentes fonctions et son engagement syndical, Sonia est aussi mère célibataire de trois enfants. Elle défend des valeurs qui lui sont chères comme, la solidarité, l’intégration, l’inclusion, l’égalité et la justice sociale. Ce sont ces thèmes qui lui tiennent à cœur. 

Thessy Erpelding
57 | fonctionnaire communal

Mamm vun 2 erwuessene Kanner. Säit 2011 engagéiert hat sech aktiv bei déi Lénk, op nationalem Niveau als Tresorière an op kommunalem Niveau als Koordinatrice vun der Diddelenger Sektioun, déi him um Häerz läit. Als Gemengerotsmember huet hatt sech ënner anerem fir Transparenz a Biergerbedeelegung a fir méi ëffentlechen a bezuelbare Wunnraum agesat.

Sofia Fernandes Duarte
39 | Kinésithérapeute

J’ai 39 ans, suis née au Luxembourg de parents portugais, j’habite à Hobscheid et j’ai un petit garçon. Je suis licenciée en kinésithérapie à Coimbra (Portugal) et depuis je travaille chez Service Moyens Accessoires (SMA). Je suis membre du comité de la Stengeforter Musek et secrétaire chez Mieterschutz asbl. Je milite aussi chez Rise for Climate et j’ai initié un collectif citoyen et jardin communautaire à Hobscheid.

André Filipe Marques Pereira
28 | Historien

Ech sinn fräischaffenden Historiker spezialiséiert am 2. Weltkrich wou ech iwwer Kollaboratioun an d’Verfolgung vun den Afro-Lëtzebuerger fuerschen. Ech sinn niewebäi als Sekretär fir „Frënn vum Resistenzmusée“ aktiv an e Member vun den Beetebuerger Geschichtsfrënn. Ech interesséieren mech donieft och fir d’Mobilitéit an fir méi mënschefrëndlech Stied.

Mara Martins
24 | étudiante

Ech sinn d’Mara Martins, eng 24 Joer al Studentin aus Diddeleng. Säit 2017 sinn ech en aktive Member bei déi Lénk, war 2017 an 2023 Kandidatin an de Gemengewalen an 2019 an den Europawalen. Och ausserhalb vum politeschen Aktivismus war ech mäi Liewe laang an ganz ënnerschiddleche Beräicher (Benevolat, Ëmwelt, Mënscherechter, Queer-Rechter, Musék, asw.) Mir war et ënnert anerem schonn ëmmer wichteg, denen eng Stëmm ze ginn, déi se leider an eiser Gesellschaft net kréien.

Tania Mousel
33 | Bibliothécaire

D’Tania ass 1990 gebuer an zu Bieles grouss ginn. Seng Studien am Commerce huet et e bessen iwwerall an der Welt gemaach, vu Frankräich a Russland, Wales an Italien. 2017 huet et dunn bei der BnL ugefaang. Säit et 8 Joer huet, ass hatt am Conservatoire ageschriwwen an huet divers Kueren geholl. Och haut ass et nach Member vun der Brass Band Esch. 2017 ass et de Lénke bäigetrueden, firun allem wéint hirer antikapitalistescher Astellung.

Ben Muller
25 | Etudiant
Linda Ortolani
44 | pédagogue

Linda Ortolani, 44 ans, travaille comme enseignante au régime préparatoire. L’Eschoise est mère de 3 enfants avec lesquels elle passe beaucoup de temps dans le jardin participatif de Lallange, car l’entraide, le dialogue interculturel et intergénérationnel et la préservation de l’environnement sont des sujets qui lui tiennent à cœur. En tant que membre du CA de Transition Minett, Linda s’intéresse particulièrement à la participation citoyenne, la transition écologique, l’écoféminisme ainsi qu’à la lutte contre le déclin de la justice sociale et écologique.

Jos Piscitelli
65 | fonctionnaire d'Etat e.r.

 Son expérience entant qu’ancien gérant bénévole et actuel consultant du projet social, écologique et de réinsertion à l’emploi - Eis Epicerie Zolver / Eis Brasserie Boulodrome - et comme ancien président fondateur de l’Entente des Offices sociaux, ont montré à l'ancien doyen du conseil communal de la commune de Sanem la nécessité d’un mouvement de transition plus vaste en direction d’une économie sociale et solidaire. La politique du logement abordable est un autre champ de bataille de Jos.

Fiorella Spada
60 | Bibliothécaire
Andrea Spigarelli
43 | Comseiller syndical

Main Numm ass Andrea Spigarelli, wunnen zu Schëffleng seit 2007, sinn 43 joer aal, schaffen als Conseiller Syndical an sinn bestued an papp vun 2 Kanner. 

Sinn seit 2017 Member bei Déi Lénk an konnt 2018 meng éischt Erfahrung bei den Chamberwalen materliewen. 2023 duerft ech dann och mat an den Gemengenwalen zu Schëffleng matgoen wou mer en historescht Resultat konnten  erreechen an 1 setz am Gemengenroot. Mein Beruff erméiglecht mir en alldeeglecht engagement, als Conseiller Syndical sinn ech oft konfrontéiert mat Leit déi Probleemer hun sierft et am Kader vum Aarbechtsrecht oder Sozialrecht. 

D'Politik kéint villes verbesseren vir dass all Bierger.innen mat dignitéit liewen kennen, ouni ze riskéieren an der Kategorie "Working-poors" ze faalen déi leider emmer méi enger réalitéit entsrpiecht séi mir suergen mescht. Duerfir huet Déi Lénk an mengen Aen deen konktretesten programm."

Alija Suljic
27 | salarié

Den Alija Suljic ass 27 Joer al a wunnt zu Koplescht. Hien ass als Kand vu bosneschen Awanderer am Weste vum Land opgewuess an huet fréi geléiert, dass eng staark lenk Force an der Gesellschaft néideg ass, fir sozial Ongläichheeten ze bekämpfen an aktuell sou wéi zukünfteg Krisen ze bewältegen. Zanterhier ass hie bei verschiddene politeschen a kënschtleresche Gruppéierungen engagéiert a berufflech als Coordinateur bei déi Lénk täteg.

Eric Weirich
39 | coordinateur de projet

Den Eric Weirich huet 39 Joer, ass gebiertege Minetter a wunnt säit 8 Joer an der Gemeng Déifferdeng. Säin politescht Engagement huet schonn virun iwwert 15 Joer bei déi Lénk ugefangen, an hien huet och vun 2015 bis 2019 als politesche Coordinateur fir déi Lénk geschafft. Haut schafft hien am Ëmweltberäich. Zu Déifferdeng geet heen no 2017 fir zweet mat an d’Walen, an hien ass säit Ufanks 2021 Gemengeconseiller zu Déifferdeng.  Nierft der Politik ass den Eric awer och scho säit Joren bei enger lëtzebuerger ONG aktiv wéi och an engem Projet fir Wunnkooperativen zu Lëtzebuerg ze etabléieren. Duerch säi Beruff an dës Engagementer mécht hien sech virun allem an der Beräicher Soziales, Ëmwelt a Logement zu Déifferdeng fir d’Leit staark. Wann hee net grad an enger Reunioun sëtzt, da sëtzt hien vlait awer un engem Dësch a spillt Schach fir den Déifferdeng Schachklub „Le Cavalier“, oder e leeft eng Course an de Faarwe vum RBUAP.