Photographe : Steve Ginepri

Eis Kandidat.inn.en am Osten
Lëscht 5

Laurent Fisch
55 | Avocat, conseiller communal | Bech
Adela Fuentes
48 | Altwies | Enseignante
Paul Estgen
54 | Sociologue | Junglinster
Linda Kersch
47 | Employée d'Etat | Moersdorf
Willy Noesen
33 | Coordinateur à l'intégration | Godbrange
Sergio Prado
46 | Fonctionnaire | Grevenmacher
Marina Thill
22 | Etudiante | Altwies
×
Laurent Fisch
55 | Avocat, conseiller communal
Adela Fuentes
48 | Altwies

48 Joer vun Altwis, Mamm vun 3 Bouwen. Vu Beruff sinn ech Joffer an der Grondschoul.
A menger Fräizäit engagéieren ech mech säit 2009 bei der Asbl Amiavy fir Déieren a Nout ze hëllefen a këmmere mech all Dag ëm 20 Déieren déi vun der Asbl opgeholl goufen. Onst Déiereschutzgesetz vun 2018 ass schéin um Pabeier mee an der Praxis gëtt et deelweis net ëmgesaat.
A menger Gemeng sinn ech am Fairtrade-Grupp aktiv a këmmere mech ëm d'Fb-Säit vun Refill Lëtzebuerg fir d'Krunnewaasser ze promuvéieren.

Paul Estgen
54 | Sociologue

54 Joer, Lëtzebuerger, 4 Kanner a wunnen zu Jonglënster.
Master an der Soziologie an der ULB
Fuerscher a Formateur am Beräich Migratioun an Interkulturalitéit, aktuell Integratiounsberoder am Kader vum Zesummeliewe Pakt.
Initiator vu ville Projeten: Equigaard Gemeinschaftsgaart, Equivelo Project, Projet fir REVIS Beneficiairen Equisolidaire, Grënnungsmember vun der éischter Energiekooperativ Equienercoop, Grënnungsmember vum Tiers Lieu Ôpen.
Kandidat 2023 op der Är Bierger Biergerlëscht op Gemengenniveau

Linda Kersch
47 | Employée d'Etat

Zu Berbuerg an der Gemeng Manternach opgewuess a wunne säit 8 Joer zu Méischdref an der Gemeng Rouspert-Mompech. Am Kader vu Studien a Frankräich an a Wales gelieft a geschafft. Laangjäreg a Museksveräiner aktiv. Interessie si Sproochen a Kulturen, mat Engagement an de Beräicher vu Mënschen- an Déiererechter, Ëmweltschutz an der psychescher Gesondheet

Willy Noesen
33 | Coordinateur à l'intégration

Beruff: Elektriker (Catp an technicien), staatlich geprüfter Landwirt (Geselle). 7 Joer an der BIO-Landwirtschaft a Geméisbau täteg, dovun 5 Joer an Däitschland an 2 Joer als selbstännege Geméisbauer. Coordinateur à l’intégration bei RenoSolid (Life a.s.b.l.) ee Service fir soziale Wunnraum ze schafen iwwert d‘Renovatioun vun alen Haiser an gläichzäiteg Leit ouni hieseg Sproochkenntnisser, franséisch bäizebrengen an an d’Beruffsliewen ze begleeden. Interessen: Ëmweltschutz, Geméisbau, Weeër aus der Klimakriis.

Sergio Prado
46 | Fonctionnaire

Staatsbeamten bei der Verwaltung fir den ëffentlechen Transport
Gescheed an Papp vun zwee Kanner, Begeeschterte Vëlosfuerer. Nodeems ech 16 Joer laang zou Réimech gewunnt hunn an wou ech och e Mandat als Gemengeconseiller konnt ausüben sinn ech nees an menger Heemechtsgemeng zeréck komm. Haapttheme/Themeberäicher sinn:

  • Ausbau vu sozialen, kulturell a sportlechen Infrastrukturen,
  • Grenziwwergräifende an lokalen Verkéier, Parkplazproblematik a Loftverschmotzung an de Grëff kréien,
  • derfir ze suergen, alle Bierger, déi beschtméiglechst an nohaltegst Liewensqualitéit unzebidden.
Marina Thill
22 | Etudiante