Programm – Chamberwalen 2023.

1. Aarbecht

All Mënsch huet e Recht op eng Aarbecht

1.1. déi Lénk wëllen d'Recht op Aarbecht fir all Mënsch garantéieren. Jiddereen dee wëll a ka schaffen, soll en aklobaart Recht op eng qualitativ héichwäerteg Formatioun kréien oder op en onbegrenzten Aarbechtskontrakt. Persounen déi vun dëser Mesure wäerte profitéiere musse säit op mannst 2 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, iwwer 18 Joer (Aarbechtskontrakt) oder 16 Joer (Formatioun) hunn, aarbechtslos oder onfräiwëlleg ënnerbeschäftegt a bei der ADEM ageschriwwe sinn.

1.2. D'Roll vun der ADEM muss nei definéiert ginn fir se zum zentralen Acteur ze maache bei der Ëmsetzung vum Recht op Aarbecht. Sie soll d'Vollbeschäftegung erreechen am Kader vun engem alternativen ekonomesche Modell, wou d'Aarbechtskraaft a Secteuren orientéiert gëtt, déi en héije sozialen an ökologesche Méiwäert schafen. Dat betrëfft kommerziell a net-kommerziell Secteure wéi de Bau vun Infrastrukturen, d'Aarbecht an den Associatiounen, d'Ëmsetzung vun der ökologescher Transitioun, asw. Deementspriechend muss d'ADEM :

  • domadder ophale staarken Drock auszeüben op Mënschen am Chômage;
  • d'Krittären iwwerschaffen déi entscheeden, wat fir eng Aarbecht akzeptabel ass, fir se méi transparent ze maachen a fir datt se déi individuell Situatioun besser berécksiichtegen. D'Recht op e Recours géint d'Decisioune vun der ADEM muss verstäerkt ginn;
  • d'Gemengen, sou wéi déi sozial, kulturell an ëmweltpolitesch Associatiounen abanne fir déi Aarbechtsplazen am CDI z'identifizéieren, déi sozial an ökologesch sënnvoll sinn;
  • de Reklassement vu Leit an engem Aarbechtsverhältnis esou weider entwéckelen, datt d'Aarbechtsplaze kënnen op d'Besoine vun de concernéierte Persounen adaptéiert ginn.

1.3. Mir wëllen eng Indemnité d'attente aféieren an der Héischt vum Mindestloun (qualifiéierten oder onqualifizéierten). Des Indemnitéit kritt all Persoun, där hiert Aarbechtslosegeld ausgelaf ass a fir déi nach keng Aarbechtsplaz konnt fonnt ginn.

1.4. Mir wäerten d'Aarbechtslosegeld auswäiten. D'Period vum Chômagegeld geet op 24 Méint erop fir datt manner Leit am RMG/REVIS landen. Donieft kritt eng Persoun am Chômage d'Recht op d'Leeschtungen ouni Stage-Period an ouni Proratisatioun. Des Verbesserunge ginn ënnert anerem finanzéiert, andeems mer d'Cotisatioune vun de privaten Employeuren un de Fonds pour l'Emploi nees aféieren an der Héischt vun 1% vum Salaire (Gesetzesvirschlag 6086 vun déi Lénk).

1.5. Mir wëllen de Chômage bekämpfen andeems mir de Personaldelegéierten d'Recht araumen, abusiv "wirtschaftlech" Entloossungen an den Entreprisen unzefechten, wann des Entreprisë Beneficer maachen. Och hir Kontrollrechter am Kader vu kollektiven Entloossungen, Sozialpläng an dem Maintien dans l'emploi solle gestäerkt ginn (Gesetzesvirschlag 6068 vun déi Lénk). D'Legislatioun iwwert d'Faillitte muss erweidert gi, fir datt d'Salariéë méi Rechter kréien, géint frauduléis Faillitte virzegoen.

1.6. Mir wäerten alle Mënschen erlaben, hiert Recht op Aarbecht wouer ze huelen, andeems mir d'Qualitéit an de generaliséierten Zougank zu essentielen ëffentlechen Déngschtleeschtungen garantéieren, wéi zum Beispill dem ëffentlechen Transport, dem Bildungswiesen, de Gesondheetsservicer oder dem Internet.

Eng uerdentlech Bezuelung fir jiddereen

1.7. Mir wäerten déi niddreg Gehälter opwäerten andeems mir de Mindestloun op 60% vum Medianloun fixéieren, sou wéi déi Europäesch Gewerkschaftskonföderatioun an déi nei EU-Direktiven iwwert d'Mindestléin dat recommandéieren. De Mindestloun gëtt domadder direkt ëm ongeféier 300€ gehéicht.

1.8. Fir géint déi ongläich Bezuelung virzegoen, mussen d'Entreprisë mat méi wéi 250 Ugestallte gezwonge ginn, järlech den Ënnerscheed tëschent de Gehälter vun den Direkteschposten an den Ugestallten (salaire médian et moyen) oppen ze leeën. Mir viséieren d'Aféierung vun engem maximalen Ënnerscheed vun 1 zu 8 tëschent den héchsten an de niddregste Gehälter innerhalb vun enger Entreprise.

1.9. Mir wëllen de Prozentsaz erhéije vu Salariéen déi vun engem Kollektivvertrag profitéieren, andeems de legale Kader iwwert Kollektivvertragsverhandlunge reforméiert gëtt. Sektoriell Accorde gi promouvéiert an d'Streikrecht vun de Salariéë muss gestäerkt ginn.

1.10. Bei der Unerkennung vun der Qualifikatioun, der Expertise an der Formatioun mussen an alle wirtschaftleche Beräicher Mindestnormen agefouert ginn, sou wéi dat och schonn a verschiddene Kollektivverträg de Fall ass. Den Iwwergang op de qualifizéierte Mindestloun no 10 Joer Beruffserfarung muss garantéiert sinn.

1.11. Mir wëllen d'Entreprisë mat méi wéi 10 Salariéen dozou verflichten, d'Anhale vum Gläichheetsprinzip bei der Bezuelung zertifiéieren ze loossen. Sou wéi dat an Island de Fall ass, kann ee mat dëser Mesure méi einfach Entreprisë sanktionéieren, déi de Prinzip vun der gläicher Bezuelung tëschent de Geschlechter net respektéieren.

1.12. Mir wäerten d'Kafkraaft vun de Salariéen an de Pensionäre verdeedegen andeems mir déi automatesch Indexéierung vun de Salairen an de Pensiounen erhalen a weider entwéckelen. Mir wëllen ënnert anerem, datt d'Tranchen erëm am Viraus ausbezuelt ginn an datt d'Verhandlungs- a virun allem d'Streikrecht vun de Gewerkschafte gestäerkt gëtt.

1.13. Mir wëllen d'Stagë vun de Schüler a Studenten besser encadréieren, andeems d'Stagen am Kader vum Enseignement op ee Mount begrenzt ginn. Se sollen och u pedagogesch Krittäre gebonne ginn a mussen obligatoresch bezuelt ginn. All Stage deen iwwert ee Mount eraus geet, muss als eng bezuelten Aarbecht ugesi ginn op där déi obligatoresch Cotisatioune mussen opgehuewe ginn. Op der Vakanzenaarbecht vu Schülerinnen a Schüler musse Cotisatioune fir d'Pensiounskeess bezuelt ginn.

1.14. Mir wäerte géint d'Uberiséierung vun der Aarbechtswelt kämpfen. All déi Mënschen, déi fir eng digital Plattform schaffen, sollen automatesch de Statut vum Salarié kréien. déi Lénk hunn e Gesetzesvirschlag agereecht géint d'Uberiséierung (Gesetzesvirschlag 8001). Ziel dovunner ass et, déi honnerten Aarbechterinnen an Aarbechter an deem Beräich virun Ausbeutung ze schützen an e wirtschaftleche Secteur ze reguléieren, deen ëmmer méi grouss gëtt.

1.15. Mir wäerte géint eng Multiplikatioun vun de prekäre Beschäftegungsverhältnisser kämpfen. Entreprisen déi Interim-Mataarbechter wëllen astellen, mussen dozou verflicht ginn, fir d'éischt hiren eegene Mataarbechter, déi just Deelzäit schaffen, ze proposéieren hir Stonnen erop ze setzen.

Eng kollektiv a solidaresch Aarbechtsopdeelung

1.16. Mir wëllen eng kollektiv a solidaresch Aarbechtsopdeelung sécher stellen, andeems mir mat der Aféierung vun enger 6. Congé-Woch kuerzfristeg eng Aarbechtszäitverkierzung fir all d'Salariéen zu Lëtzebuerg ëmsetze wëllen.

1.17. Mir proposéiere bis spéitstens 2030 eng 32-Stonnen-Woch bei vollem Lounausgläich anzeféiere mat folgende Modalitéiten :

  • d'Aarbechtszäitverkierzung wäert encadréiert gi vun engem Gesetz, dat verschidden Etappe bei der Ëmsetzung definéiert. An der Transitiounsphas sollen Aarbechtszäitverkierzungen am Kader vu Kollektivvertragsverhandlungen a bei sektorielle Verhandlungen encouragéiert ginn, déi op déi spezifesch Besoine vun den Aarbechterinnen an Aarbechter aginn.
  • no all Etapp wäert d'Regierung mat de Sozialpartner de Bilan maache fir d'Mesurë vun der Aarbechtszäitverkierzung z'adaptéieren.
  • d'Iwwerstonne gi reduzéiert andeems se vollstänneg cotisabel a besteierbar ginn.
  • Déi maximal Aarbechtszäit pro Woch wäert parallel zur normaler Wochenaarbechtszäit reduzéiert gi fir datt se 2030 bei maximal 40 Stonne léit.
  • Fir kleng- a mëttelstänneg Betriber wäerte wärend der Transitiounsphase staatlech Hëllefe bereet gestallt ginn.
  • Et gëtt e System vun Aarbechtszäitkonten agefouert mam Ziel, méi Flexibilitéit bei der Aarbechtsorganisatioun zugonschte vum Salarié z'erreechen. Des Aarbechtszäitkonte gi vun de Salariéen eegestänneg geréiert.
  • D'Kompetenze vun der ADEM ginn erweidert fir déi néideg Aarbechtskraaft, souwuel fir déi ëffentlech wéi fir déi privat Entreprisen, beschtméiglech esou ze geréieren, datt se de gewënschte Flexibilitéite vun de Salariéë kënnen entspriechen.

1.18. Mir wëllen e Recht op zäitlech begrenzten Deelzäitaarbecht aféieren, kombinéiert mam Recht, duerno erëm op déi ursprénglech Stonnenzuel zréck ze kommen.

1.19. Mir wëllen e Recht op Fräizäit aféieren, deen och d'Recht beinhalt, net mussen erreechbar ze sinn. Hei musse minimal legal Normen ausgeschafft ginn, déi vun allen Employeure musse respektéiert ginn, onofhängeg vum Secteur.

1.20. De legale Kader fir den Télétravail muss am Interêt vum Salarié weiderentwéckelt ginn. D'Recht op Télétravail an d'Recht den Télétravail ze verweigere muss genee esou garantéiert sinn, wéi d'Recht op Fräizäit an d'Recht net erreechbar ze sinn. Den Employeur muss d'Käschten iwwerhuelen, déi fir den Teletravail doheem ufalen (Computer, Bürosmaterial, asw.), sou wéi en Deel vun de Käschte fir d'Telekommunikatioun, de Stroum an de Logement. Mir wëllen och mat de Nopeschlänner negociéieren iwwert eng Weiderentwécklung an eng Harmonisatioun vum legale Kader wat déi steierlech a sozial Seuilen ugeet.

D'Gesondheet an d'Sécherheet op der Aarbecht stäerken

1.21. Mir wëllen d'Recht aféiere, wärend der Aarbechtszäit op e Rendezvous bei en Dokter ze goen an och d'Recht dobäi begleet ze ginn.

1.22. Mir wäerte méi Wäert drop leeën, datt Mënsche mat engem Handicap an d'Aarbechtswelt integréiert ginn an och an der Aarbechtswelt bléiwen - och an der Privatwirtschaft. Dofir wëlle mir konkret Mesuren aféieren, wéi den Job Coaching, eng perséinlech Aarbechtsassistenz an de Peer-consulting. An de protegéierten Ateliere musse Formatiounen ugebueden an déi professionell Erfarung muss unerkannt ginn.

1.23. Mir wëllen d'Gesondheet op der Aarbecht besser schützen, andeems mir en eenheetlechen ëffentleche Service vun der Aarbechtsmedezin aféieren an eng adequat Formatioun vun de Sécherheetsdelegéierte garantéieren. D'Effikassitéit an de Pouvoir vum eenheetleche Service fir Aarbechtsmedezin wäert sécher gestallt ginn :

  • duerch reegelméisseg Kontrolle vun der ITM op den Aarbechtsplazen;
  • doduercher, datt den Aarbechtsdokter tëschent den Aarbechter an der ITM vermëttelt;
  • duerch eng Revaloriséierung vun der Karriär an de Formatioune fir datt méi Aarbechtsdoktere kënnen agestallt ginn;
  • andeems all Entreprise mindestens eemol all 3 Joer vun engem Aarbechtsdokter besicht gëtt (1 mol pro Joer wann et ëm geféierlech Aarbechtsplaze geet);
  • andeems d'Employeuren dozou verflicht ginn an Zesummenaarbecht mat engem Aarbechtsdokter geféierlech Aarbechtsplazen ze deklaréieren;
  • andeems den Tableau vun de professionelle Krankheetsbiller reegelméisseg à jour gesat gëtt an ënnert anerem duerch déi psychosozial Risiken an d'Réckeproblemer ergänzt ginn ;
  • andeems déi professionell Krankheeten an déi Krankheeten déi mat der Aarbecht zesummen hänken unerkannt gi bei den Decisioune vum internen an externe Reklassement.

1.24. Fir datt d'Anhale vun der Aarbechtsgesetzgebung an den Ëmweltschutzbestëmmungen effikass ka kontrolléiert ginn, mussen déi finanziell a personell Ressourcë vun der Inspection du Travail et des Mines (ITM) zolidd erhéicht ginn. Et musse méi systematesch Kontrollen an de Betriber gemaach ginn an d'Roll vun der ITM an der Präventioun muss gestäerkt ginn, fir Ëmweltschied ze verhënneren an d'Sécherheet vun de Salariéen ze garantéieren. D'Missioune vun der ITM mussen esou erweidert ginn, datt och d'Aarbechtskonditiounen an der Fonction publique kënne kontrolléiert ginn.

1.25. D'Iwwerwaachung vun de Salariéen op der Aarbechtsplaz muss streng limitéiert ginn an d'Méiglechkeeten vun de Personaldelegéierten fir dogéint virzegoen mussen erweidert ginn.

1.26. Mir wäerten der Ratifikatioun vun de Konventiounen vun der Organisation Internationale du Travail (OIT) eng héisch Prioritéit araumen.

Héichwäerteg Aarbechtsplazen an der Fonction publique

1.27. Mir wäerten de Statut vum Staatsbeamten schützen fir déi ëffentlech Servicer z'erhalen an d'Strategie vum Grousskapital bekämpfen, déi dorobber ofzielt, déi angeblech "privilegéiert" Staatsbeamten géint déi aner Salariéen auszespillen, fir net mussen Aarbechtsbedingungen ze verbesseren.

1.28. Mir wëllen e System fir d'Verbesserung vun den ëffentlechen Serviceraféieren deen eng demokratesch Participatioun vun den Agenten an de Benotzer virgesäit. Et geet ënner anerem drëms d'Personal vun de staatlechen Administratiounen an hir Personaldelegéierten enk bei der Ausaarbechtung vun den Zieler vum Service anzebannen, sou wéi och bei der Definitioun vun de Besoinen u Personal a Material a beim Opstelle vun den Aarbechtsprogrammer an den Organigrammer. Déi Management-Evaluatiounen, deenen hir Ineffikassitéit schonn am private Secteur bewisen ass, gi vun eis verworf. Mir bestinn op der Onofhängegkeet an der Neutralitéit vun de Staatsbeamten an op eng optimal Qualifikatioun.

1.29. D'Dauer vum Stage muss un d'Besoinen vun der jeeweileger Karriär ugepasst ginn. Bei munche Beruffer am ëffentleche Service gi 6 Méint Stage duer, wärend e bei aneren kann iwwer 1 oder 2 Joer lafen.

2. Sozialpolitik

Déi sozial Leeschtungen revaloriséieren a nei sozial Rechter aféieren

2.1. déi Lénk wëllen direkt Familljeleeschtungen ëm 10% eropsetzen fir d'Entwäertung duerch d'Reform vun 2014 ze kompenséieren a se och automatesch un d'Entwécklung vun der Deierecht upassen.

2.2. Fir d'Autonomie vun de Studenten an de Jonken a Formatioun ze stäerken wëlle mir eng Autonomie-Bäihëllef vun 450 Euro pro Mount (5400 Euro pro Joer) aféieren. Des Bäihëllef gëtt op de Konto vu jonke Mënschen iwwerwisen, déi an engem Studium oder enger net bezuelter Formatioun ageschriwwe sinn, bis datt se endgülteg eng Aarbecht fonnt hunn.

  • D'Autonomie-Bäihëllef setzt sech zesummen aus dem aktuelle Kannergeld, dat da net méi un d'Elteren ausbezuelt gëtt, den aktuelle Studiebourssen an engem Supplement vun der Zukunftskeess fir op de viséierte Montant ze kommen.
  • De Finanzement vun der Autonomie-Bäihëllef wäert op de soziale Kotisatioune berouen an iwwert d'Zukunftskeess lafen.
  • Déi patronal Kotisatiounen um Kannergeld wäerte nees agefouert ginn fir de Privatsecteur (am ëffentleche Secteur ginn et se nach).
  • Eng Kotisatioun fir d'Pensiounskeess soll vun dëser Autonomie-Bäihëllef ofgezu ginn, fir datt déi jonk Mënschen ab hirer Formatioun an de System vun der Sécurité sociale integréiert ginn.
  • Déi komplementar Studiebourssen (Mobilitéit, sozial a Famill) bléiwe bestoen.

2.3. Den Zougank zum Congé parental muss méi einfach gemaach gi fir Leit, déi Interim schaffen oder méi wéi een onbefristeten Aarbechtskontrakt hunn. D'Pappe musse weiderhin encouragéiert ginn de Congé parental unzefroen an et muss weiderhin op e Mentalitéitswiessel an de Familljen an an de Entreprisen higewierkt ginn.

2.4. Mir wëllen de Congé de paternité vun 10 Deeg ersetzen duerch e Congé de naissance vun 3 Méint ouni Abousse beim Salaire. Dëse Congé de naisssance ka gläichzäiteg mam Congé de maternité geholl ginn a wäert och fir net-heterosexuell Koppele gëllen. Doduercher, datt mer d'Ko-Parentalitéit als Prinzip an d'Gesetz iwwert d'Filiatioun aschreiwen, kënnen och Forme vu Parentalitéit a Betruecht gezu ginn, déi net op enger heterosexueller Koppel baséieren.

2.5. Duerch déi vun déi Lénk proposéiert Aarbechtszäitverkierzung gëtt Wochenaarbechtszäit ouni Lounaboussen op 32 Stonne reduzéiert, sou datt d'Elteren kënne méi Zäit mat hire Kanner verbréngen.

2.6. Mir wëllen eng indemnité pécuniaire de maternité an duerno eng indemnité de congé de naissance ginn un all d'Persounen an dat ouni Stage-Period. Dat gëllt och fir Persounen déi kee Salaire hunn, mee déi e revenu de remplacement kréien (z.B. Aarbechtslosegeld) sou wéi och deene Persounen, déi an enger Beschäftegungsmesure sinn.

2.7. Mir wëllen Zäitspuerkonten aféieren fir perséinlech Zwecker (z.B. Formatioun oder Auszäit), déi den Assuréen et erlaabt wärend enger gewësser Zäit an hirer aktiver Karriär vun der Sozialversécherung eng Allocatioun ouni Konterpartie ze kréien.

2.8. Fir ze verhënneren, datt Salariéen existenziell Problemer duerch laang undauernd Gesondheetsproblemer kréien a fir se wärend dem ganze Krankeschäi virun engem Licenciement ze schützen, wëlle mir déi legal Limitt ophiewe bei der Krankschreiwung. Déi léit aktuell bei 78 Woche par Rapport zu enger Referenzperiod vun 104 Wochen.

2.9. Mir wëllen d'Obligatioun aféieren, datt all Persoun déi aus eegenen Ursaachen ophält mat schaffen, weiderhin muss an Pensiounskeess anzebezuelen op Basis vun der fräiwëlleger Pensiounsversécherung déi et aktuell scho gëtt. Sou gëtt hir Reintegratioun an Aarbechtswelt erliichtert, Altersaarmut reduzéiert an et gëtt verhënnert, dat des Persounen net méi krankeverséchert sinn. Mat der selwechter Zilsetzung soll bei enger bestuedenerr Koppel, deen ee Partner obligatoresch musse bei de Cotisatiounen vun deem anere Partner  bäileeën, wann dësen seng Aarbecht opgëtt oder seng Aarbechtszäit reduzéiert. Dëst ass jo aktuell schonn de Fall bei enger Demande fir eng Scheedung.

2.10. Am Fall vun engem externe Reklassement wéinst Beruffsonfäegkeet soll d'Indemnité d'attente nees fir all d'Salariéen gëllen, a net just no 10 Joer Kontrakt beim selwechte Patron. D'Exklusioun vun Salariéen, just well se net bei de Kontrolldokter geschéckt goufen, gëtt opgehuewen. Patronen déi hir Leit net bei de Kontrolldokter schécken sollen dofir penaliséiert ginn.

2.11. Mir wäerten déi direkt Wale fir d'Gremie vun der Sozialversécherung nees aféieren, sou datt d'Assuréen sech hir Sozialversécherung nees appropriéieren. D'Paritéit tëschent Patronat a Salariat an den Entscheedungsorganer gëtt ofgeschaaft. Déi sozial Cotisatioune gehéieren zum Salaire an dofir ass et och just un den Assuréë fir iwwert hir Verwendung ze decidéieren.

2.12. Déi uviséiert sozial Verbesserunge solle finanzéiert ginn duerch d'Ophiewe vum Plaffong bei de soziale Cotisatiounen (aktuell 5x de soziale Mindestloun) an duerch fiskal Mesuren.

Eng éierbar Pensioun fir jiddwereen a bezuelbar Plazen an den Altersheemer

2.13. Mir wäerten déi voll Pensioun mat 60 Joer no 40 Joer Cotisatioune rëm aféieren. D'Iwwerstonne gi bei der Berechnung vum Rentenantrëttsalter berécksiichtegt, sou datt déi real Liewensaarbechtszäit gëllt.

2.14. An eisem Pensiounssystem muss nees den automateschen Ajustement un d'Salairen an un d'Allocation de fin d'année agefouert ginn. Den Taux de remplacement muss op 1,85% fixéiert ginn, amplaz progressiv op 1,6% erof ze goen, sou wéi dat mat der Reform vun 2012 virgesinn ass. 

2.15. D'Mindestpensioun muss op de Niveau vum Mindestloun gehuewe ginn.

2.16. Mir wëllen d'Invalidepensioun méi liicht zougänglech maachen andeems mir déi legal Konditiounen méi flexibel gestalten. Am Moment muss dofir eng komplett Aarbechtsonfäegkeet gi sinn, onofhängeg vun der Formatioun, vum Alter oder vun der Aarbechtsoffer.

2.17. Mir wëllen e nationaalt Netzwierk un ëffentlechen Altersheemer entwéckelen a promouvéieren, déi national a kommunal geréiert ginn oder awer vu gemengnëtzege Kooperativen. D'Strukturen däerfen net ze grouss sinn, fir datt d'Mënschen sech wuel fillen. Mir wieren eis dogéint, datt d'Fleege vu Mënschen zu enger Wuer gëtt an dat grouss multinational Konzerner an deem Beräich sech hei zu Lëtzebuerg nidderloossen.

2.18. Mir brauchen eng méi streng Reglementatioun vun de Präisser an den Altersheemer. Eng Persoun däerf net méi bezuele mussen, wéi se u Pensioun kritt. Mir wäerten och och Schluss maachen mat der Reegelung, datt d'Käschten fir d'Altersbetreiung vum Fond national de solidarité (FNS) bei de Familljememberen agedriwwe gëtt.

De Revis ersetzen duerch e Mindestakommes

2.19. Mir wäerten e Mindestakommes garantéieren, dat um Niveau vun der Aarmutsgrenz léit (aktuell ronn 2200 Euro Netto). Dëst Mindestakommes wäert den aktuelle Revis ersetzen a ka vun alle Persounen iwwer 18 Joer ugefrot ginn, déi am Besoin sinn. D'Mindestakommes wäert och indexéiert an all 2 Joer un d'Evolutioun vun de Gehälter ugepasst ginn.

2.20. Den Dispositif vun der Aktivéierung (allocation d'activation) beim aktuelle Revis soll ofgeschaaft ginn. Dësen Dispositif späert d'Persounen an engem Däiwelskrees vun Aarmut a Subordinatioun an, ouni eng reell Perspektive ze schafen fir hir Situatioun ze verbesseren. Mir wëllen eng méi staark sozial Begleedung vun de betraffene Leit ëmsetzen, sou wéi d'Recht op Aarbecht. Mënschen déi Schwieregkeeten hunn um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen, solle vum Staat en onbefriste Kontrakt ugebuede kréien, wou se sozial an ökologesch wäertvoll Aarbechte fir d'Allgemengheet maache kënnen.

2.21. Mir wäerten dofir suergen, datt d'Revis-Empfänger net méi vun den ëffentlechen Administratiounen drangsaléiert ginn. Mat dem Mindestakommes vun déi Lénk wäerten et keng Sanktioune méi ginn, déi eng Reduzéierung oder eng Annuléierung vun der Bäihëllef iwwer e puer Méint no sech zéien.

2.22. Mir wäerten d'Méiglechkeete vum Fonds national de solidarité (FNS) begrenzen, op de Besëtz vun de betraffene Leit an hire Familljen zréckzegräifen. An dem Kontext wäerte mir dofir suergen, datt keng deemütegend Hausvisitten méi ginn a keng Restitutiouns-Demandë fir gewësse Prestatioune méi gemaach ginn.

2.23. Fir datt all d'Persounen, déi d'Mindestakommes an Usproch huelen, an de System vun der sécurité sociale integréiert sinn, wäerte sozial Kotisatioun virgesi ginn.

2.24. Mir wëlle verhënneren, datt d'Mënsche gewësse Bäihëllefen net an Usproch huelen, déi hinnen eigentlech zoustinn. Dofir sollen d'Bäihëllefe méiglechst automatesch ausbezuelt ginn a net just op Demande, wéi zum Beispill d'allocation de vie-chère oder d'Energieprime. Donieft muss déi sozial Begleedung vu Persoune verstäerkt ginn, déi am Besoin sinn.

2.25. Et muss garantéiert sinn, datt d'Persounen, déi d'Mindestakommes kréien oder am Kader vum Recht op Aarbecht engagéiert sinn, och déi legal Rechter genéissen, déi mam Statut vum Salarié verbonne sinn.

Déi sozial Exklusioun bekämpfen

2.26. Mir wëllen dofir suergen, datt bis 2030 keng Mënschen zu Lëtzebuerg méi op der Strooss liewe mussen, sou wéi d'Deklaratioun vu Lissabon dat virgesäit. Dëst Ziel wëlle mir erreeche mat ambitiéise soziale Mesuren a mat enger Ëmsetzung op nationalem Niveau vum Konzept vum "housing first" (fir d'éischt en Dag iwwert dem Kapp). Mënschen ouni Doheem kréien e Recht op eng onofhängeg Wunneng mat engem eegene Mietkontrakt an enger adaptéierter sozialer Begleedung (Kapitel Logement).

2.27. Mir wëllen e wierklecht Recht op sozial Hëllef aféieren fir all Persoun déi zu Lëtzebuerg wunnt, onofhängeg vun hirem Statut.

2.28. Mir si fir eng Regularisatioun vun der Prostitutioun déi d'Sécherheet an d'Beruffsfräiheet vun de Sexaarbechter an Sexaarbechterinnen garantéiert. D'Persounen déi an deem Beräich schaffen, brauchen eng professionell Unerkennung, sou datt se kënnen an d'Sozialversécherung integréiert ginn an se d'Recht kréien, sech ze syndikaliséieren.

2.29. Fir vulnerabel Persounen muss d'Recht op e Bankkonto ouni Fraisen agefouert ginn.

3. Logement

D'Recht op e Logement garantéieren

3.1. déi Lénk wëllen d'Recht op e Logement an d'Verfassung schreiwe loossen an all Stot en adaptéierte Logement garantéieren zu engem Präis, deen net iwwert 25% vum Revenu vum Stot léit.

3.2. Mir wëllen d'Recht op Logement ëmsetzen, andeems mir en ëffentleche Logements-Service schafen, dee folgend Aufgaben iwwerhëlt:

  • d'Bauen, de Kaf an d'Mobiliséierung vu bezuelbarem Wunnraum koordinéieren an dynamiséieren;
  • de Gemengen an den aneren ëffentleche Promoteuren déi personell Ressourcen an déi technesch Léisungen ubidden, déi se brauchen am Kader vum Pakt géint d'Wunnengskris;
  • en zentrale Guichet opstelle fir eng Vereinfachung vun de Prozeduren z'erreeche bei den Autorisatioune vun ëffentlechen a private Immobiliëprojeten;
  • de Bau an de Kaf vun ëffentleche Wunnenge finanzéieren an de ëffentleche Programm zur Wunnengssanéierung geréieren;
  • de Kaf vu Bauterrainen iwwert de "Fonds spécial en matière de logement" verstäerken.

3.3. Mir wäerten d'Expulsiounen ouni Relogement verbidden. All Gemeng muss dozou verflicht ginn, mindestens eng Noutwunneng pro 1000 Awunner ze hunn.

3.4. An de Gemengen iwwer 5000 Awunner muss op mannst eng Wunneng pro 1000 Awunner fir de Programme "Housing first" reservéieren. D'Konstruktioun, de Kaf oder d'Renovatioun vun dëse Wunnenge muss integral vum Staat finanzéiert ginn.

3.5. Fir den Zougank zu engem Logement fir all Mënsch z'erliichteren, wëlle mir eng universell Loyers-Garantie aféieren iwwert de Wee vun enger Solidaritéitskeess. Dës Keess iwwerhëlt Loyers-Ausfäll a gëtt vun de Vertrieder vun de Locatairen a vun de Vermieter gemeinsam geréiert. Alimentéiert gëtt des Keess duerch de Staat, d'Vermieter, d'Banken an Loyerskautioune vun de Locatairen. En änleche Mechanismus, finanzéiert vun de Banken an dem Staat, gëtt geschaaft fir déi Stéit z'ënnerstëtzen, déi vun de klammende Zënsen betraff sinn op hirem Prêt, deen se gemaach hunn fir hiert doheem ze finanzéieren.

D'Zuel un ëffentleche Wunnenge konsequent erhéijen

3.6. Et muss e groussen Programme d'Urgence lancéiert ginn fir dem Impakt vun der aktueller Kris am Immobilien- a Bausecteur entgéint ze wierken, well se riskéiert d'Logementskris nach ze verstäerken. déi Lénk proposéieren, datt de Staat an d'Gemengen all hir verfügbar Mëttele notzen, fir d'Schwächt vum Privatsecteur opzefänken an d'Schafung vun bezuelbarem Wunnraum zolidd ze beschleunegen. Dofir muss:

  • de Budget vum "Fonds Spécial pour le Logement" verduebelt ginn, fir de Kaf vu Immobiliëprojeten (VEFA) vu private Promoteuren ze finanzéieren;
  • déi grouss ëffentlech Immobiliëprojeten beschleunegt ginn, fir dovunner ze profitéieren, datt d'Baufirmen am Moment manner Opträg hunn;
  • de Staat d'Gemengen encouragéieren bezuelbare Wunnraum ze schafen (Kaf, Renovatioun, Konstruktioun), andeems hien d'Primm fir all Logement vun 19.000 € op 38.000 € erhéicht;
  • déi personell Ressourcen bei den ëffentleche Promoteuren an de net-lukrativen Acteuren vum Immobiliësecteur verstäerken (a techneschen, administrativen a sozio-edukative Beräich).

3.7. Mir wäerten d'Zuel un ëffentleche Wunnengen konsequent erhéijen andeems mir d'Gemengen dozou verflichten, bis 2030 ob mannst 10% abordabel Miet-Wunnengen ze hunn. Ziel muss et sinn, 3000 abordabel Wunnenge pro Joer ze bauen. Fir dat z'erreechen, muss den Undeel un abordabele Miet-Wunnenge bei all gréissere Bauprojet (PAP mat méi wéi 10 Unitéiten) onbedéngt op e Minimum vun 30% erhéicht ginn.

3.8. Iwwert de Wee vun engem richtegen Baulandvertrag, wëlle mir den Afloss vun de Gemengen op Bauprojete vu private Promoteure stäerken. D'Gemenge musse kënnen decidéieren :

  • wéi een Undeel un abordabele Miet-Wunnengen de Projet muss virgesinn (minimum 30%) ;
  • wéi eng Fläch muss fir net-lukrativ Wunnprojete reservéiert ginn, zum Beispill vir kooperativ oder intergenerationell Wunnformen ;
  • wéi eng Infrastrukturen am Quartier vun der Gemeng a vum private Promoteur musse realiséiert ginn.

3.9. Mir wäerten e wierklechen Pakt géint d'Logements-Kris mat de Gemengen ofschléissen. Dëse Pakt enthält fir all Gemeng verbindlech Logements-Zieler déi un d'Situatioun vun der jeeweileger Gemeng ugepasst sinn. Am Géigenzuch gëtt de Staat de Gemenge legislativ, finanziell, technesch a personell Ënnerstëtzung.

3.10. Fir d'Kooperatioun mat de Nopeschregiounen ze stäerken, wëlle mir e grenziwwerschreidende Logements-Observatoire grënnen. Déi zukünfteg Besoinen an der Groussregioun solle besser antizipéiert an d'Politicke besser openeen ofgestëmmt ginn.

3.11. Fir de Bau vun ëffentleche Wunnengen ze beschleunegen, wëlle mir eng ëffentlech Baugesellschaft an d'Liewe ruffen.

3.12. Mir wäerten d'Investitiounsstrategie vum Pensiounsfong (FDC) iwwerschaffen. Déi 5% vun de Reserven, déi laut der aktueller Strategie an Immobilien investéiert solle ginn, däerfen net méi a kommerziell Objeten investéiert ginn (Büroen, Commerce, etc.), mee just nach a Wunnraum. Och muss de Prozentsaz vun de Reserven, dee fir Investitiounen an den ëffentleche Wunnraum destinéiert ass, signifikant an d'Luucht gesat ginn.

3.13. Mir wäerten e fixe minimale Prozentsaz u Wunnraum aféiere bei der Planung vun alle neie gemëschte Quartieren.

3.14. Mir wäerten de Bau promouvéiere vu Logementer, déi iwwert de Kader vun der traditioneller Famill erausginn an déi sech adresséieren u Jonker oder eeler Persounen, u Migranten oder u Leit mat spezifesche Besoinen. Et geet ëm Logementer mat gemeinsame Raimlechkeeten (Kichen, Kantin, Gemeinschaftsraum, asw.) a mat modulable Wunnraim, déi jee no Besoin iwwert d'Zäit kënnen ugepasst ginn. Och eng sozio-edukativ Begleedung ka fir esou Logementer virgesi ginn.

3.15. Et ass absolutt néideg den ëffentleche Wunnraum exklusiv fir d'Locatioun ze reservéieren. All Verkaf vun ëffentleche Wunnengen duerch déi ëffentlech Acteure muss verbuede ginn.

3.16. Mir wëllen e legale Kader schafen fir d'Entwécklung vu Wunnkooperativen.

3.17. Mir wëllen d'Steiergesetzgebung esou modifiéieren, datt all Societéit an Associatioun, déi abordabele Wunnraum schaaft oder Wunnraum ouni Gewënnzweck, ka vum superreduzéierten TVA-Taux vun 3% profitéieren. Esou Initiative mussen och méi ënnerstëtzt gi beim Zougank zu Logements-Hëllefen, laangfristegt Terrain-Locatiounen (baux emphytéotiques), Staatsgarantien a Bankeprêten. D'Bankeprête musse fir des Initiative kënnen iwwer 40 Joer lafen, well jo säit 2020 och d'Subventionéierungs-Konventioune mam Logementsministère iwwer 40 Joer lafen.

Den existéierenden Immobiliebestand notzen

3.18. Mir wäerten an de Confort an an d'Energie-Effikassitéit vun den eelere Logementer investéieren andeems mir e spezielle Finanzéierungs-System fir déi energeetesch Renovéierung opstelle mat enger ëffentlecher Berodung a Begleedung (méi Detailer am Kapitel Energie).

3.19. Mir wäerten géint d'Immobilië-Spekulatioun an d'Konzentratioun vun Immobilië-Besëtz virgoe mat enger progressiver Grondsteier. Um Haaptwunnsëtz ass dës Grondsteier Null, mä duerno geet se progressiv mam Wäert vun den zousätzlechen Immobilien erop, sou datt den Taux méi klëmmt, jee méi Immobiliëbesëtz een huet. Am Fall wou aus spekulative Grënn an iwwer länger Zäit Bauterrain brooch oder Wunnraum eidel stoe gelooss gëtt, erhéicht sech d'Grondsteier nach eng Kéier zousätzlech. Donieft muss all Gemeng am Kader vun eisem Pakt géint d'Logements-Kris eng Strategie virleeën, wéi se eidelstoend Terrainen a Wunnenge mobiliséiere wëll. All Gemeng decidéiert selwer iwwert d'Mesuren, baséierend op dem Register vun den eidelstoende Wunnengen, soubal dësen operationell ass. Dat betrëfft ënnert anere folgend Mesuren:

  • proaktiv mat de Proprietäre vun eidele Wunnenge Kontakt ophuele fir hinnen Hëllef unzebidden, fir dat den Objet a genotzt ginn (Renovatioun, Reamenagement, asw.) oder fir iwwert e Kaf vun der Gemeng ze diskutéieren;
  • de Proprietäre vu broochleiende Bauterrainen innovativ Léisunge proposéieren, wéi zum Beispill modulabel Wunnstrukturen;
  • kommunal Taxen erhiewen op eidelstoende Wunnengen oder broochleienden Terrainen, sou wéi dat aktuell am Pakt Logement virgesinn ass, bis datt d'Reform vun der neier Grondsteier a vun der neier Besteierung vun eidelstoendem Wunnraum ëmgesat gouf;
  • a leschter Instanz eidelstoend Wunnengen a broochleiend Bauterrainen vu Promoteuren oder Investisseuren requisitionéieren, wann se ausschliisslech aus spektakuläre Grënn vakant gelooss ginn.

3.20. Mir proposéieren eng ëffentlech Immobilien-Agence ze schafen, déi domadder beoptraagt gëtt, sech ëm d'Gestioun vun den ëffentleche Wunnengen ze këmmeren an ëm d'Mobiliséierung vun eidelstoende Wunnengen déi erfaasst goufen. Dës Agence wäert senger Servicer gratis ubidden. D'Locatairë brauchen also keng Kommissioun ze bezuelen, genee sou wéineg wéi d'Keefer vun enger Wunneng, wann se selwer dra wunne ginn.

3.21. Mir wäerten de Proprietären dobäi hëllefen hiert Haus oder hir Wunneng ze reaffektéieren, wann et fir hire Besoin ze vill grouss ginn ass. Sou kann déi ëffentlech Immobilien-Agence interesséierte Persounen dobäi hëllefen, hiert Haus oder hir Wunneng ze reamenagéiere fir Deeler kënnen ze verlounen oder fir méi eng kleng Wunneng ze fannen.

3.22. Mir wëllen de Montant vum "Bëllegen Akt" moduléieren, dee jo aktuell bei 30.000 Euro pro Persoun léit, fir datt en d'Zesummesetzung vum Stot méi berécksiichtegt, virun allem fir elengerzéiend Famillen besser z'ënnerstëtzen.

De Locatiouns-Marché reforméieren

3.23. D'Loyeren um Privatmarché mussen erofgesat ginn andeems de gesetzlech festgeluechte maximale Loyer méi niddreg fixéiert gëtt. Mir proposéieren d'Aféierung vun engem Ajustement bei der Berechnung vum maximale Loyer (aktuell 5% vum investéierte Kapital), deen d'Evolutioun vun de Liewenskäschte berécksiichtegt an deen Deel vun de Loyerspräisser eliminéiert, deen duerch d'Iwwerhëtze vum Immobiliëmarché zestane komm ass. Dësen Ajustement consideréiert den Ënnerscheed tëschent der Evolutioun vun de Wunnpräisser an de generelle Liewenskäschten, dee jo duerch den "Indice des prix à la consommation" gemooss gëtt, a wäert natierlech vum Alter vum Immobilienobjet ofhänken, souwéi vun der Regioun.

3.24. Fir d'Locatairen a schlecht isoléierte Gebaier géint steigend Energiepräisser ze schützen an d'Proprietären z'encouragéieren, eng energeetesch Renovatioun duerch ze féieren, wëlle mir eng zousätzlech Reduzéierung vum maximale Loyer aféieren op Basis vun der Energieklass déi um Energiepass steet.

3.25. D'Héischt vum investéierte Kapital, déi d'Grondlag ass vun der Berechnung vum maximale Loyer, muss obligatoresch an all Mietvertrag stoe kommen. Dat selweschtgëllt fir de Referenzloyer, dee mat Hëllef vun engem Ajustement op Basis vum investéierte Kapital berechent gëtt (eis Gesetzespropose n°7257 vum Mäerz 2018).

3.26. Zousätzlech zu de kommunale Loyerskommissiounen, proposéiere mir regional a professionaliséiert Loyerskommissiounen ze schafen, déi un d'Friddensgeriichter Lëtzebuerg, Esch/Uelzecht an Dikrech gebonne sinn. Dës nei Kommissioune wäerte folgend Aufgaben hunn :

  • se kënne saiséiert ginn, fir bei existéierende Mietverträg de maximale Loyer festzeleeën, dee vum Gesetz erlaabt ass ;
  • se zentraliséieren d'Mietvertäg an iwwerpréiwen, ob de Gesetz korrekt applizéiert gëtt wat d'Festsetzung vum Loyer ugeet;
  • se stellen d'Donnéeën anonymiséiert zur Verfügung fir statistesch Zwecker, sou datt se vum STATEC, vum Observatoire de l'Habitat oder vun anere Fuerschungsinstituter kënne genotzt gi fir de Locatiounsmarché besser z'analyséieren;
  • se informéieren a beroden d'Locatairen, déi kommunal Mietkommissiounen an d'Offices sociaux, deenen et oft un Expertise op dësem Gebitt feelt (eis Gesetzespropose n°7257 vum Mäerz 2018).

3.27. Mir wäerte fir all neie Mietvertrag en Iwwerschreide vum maximale Rendement vu 5% beim Referenzwäert verbidden (eis Gesetzespropose n°7257 vum Mäerz 2018).

3.28. D'Käschte vun der Immobilienagence mussen ausschliisslech vum Commanditaire gedroe ginn, wat jo meeschtens de Vermieter ass. Gläichzäiteg wëlle mir déi maximal Héischt vun der Kautioun vun 3 op 1 Loyer erof setzen (eis Gesetzespropose n°7094 vum November 2016).

3.29. Fir déi aktuell Onsécherheeten aus der Welt ze schafen, wäerte mir eng eenheetlech Kënnegungsdauer vun 3 Méint an d'Gesetz schreiwen. Ausser am éischte Joer muss de Locataire zu all Moment kënnege kënnen.

3.30. Mir wëllen d'Aktivitéite vun den Immobilienagencen besser gesetzlech encadréieren. Onerlaabte Klausele musse systematesch identifizéiert a verhënnert ginn, wéi zum Beispill Klauselen déi et dem Locataire verbidden an enger Koppel ze liewen, waarm Moolzechten ze kachen oder Leit fir z'iessen z'invitéieren. D'Ëmsetzung vun der Reglementatioun ronderëm esou abusiv Klausele muss duerch dissuasiv Sanktioune sécher gestallt ginn.

4. Gesondheet

Eng zu 100% ëffentlech Gesondheetsversuergung

4.1. déi Lénk wëllen all d'Spideeler ënner ëffentlech Kontroll bréngen (établissements publics de fait) an dobäi d'Qualitéit, den Zougank an déi finanziell Viabilitéit garantéieren. An alle Spideeler muss eng demokratesch an transparent Gouvernance agesat ginn, woubäi déi ënnerschiddlech Gesondheetsberuffer an allen internen Entscheedungsstrukturen solle representéiert sinn. Eng Kontrollinstanz soll iwwert d'Verwendung vun den ëffentleche Gelder waachen. Am Kader vun enger onofhängeger Administratioun soll d'Funktioun vum "Commissaire des hôpitaux" geschaaft ginn mat der Obligatioun déi formell Rapporten ze verëffentlechen, déi un de Gesondheetsministère geschéckt ginn.

4.2. Et muss eng méi breet Reflexioun stattfannen iwwert déi geographesch Verdeelung an déi zukünfteg Architektur vum nationale Spidolswiesen, an déi och eng Recherche iwwert d'Grënn vun den Hospitalisatiounen afléisse muss. Mir wëllen eng Dezentraliséierung vun der Primärversuergung an den einfache chirurgeschen Interventiounen (chirurgie de la main, gastro-entérologie, radiologie etc.) promouvéieren a Richtung vu regionale Spideeler. Déi spezialiséiert Medezin an d'Spëtzemedezin sollen um nationale Niveau an enger eenzeger Struktur konzentréiert ginn. An deem Kontext si mir fir d'Schafe vun enger Universitéitsklinik, wärend mer de Projet vun engem Militärspidol wëlle begruewen.

4.3. Mir wëllen d'Urgencen entlaaschten andeems mir méi op Preventivmedezin setzen an den Zougank zu enger primärer a spezifescher Medezin ausserhalb vun de Spideeler erliichteren. Mir wäerten ënnert anerem vill Wäert drop leeën, zousätzlech "Maisons médicales" opzemaachen, wou ee Generaliste kann an der Urgence consultéieren. D'Urgence-Déngschter mussen dat néidegt Personal a Material hunn fir d'Patientinnen a Patienten adequat ze betreien. 

4.4. Mir wëllen pluri-professionell Gesondheetshaiser schafen an de gréisseren Uertschaften an an de Quartieren ab 1000 Awunner. Dës ëffentlech Strukture sollen ënnerschiddlech Gesondheetsservicer ubidden. Mir wëllen och datt d'Patientinnen a Patiente virun a no Operatioune kënnen doheem betreit gi vu Servicer, déi mat den ëffentleche Spideeler konventionéiert sinn.

4.5. Mir wieren eis géint d'Sous-Traitance vu lukrative Prestatiounen (IRM, Dialys, asw.) déi am Moment an den ëffentleche Spideeler konzentréiert sinn. De Kaf an d'Exploitatioun vun den IRM-Apparater an anere schwéiere Geräter gi reservéiert fir d'Spideeler a fir d'Antenne vun der ëffentlecher Gesondheetsversuergung. Et soll eng Evaluatioun vun de reelle Besoinen un Apparater gemaach ginn an d'Lëscht vun den Equipementer soll an d'Gesetz ageschriwwe ginn (loi modifiée du 29 avril 1983).

4.6. Mir wëllen eist Netzwierk un ëffentleche Laboratoiren erweideren andeems mir d'Koordinatioun vun den Analysen an der Fuerschung un den LNS iwwerdroen. Mir wëllen och eng méi enk Zesummenaarbecht mat ëffentleche Laboratoire an de Nopeschlänner ureege fir d'Entwécklung vun Innovatiounen ze promouvéieren an auszetauschen. D'Innovatiounen, déi d'Resultat si vun der ëffentlecher Fuerschung (Vaccin, Schnelltester, Methode fir d'Diagnostik, etc.), mussen och dem Staat gehéieren an e muss e Virrecht bei der Notzung hunn.

4.7. Mir wäerten de Prinzip vum "Conventionnement" tëschent dem Staat an den Doktere bäibehalen, parallel zu der Konventioun tëschent dem Staat an der CNS, respektiv der Sozialversécherung, wat de Finanzement vun den Equipementer ubelaangt (80% Staat - 20% CNS). Mir wieren eis géint de Gesetzesprojet, dee soll erlaben, datt sech medezinesch Societéite mat Kapital vu private Gesellschaften däerfen hei nidderloossen.

4.8. De Gesondheetsdësch muss ersat ginn duerch eng partizipatoresch an demokratesch Planungsinstanz. D'Acteure vun esou engem reforméierte Gesondheetsdësch solle flexibel Instrumenter ausschaffe fir den ëffentleche Gesondheetssystem ze begleeden an déi zukünfteg Besoine bei de Soinen, dem Personal, dem Material, der Zuel u Better, asw. z'antizipéieren. Mir wäerten och den Observatoire de la Santé reforméieren, dee jo am Moment en Expertegremium vun Technokraten ass, fir e méi transparent a méi demokratesch ze maachen.

Fir en universellen Zougank zur Gesondheet

4.9. Mir wäerten den Tiers-payant generaliséieren, dat heescht datt d'Gesondheetskeess (CNS) d'Dokteschrechnungen direkt bezilt. Déi perséinlech Bedeelegung un de Fraise bei de Gesondheetskäschte wäert ofgeschaaft ginn, sou datt d'Gesondheetskeess 100% iwwerhëlt amplaz am Moment just 88%.

4.10. Mir wäerten eng universell Gesondheetsversuergung (couverture de santé universelle - CUSS) opstellen, sou datt all Persoun déi hei zu Lëtzebuerg wunnt och Zougank zu de Gesondheetsservicer huet, och wann se net bei der Sozialversécherung affiliéiert ass. D'CUSS wäert als e soziaalt Recht agefouert gi mat engem solidaresche Finanzéierungssystem wéi dee vun der Sozialversécherung.

4.11. Mir wëllen d'Primmen, déi u Gesondheetsversécherungen a Mutuellen iwwerwise ginn, ëmwandelen a Sozialkotisatiounen.

4.12. Mir wëllen den TVA-Saz vun 3% och bei Wëndele fir Kanner a fir Erwuessener applizéieren, zousätzlech zu den Hygiènesartikel, bei deene schonns dësen Taux ugewannt ginn.

4.13. Fir déi menstrual Prekaritéit ze bekämpfen, wëlle mir grondleeënd Hygiènesartikel (Tampon, Binden) am ëffentlech Raum gratis zur Verfügung stellen, sou wéi an ëffentleche Gebaier, Bildungsariichtungen, Sozialstrukturen oder an Associatiounen an Organisatiounen, déi mat prekariséierte Bevëlkerungsschichte schaffen. Mir wëllen och privat Entreprisen dozou ureegen, grondleeënd Hygiènesartikel gratis op der Aarbechtsplaz zur Verfügung ze stellen.

4.14. Andeems mir rezeptflichteg Verhiddungsmëttel (Pëll, Diaphragma, Spiral, asw.) komplett rembourséieren, suerge mir fir e fräien Zougank zur Verhütung.. Déi Verhütungsmëttel, fir déi ee kee Rezept brauch (Preservativen), mussen op méi Plaze gratis zur Verfügung gestallt ginn, zum Beispill an de Sozialstrukturen, den Associatiounen an Organisatiounen déi mat prekariséierte Bevëlkerungsschichte schaffen, de Schoulen a Lycéeën, der Universitéit oder an Entreprisen.

Fokus op d'Salariatsmedezin am Déngscht vun der ëffentlecher Gesondheet

4.15. Mir wëllen de Statut vum "médecin salarié" stäerken a promouvéieren an hunn als Ziel, datt an den ëffentleche Gesondheetsstrukture just nach Persoune schaffen déi vum Staat agestallt sinn. Dat gëllt beispillsweis fir déi ëffentlech Spideeler, d'Gesondheetshaiser an d'Antenne vun de Spideeler.

4.16. Mir wëllen d'Salairen no uewen upassen andeems mir e Koeffizient bei der Tarifikatioun vun de Servicer aféieren, deen der Komplexitéit an de schwieregen Aarbechtsbedingungen am Spidolssecteur Rechnung dréit. D'Bezuelung vun de Garden an Astreinten am Spidolssecteur soll méi attraktiv gemaach ginn. D'Formatioun continue soll obligatoresch gi souwuel fir déi staatlech ugestallten, wéi och fir déi liberal Dokteren.

4.17. Mir wäerten eng Bachelor- a Masterformatioun fir Infirmièren an Infirmieren aféieren an och d'Formation continue promouvéieren. Fir d'Personal am Gesondheetssecteur wéi aide-soignant·e·s oder auxiliaires de vie, oder och Persounen déi als Fleegehëllef aktiv sinn, musse Passerelle geschaaft ginn op déi medezinesch Studie fir dës Beruffer ze valoriséieren.

4.18. Mir wëllen d'Passerellen vereinfachen tëscht de medezinesche Studien an der Formatioun fir Gesondheetsberuffer, dorënner déi fir Infirmière/Infirmier. Infirmièren an Infirmiere musse kënnen hir Studie komplettéiere mat engem universitäre Parcours dee bis zum Doktorat geet. Déi informell Aidante mussen d'Méiglechkeet hunn am Gesondheetssecteur eng Formatioun ze kréien fir Perspektiven opzemaachen (besonnesch wann déi betreffend Persounen ouni Aarbecht sinn).

4.19. An der Perspektive fir den Zougank zu den universitäre Studien z'erliichteren a letztendlech och d'Zuel vun Dokteschen an Dokteren z'erhéijen, wëlle mir den Zougankssystem zu de medezinesche Studien reforméieren. De numerus clausus ass kee gutt Instrument fir d'Eegnung vun den zukünftegen Dokteschen an Dokteren um Terrain z'evaluéieren.

4.20. D'Dotatioun u Personal muss un déi reell Besoinen ugepasst ginn. Den aktuellen Evaluatiounssystem vum Aarbechtsvolume schaaft eng permanent Situatioun vun Iwwerbeschäftegung. An där Zäit bis datt d'Zuel u Personal kann erhéicht ginn, muss déi administrativ Charge vum Gesondheetspersonal verréngert ginn. Och musse Mesuren ergraff gi fir géint de Syndrom vum "Burn-out" ze kämpfen (psychologesch Begleedung, Rou- oder Sportsäll, asw.). Mir wäerte Vertrieder·innen vun den Infirmièren an Infirmieren an de Gesondheetsministère delegéiere fir eng Strategie am Beräich vun der Fleeg auszeschaffen.

4.21. Mir wëllen d'Befugnisser vun den Infirmièren an Infirmieren stäerke fir am Kader vun hirem Aufgabeberäich selbststänneg Initiativen an och Diagnostiken ze maache bei der Fleeg vun de Patientinnen a Patienten.

Virbeuge fir besser ze heelen

4.22. Mir wäerten e besonneschen Accent leeën op d'Präventioun vu physeschen a mentale Krankheeten. Vill Aspekter an eisem Programm zielen op eng Verbesserung vum Wuelbefanne vun de Leit of an op eng gesond Ëmwelt. Dat trëfft beispillsweis zou fir d'Aarbechtszäitverkierzung (Kapitel Aarbecht), d'Renovatioun vun de Logementer (Kapitel Logement), eng gesond Ernierung (Kapitel Landwirtschaft), eng Reduzéierung vum Autostrafic (Kapitel Mobilitéit) oder eng Reduzéierung vun der Pollutioun (Kapitel Ëmwelt). Mir wëllen och, datt d'Gesetzesproposen, Reglementer a Projeten evaluéiert gi par Rapport zu hirem Impakt op d'ëffentlech Gesondheet.

4.23. Mir wäerten d'Präventioun an d'Erkenne vu sexueller Mësshandlung bei Kanner verstäerken. D'Konsequenzen op déi mental Gesondheet mussen unerkannt ginn an déi néideg Behandlung vun de Folge muss assuréiert ginn. Och fir d'Täter musse Programmer opgestallt gi fir Recidiven ze verhënneren a se mussen a spezialiséierten Institutiounen encadréiert ginn. D'Sexualitéit muss oppen thematiséiert ginn an déi emotional a sexuell Gesondheet muss wärend der Kandheet an an der Jugend begleet ginn. Mir brauche Servicer mat forméiertem Personal déi sech speziell ëm d'Preventioun, d'Erkennen an d'Behandlung vu sexueller Gewalt u Kanner këmmeren.

4.24. Mir wëllen nei Preventiounsprogrammer opstelle baséierend op fréizäitege medezinesche Kontrollen an dat speziell fir Kanner. Reklamme fir Produiten déi schiedlech si fir d'Gesondheet oder fir d'Ëmwelt musse verbuede ginn.

4.25. Mir ënnerstëtzen d'Opstelle vun engem Departement am Beräich vun der Ëmweltmedezin dat elo am Südspidol kann integréiert ginn a spéiderhin an eng Universitéitsklinik.

4.26. Andeems mer en eenheetleche Service vun der Aarbechtsmedezin wëlle schafen, soll d'Gesondheet op der Aarbechtsplaz gestäerkt ginn (Kapitel Aarbecht).

4.27. Mir wäerten déi néideg Instrumenter opstelle fir d'Verschmotzung vun der Loft, de Gewässer an de Biedem ze moossen a fir de Public iwwert d'Moosswäerter z'informéieren.

4.28. Fir verschidden Otemweeerkrankungen ze verhënneren, wäerte mir eng ëffentlech Campagne lancéieren fir d'Renovatioun an d'Isolatioun vun degradéierte Logementer. Mir brauchen och eng ëffentlech Campagne fir den Asbest ze bekämpfen.

4.29. Mir wëllen d'Benotze vun Amalgammen an der Zännmedezin formell verbidden, sou wéi dat europäescht Reglement (UE) 2017/852 dat virgesäit.

Géint déi mental Krankheeten ukämpfen

4.30. Mir wäerten direkt de integrale Remboursement vun der Psychotherapie aféieren am Kader vum generaliséierten Tiers payant. De Remboursement vun alternativen Therapien wäert no enger Evaluatioun reglementéiert ginn a Funktioun vun hirem Impakt op d'mental Gesondheet vun de Patient·inn·en.

4.31. Fir der stänneg klammender Demande kënne gerecht ze ginn, wäerte mir d'Zuel vun de Better a Plazen an den Therapiezenteren erop setzen an d'Personal opstocken.

4.32. Mir wäerte Sensibiliséierungs- an Informatiounscampagnë lancéiere fir psychesch a psychologesch Krankheetsbiller ze enttabuiséieren.

4.33. Mir wëllen déi psychotherapeutesch Offer vum Staat vergréisseren andeems mir méi medezinescht a paramedezinescht Personal rekrutéieren an de pluri-professionelle Gesondheetshaiser, de Schoulen, der Universitéit, de Kannerbetreiungsstrukturen, de Flüchtlingsheemer, de Fraen- a Jugendhaiser, den Altersheemer, sou wéi an de Programmer fir dat betreit Wunnen a bei der Aarbechtsmedezin. 

4.34. Mir wëllen op der Universitéit Lëtzebuerg e Studiegank aféieren am Beräich Psychiatrie a Kannerpsychiatrie (diplôme d'études spécialisées). Donieft mussen och gratis Formatiounen ugebuede gi fir d'Therapien déi vun der CNS unerkannt si fir d'Offer un rembourséierten Therapien ze vergréisseren.

4.35. Éischt-Hëllefs-Formatiounen am Beräich vu der mentaler Gesondheet mussen an de Schoulen, Lycéeën an ëffentleche Verwaltunge virgesi ginn. Mir wäerten och Coursen am Beräich "éducation émotionelle et compétences sociales" an de Schoulen a Lycéeën ubidde mat Formatioune fir d'Léierpersonal. Um Niveau vun de Primärschoule mussen Entspanungs- a Relaxatiounsmomenter ageplangt ginn.

4.36. Mir wäerten eng national Strategie géint Suizid entwéckelen.

4.37. Mir wäerten e besonnesche Fokus op déi mental Gesondheet bei Jonken leeën. Déi psycho-mental Problemer an de soziale Stress, deen op déi Jonk awierkt, musse politesch méi thematiséiert ginn. Mir setzen op d'Preventioun vu mentale Schwieregkeete bei Jonken duerch Sensibiliséierung an Diagnosen. Déi Jonk mussen och am schouleschen Ëmfeld geléiert ginn, wéi een sech dogéint schützt a wéi een domadder ëmgeet. Mir wäerten d'Offer fir psychologesch a sozial Hëllef ausbauen, andeems mir spezialiséiert Ulafzentere schafen a mir wäerte fir e liichten Zougank zu Hëllef a Fleeg suergen.

Seele Krankheeten, Pathologien, Epidemien - déi ëffentlech Aktioun stäerken

4.38. Mir wëllen e Kompetenzpol fir seele Krankheeten schafen deen integréiert ass am System vun den ERN (Réseaux Européens de Référence). D'Aktioune vum ëffentleche Gesondheetssystem, der Fuerschung an der sozialer Aarbecht musse koordinéiert gi fir déi verschidden national Pläng (Kriibs, seele Krankheeten, Antibioticken, Demenz, Hepatite an HIV) nei opzestellen. Mir brauchen och nei national Pläng fir den Diabetes a fir den Autismus.

4.39. Mir wëllen eng ëffentlech Instanz schafen déi vir de Kaf vu Medikamenter zoustänneg ass (ënnert der Form vun engem établissement public). Des Instanz kritt déi legal Kompetenze fir mat de Pharmakonzerner ze verhandelen, seng eege Mechanisme fir d'Präisfixéierung a muss kënne laangfristeg ëffentlech Ausschreiwunge maache fir grouss Quantitéiten u Medikamenter.

4.40. D'Kompetenze vum Luxembourg Institute of Health (LIH) mussen erweidert gi fir dat dëst Institut kann epidemiologesch Regësteren opstellen zu deene Krankheeten a Pathologien, fir déi et e nationale Plang gëtt (Demenz, seele Krankheeten, asw.).

4.41. Mir fuerderen d'Opstelle vun engem nationale Pandemieplang op Basis vun enger Evaluatioun vun den Erfarungen, déi gemaach goufen. Dëse Plang soll verschidde Phasë fir d'Pandemie-Gestioun festhalen an d'Auswierkunge vun all Phase op dat soziaalt Liewe beschreiwen (Aarbechtswelt, Fräizäit, Educatioun, ëffentlecht a privat Liewen). E soll Mesuren enthale fir d'Risiken an enger Pandemie ze minimiséieren a fir déi vital Interesse vun der Allgemengheet ze sécheren.

4.42. Mir wäerten zu Lëtzebuerg den europäesche Mechanismus vun den "Évaluations des Technologies Sanitaires (HTA)" entwéckelen andeems mir eng spezifesch Agence HTA schafen oder dës Funktioun um Niveau vum Luxembourg Institute of Health (LIH) usidelen. Dat an enker Zesummenaarbecht mat dem europäesche Mechanismus.

4.43. Mir wäerte beim Luxembourg Institute of Health (LIH) en Organismus schafen, dee fir d'Planifikatioun a fir d'Kontroll vum Depistage prenatal, périnatal a post-natal zoustänneg ass, sou wéi fir d'genetesch Berodung.

De Beruff vun der Hiewamm revaloriséieren a géint gynekologesch an obstetresch Gewalt virgoen

4.44. Innerhalb vun de pluri-professionnelle Gesondheetshaiser wäerte mir eng enk Zesummenaarbecht tëschent den Hiewammen an de Gynekologen favoriséieren.

4.45. Et ass eis wichteg, datt eng neutral Schlichtungsstell ageriicht gëtt fir Persounen, déi am Kader vun hirer Schwangerschaft oder enger Gebuert Affer vu Gewalt gi sinn. Am Virfeld wäerte mir mat de Patient·inn·en an dem concernéierte Gesondheetspersonal (Gynekologen, Hiewammen, Obstétricien·ne·s) eng Definitioun aféiere vun de VGO (violences gynécologiques et/ou obstétriques). An de Etüden, Projeten a Mesurë fir géint d'VGO unzegoen, wäerte mir och op d'Besoine vun den Trans-, intersex an non-binäre Persounen agoen.

 4.46. Mir brauchen onbedéngt präzis a reegelméisseg Donnéeën zu de VGO (violences gynécologiques et obstétriques).

4.47. Mir wäerten de System SUSANA (System de Surveillance de la Santé Prenatales) nees aktivéieren an d'Donnéeë vum Regëster PERIMETER updaten. Dräimol am Joer soll e Rapport iwwert d'Gebuerte rauskommen an hir Evolutioun säit 2011.

 4.48. Mir wëllen erlaben, datt eng drëtt Vertrauenspersoun bei der Gebuert däerf present sinn.

D'Rechter vun de Patient·inn·en stäerken

4.49. Mir wäerten kloer Definitiounen opstellen fir Diagnose- a Behandlungsfräiheet an eng onofhängeg Schlichtungsverfare asetzen, sou wéi et se och an Däitschland gëtt. Dës Instanz, an där onofhängeg Medezinner a Juristen setzen, soll entscheeden, ob en Diagnose- oder Behandlungsfeeler virläit oder net. Sou gëtt verhënnert, datt d'Sträitfäll direkt musse viru Geriicht ausgedroe ginn.

4.50. Et gëllt sécher ze stellen, datt d'Patient·inn·en hiert Recht kënne wouer huelen vun enger Vertrauenspersoun begleet ze ginn. Dat gëllt och fir de Kontrolldokter vun der Sozialversécherung.

4.51. Mir wëllen d'Recht op e fräiwëllege Schwangerschaftsofbroch an d'Verfassung aschreiwe loossen a mir wëllen e spezifesche Code an der Nomenclature aféiere fir de medikamentéisen an de chirurgesche Schwangerschaftsofbroch (curetage). Et mussen déi néideg Moyene bereet gestallt gi fir datt eng optimal Behandlung ka garantéiert ginn. Mir wëllen och, datt en Ofbroch bis zur 14. Woch vun der Schwangerschaft méiglech ass. Mir wäerten zesumme mat der CNS reegelméisseg Statistiken erstellen iwwert dës Thematik.

D'Toxikomanie ass eng Saach vun ëffentlecher Gesondheet

4.52. Mir wëllen nei Fixerstuffen an de Gemengen ariichte mat enger méi equilibréierter Verdeelung iwwert den Territoire.

4.53. Nieft dem interkommunalen Netzwierk vu Fixerstuffe wëlle mir och iwwergeuerdent Strukture fir den Encadrement opstellen (CAARUD - Centres d'Accueil et d'Accompagnement à la Réduction de risques pour Usagers de Drogues). Des Strukture bidden Assistance sociale, Gesondheets- a Fleegeservicer a Restauratioun. Se stelle proppert Material zur Verfügung an entsuergen déi gebrauchte Sprëtzen.

4.54. Fir d'Reinsertioun vun Drogepatient·inn·en an d'Gesellschaft z'erliichteren, wëlle mir speziell Wunnstrukturen ariichten, wou Formatiounen an eng sozial Begleedung ugebuede ginn.

4.55. Mir wäerten de Konsum vum Cannabis legaliséieren fir Mënschen ab 16 Joer. Et soll en ëffentleche Marché ginn fir de Kaf an de Konsum. D'Produktioun soll op nationalem Niveau organiséiert ginn mat engem Cahier de charges an engem Accent op d'Kultur am Fräien. Den Luxembourg Institute of Health (LIH) gëtt beoptraagt d'Qualitéit z'iwwerpréiwen an datt den Taux un THC net iwwert 10% eraus geet. D'Legalisatioun wäert begleet ginn duerch pedagogesch Sensibiliséierungscampagnen, déi iwwert d'Gefore vum Konsum opkläert a Preventioun bedreift.

5. Educatioun

Déi ëffentlech Schoul verdeedegen a stäerken

5.1. déi Lénk wäerten déi d'ëffentlech Schoul verdeedegen a stäerken, andeems mir d'Recht op den Zougang zu engem Qualitéitsunterrecht fir all Schüler·innen garantéieren. Mir garantéieren och eng villsäiteg Schouloffer an alle Lycéeën.

5.2. Mir wäerte géint d'Reproduktioun vu sozialen Ongläichheeten kämpfen, andeems mir eng Schoul fir jiddereen entwéckelen mat der Aféierung vum "tronc commun", dee virgesäit:

  • eng wierklech Uwendung vun der Opdeelung vun der Schoul an Zyklen, sou wéi dat ofgeännert Gesetz vun 2009 iwwert d'Organisatioun vun der Grondschoul et virgesäit;
  • ee gemeinsame pedagogesche Wee fir d'Schülerinnen vum éischten Zyklus bis zum Enn vun der Schoulflicht (16 Joer);
  • eng Upassung vun der grondleeënder Opdeelung vun de Grondschoulen an de Lycéeën, fir d'Zesummenaarbecht an d'Demokratiséierung vun der Schoulgemeinschaft ze fërderen an esou pedagogesch a sozial Konzepter am Kader vum tronc commun ze erméiglechen;
  • de Bau vun neie Schoule mat integréierte maison relais, déi eng wierklech Eenheet erginn, mat enger Capacitéit vu maximal 450 Schülerinnen;
  • Léiermethoden, déi méi eng spezifesch Begleedung erlaben an déi dem Léiertempo vun all Schülerin ugepasst sinn;
  • d'Opdeele vun de Schülerinnen a Gruppen a no Krittären, déi déi sozial Villfalt an eng géigesäiteg Ënnerstëtzung fërderen;
  • individuell pedagogesch Ënnerstëtzung a Form vum Tutorat;
  • d'Begleeden vun de perséinlechen Aarbechten vun de Schülerinnen ab der Primärschoul;
  • e villsäitegt Léierteam pro Klass, ugepasst un d'Besoinen vun de Schülerinnen;
  • d'Verankerung vun de Ressourcen a Kompetenzen vun der éducation différenciée an de Schoulen;
  • d'Reform vum "rallongement", dee sech an der aktueller Praxis net vum Dubléieren ënnerscheet.

5.3. Mir wäerten eis kategoresch wieren géint all neie Versuch vun der Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul. Zum Beispill däerf de Staat d'Entwécklung vun de Léierprogrammer an Tester net méi u Privatfirme ofginn. Mir refuséieren och de Konkurrenzkampf tëscht de Schoulen, bei deem all Schoul probéiere muss sech mat senger Formatiounsoffer ze behaapten.

5.4. Mir wäerten fir eng allgemeng Entlaaschtung vum Studieplang suergen. Déi wesentlech Elementer vun Inhalt a Kompetenze, déi d'Schüler·innen entwéckele sollen, mussen definéiert ginn, sou datt d'Léierziler fir all Schüler·in am Studieplang kënnen differenzéiert ginn. Dat erméiglecht en individuellen Suivi vun de d'Schüler·innen. Och d'Autonomie bei der Entwécklung vun de pedagogesche Léiermethoden muss fir d'ëffentlech Schoule garantéiert sinn. Dat erméiglecht all Schoul, sech beschtméiglech un déi verschidde Bedierfnesser vun hire d'Schüler·innen unzepassen a stäerkt d'Eegestännegkeet an den Entscheedunge vun der Schoulgemeinschaft (Schüler·innen, Enseignanten, Elteren).

5.5. Mir wëllen am CGIE (Centre de Gestion informatique de l'Éducation) d'Entwécklung vu Softwaren a Ressourcen am "Open Source" fërdere. Esou kënnen d'Date vun de Benotzer·innen (Enseignanten a Schüler·innen) besser geschützt ginn an d'Éducation nationale léist sech aus senger Ofhängegkeet vun de groussen Data-Konzerner a Multinationalen vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien.

D'Zesummenaarbecht tëscht dem Educatiounsministère an de verschiddenen Acteuren stäerken

5.6. D'Zesummenaarbecht tëscht dem Educatiounsministère an de verschiddenen Acteure vun der Educatioun um kommunalen Niveau muss verstäerkt ginn.

5.7. Et ass néideg de reegelméissegen Austausch tëscht de Comitéë fir den enseignement fondamental an den Elteren vun de Schüler·innen ze stäerken, genee wéi tëscht der Direktioun an de Schoulcomitéen. Mir wäerten dofir suergen, datt e reegelméissege konstruktiven Dialog tëscht dem Educatiounsministère an de verschiddene Gewerkschaften, déi d'Enseignante representéieren, institutionaliséiert gëtt.

5.8. Mir wëllen d'Vertriedung vun de Schüler·innen am Educatiounsrot vun de Lycéeën stäerken, fir datt se méi un der Evaluatioun vum „Schoulentwécklungsplang“ bedeelegt ass, soulaang dësen a Kraaft bleift. De Schülercomitéen muss e Mindestbudget zur Verfügung gestallt ginn fir hir Autonomie bei der Entwécklung vun hiren Aktivitéiten an Aktiounen ze garantéieren. Zousätzlech mussen d'Schülervertrieder·innen eng gewëssen Unzuel u fräie Stonne kréien, fir hir Aktivitéiten virzebereeden an auszeféieren.

5.9. Mir wäerten dofir suergen datt d'CNEL (Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg) méi Ënnerstëtzung kritt duerch den Educatiounsministère, d'Schouldirektiounen an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), virun allem bei der Entwécklung vun Instrumenter a Formatioune fir Klassendelegéierten an d'Schülercomitéen.

5.10. Mir wëllen datt d'Verantwortung vum Tutorat vum Cycle kann innerhalb vun der pedagogescher Ekipp gedeelt ginn, déi aus allen Enseignanten besteet, déi an deem Cycle ënnerriichten.

Déi emanzipatoresch Roll vun der Schoul stäerken

5.11. Mir wäerten déi emanzipatoresch Roll vun der Schoul stäerken andeems mir dem "enseignement à la citoyenneté" an der Allgemengbildung méi Plaz araumen an och sensibiliséiere par Rapport zu de Geschlechterstereotyppen an anere Forme vun Diskriminatioun (Klasseveruechtung, Rassismus, Validismus, Homophobie, Transphobie, asw.).

5.12. Mir wäerten d'Entwécklung vum Enseignement ausserhalb vun der Schoulgebaier ënnerstëtzen. Dat betrëfft beispillsweis de Besuch vu verschiddene berufflechen Ëmfelder an de Kontakt mat Leit, déi do schaffen. Dës Coursë ginn organiséiert ab den ënneschte Cyclë vum Secondaire (ab 12 Joer am Kader vum tronc commun).

5.13. Mir wäerten de Cours "vie et société", dee nach staark gepräägt ass vum Reliounsunterrecht, ersetzen duerch e Cours iwwert praktesch Philosophie. E soll e méi objektiven Enseignement bidden iwwert dat soziaalt Liewen an déi systemesch Denkweisen.

5.14. Mir wäerten eng historesch a soziologesch Basisformatioun am Secondaire (ab 12 Joer) aféieren. Hei soll eng kritesch Rekontextualiséierung vun der Kolonialgeschicht gemaach a d'Populargeschicht vermëttelt ginn. Ënnert anerem sollen déi sozial a politesch Beweegungen thematiséiert ginn an der Roll, déi d'Fraen an hinne gespillt hunn.

5.15. Mir wëllen e Konschtprogramm am Schoulmilieu aféieren an Zesummenaarbecht mat Kënschtlerinnen a Kënschtler aus alle Konschtrichtungen.

5.16. Mir ënnerstëtze Projeten an de Schoulen, déi sech op dat mentaalt a kierperlecht Wuelbefannen vun de Kanner konzentréieren duerch Entspanungstechnike wéi Yoga.

5.17. Mir wäerten eng Formatioun an der kritescher Notzung vun den neien Technologien a Medie fir all Studenten etabléieren. Et geet ëm en informéierten Ëmgank mat neie Medien, kënschtlecher Intelligenz an digitalen Instrumenter. An dësem Kontext ginn och déi psycho-mental a gesondheetlech Risike vun enger verstäerkter Belaaschtung duerch Bildschiermer thematiséiert.

5.18. Mir wëllen en Observatoire de l'égalité de genre schafe fir géint d'Widderhuelung vu Geschlechterstereotyppen an der nationaler Educatioun unzegoen. Dës Institutioun, déi aus Fuerscher, Formateure vum IFEN a Formateuren aus dem associative Beräich soll bestoen, géing am Benefice vum Educatiounsministère an dem Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer schaffen. Den Observatoire géif dräi Missiounen erfëllen:

  • d'Revisioun vun de Léierbicher an de Schoulprogrammer duerch de Prisma vun der Geschlechtergläichheet;
  • d'Entwécklung vu Formatioun fir Enseignanten iwwert den Ëmgank mat Geschlechterstereotyppen;
  • d'Entwécklung vu pedagogeschen Inhalter a Materialien déi d'Geschlechterstereotyppen net reproduzéieren.

5.19. Am Interêt vun enger besserer Zesummenaarbecht tëscht de Servicer, a fir d'Inclusioun vu Schüler·innen mat spezielle Besoinen ze verbesseren, wëlle mir d'Kompetenzzentre reforméieren no folgende Prinzippien:

  • fix Ekippe aus multiprofessionellem pedagogeschem Personal aus de Kompetenzzentren sollen direkt an d'Klassen detachéiert ginn;
  • d'Aarbecht vum edukativen a psychosoziale Personal, dat mat Schüler·inne mat spezielle Besoinen a Kontakt ass, muss gesetzlech encadréiert ginn;
  • den Aarbechtsopwand vum edukativen a psychosoziale Personal muss realistesch kalkuléiert ginn;
  • d'Kompetenzzentre mussen op engem eenzege Site regroupéiert ginn.

D'Beruffsausbildung an d'Handwierk valoriséieren

5.20. Déi fréi Orientéierung am Secondaire an d'Zwangsorientéierung an de Preparatoire opgrond vu „schlechte“ Schoulresultater muss ofgeschaaft ginn. Ausserdeem wäerte mir den Enseignement duerch Modulen opginn, déi d'Schüler a Kompetenzgruppen opsplécken an engem inklusiven Unterrecht entgéint stinn.

5.21. Mir wäerten dofir suergen, d'Handwierk an d'Ubaue vu Planzen (pedagogesche Geméisgaart) ab dem Fondamental ze fërderen, andeems mir entspriechend Aktivitéiten an de Studieplang integréieren. Mir wäerten och d'Geschlechterstereotyppen iwwer vermeintlech "maskulin" oder "feminin" Beruffer bekämpfen duerch Sensibiliséierungscampagnen a Stage fir Beruffer z'entdecken, an dat ab dem Alter vun 12 als Deel vum tronc commun.

 5.22. Mir wäerten d'Vertriedung vun den Handwierker an der Beruffsausbildung stäerken an dofir suergen, datt d'Handwierk am Kader vum Kampf géint d'Äerderwiermung an der Promotioun vun nohaltegen an ekologesch verantwortleche Produktiounsmethode valoriséiert gëtt.

5.23. Bei der Educatiounsoffer wäerte mir fir e fairen Equiliber tëscht de Regiounen suergen, fir eng Konzentratioun vu bestëmmte Formatiounsofferen op enger eenzeger Plaz ze vermeiden, wéi dat elo am Hotelswiesen oder an der Landwirtschaft de Fall ass.

5.24. Mir wëllen d'Betriber encouragéieren, genuch Léierplazen unzebidden, andeems mir deene Betriber, déi net dozou bereet sinn, eng Tax operleeën. Och wëlle mir usprochsvoll Formatiounen ubidde fir déi Leit an de Betriber, déi jonk Leit uléieren.

5.25. Mir wëlle Bréckeklassen (classes passerelles) aféieren, déi et erlabe solle vun der Beruffsausbildung an den Enseignement général ze wiesselen, vum Enseignement général an den Enseignement classique an ëmgekéiert.

5.26. Fir d'Sproochkompetenzen vun de Schüler ze stäerken, besonnesch wat d'Erléiere vun technesche Begrëffer vun der Fachsprooch ugeet, wëlle mir zweesproocheg Filièren aféieren. Zousätzlech stäerke mir d'Sproochenunterrecht an de Mathematiksunterrecht fir Techniker op 4e an 3e, fir datt se e Niveau kënne kréien, deen hinnen Zougank zu enger Héichschoul gëtt.

5.27. Mir wäerten d'Ufuerderungen a Saache Kompetenzen bei der Formatioun a bei der Bewäertung erhéijen an d'Zuel vun de Studente pro Klass/Formatioun op 16 limitéieren.

5.28. Mir wäerten e Joer Formatioun aféieren, an deem d'Kenneléiere vun de Beruffer an d'Konsolidéierung vun den Kenntnisser am Zentrum stinn, är datt et an den entspriechende Regime geet (Schoul/Betrib). Dat gëllt allerdéngs net fir d'Erwuessenenausbildung.

5.29. Mir wëllen dofir suergen, datt et fir medezinesch gerechtfäerdegt Absencen e Rattrapage gëtt vun engem Deel vum projet intégré, genee wéi dat och am Secondaire beim Premièresexamen de Fall ass. Dat gëllt fir all d'Formatioune fir de CCP, de DAP an de DT.

5.30. Mir wëllen integréiert Projeten entwéckele fir de Studenten en Iwwerbléck iwwer hir Disziplinnen ze vermëttelen.

5.31. Parallel zu de gratis Schoulbicher wëlle mir och gratis Aarbechtskleedung an Aarbechtsmaterial ubidden. Mir wëllen och eng eenheetlech Indemnitéit fir d'Stagen aféieren, wou de Basismontant vum Staat fir all Beruffskategorien dee selwechten ass.

5.32. Den DAP (Diplôme d'aptitude professionnelle) muss opgewäert ginn, andeems ee véiert Joer Ausbildung derbäi kënnt. Mir wëllen d'Formatioun fir d'Meeschterprüfung adaptéieren a stäerken a se op dem Niveau 6 vum Lëtzebuerger Kader unerkennen (Bachelor). Zousätzlech wëlle mir den automateschen Zougank fir Techniker·innen op d'études supérieres erméiglechen no dem Erreeche vum Premièresdiplom.

Friemsprooche léieren ass eng Chance an net e Faktor vum Echec

5.33. D'Schouldidaktik an d'Léierbicher mussen un déi spezifesch national sproochlech Situatioun ugepasst ginn.

5.34. Mir wëllen d'Léiere vun de Primärsproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) erliichteren. D'Méiglechkeet, d'Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch als eenheetlech Sprooch anzeféieren, muss kritesch analyséiert an evaluéiert ginn.

5.35. Mir engagéieren eis géint den Ausbau vun den ëffentlechen internationale Schoulen. Als éischt muss en ausféierlechen Evaluatiounsbericht ausgeschafft gi fir d'Effizienz vum internationale System ze bewäerten.

Géint de Mangel u Léierpersonal virgoen.

5.36. Mir setzen eis vir eng Reform vum Stage an a fir dorausser een Outil vu pedagogescher Formatioun ze maachen.

5.37. Mir setzen eis dofir an, datt d'Léierpersonal vun „Best practices“ profitéieren déi et och erlaben hir Kompetenzen an eventuell Feeler z'analyséiere fir dass d'Léierpersonal seng Aarbecht esou gutt wéi méiglech maache kann.

5.38. Mir passen d'Rekrutementsprozedur un d'Exigenze vun de Formatiounsziler un, besonnesch am Hibléck op déi digital Outilen, déi haut am Unterrecht benotzt ginn an op d’Aféiere vun neie Fächer am Beräich Ëmwelt

5.39. Mir wëllen d'Asetze vu sougenannten „Quereinsteiger“ analyséieren andeems folgend Aspekter beuechten: d'Sich no enger Dauerhafter Léisung fir de Personalmangel, den Impakt op d'Qualitéit vum Unterrecht an d'Formatiounsbesoine vum rekrutéierte Personal. Op Basis vun dëser Evaluatioun, wëlle mir den Dispositif „Quereinsteiger“ nei reegele fir en un déi gängeg Karriären aus dem Fondamental unzepassen.

5.40. Mir wëllen den Contingent deen de Staat un d'Gemenge verdeelt erhéijen an de Verdeelungsschlëssel vum Léierpersonal upassen andeems mir d'Unzuel vum Léierpersonal am Cycle inférieur eropsetzen. An deem Kontext wëlle mir och d'Zesummenaarbecht tëschent der Schoul an de Maison-relaise verbesseren.

Präzis Objektiver an transparent Evaluatiounsmethoden

5.41. Mir promouvéiere präzis Objektiver an transparent Evaluatiounsmethoden duerch:

  • reegelméissege Bilanen déi op déi individuell Situatioun vum/vun der Schüler aginn an déi op de Stäerkten an net op de Schwächte beroue fir esou kloer Léierziler opzestellen an adaptéiert Hëllefsmesuren ze proposéieren;
  • Hausaufgaben déi d'Kreativitéit an de kritesche Geescht fërderen;
  • d'Aféiere vun engem System deen d'Léieren an d'Fäerdegstelle vun Aufgaben am Schoulkader stattfanne léisst, fir esou Kanner net ze benodeelegen, déi net vun hiren Eltere gehollef kënne kréien;
  • dat definitiv Ofschafe vun der sougenannter „évaluation par doublement dépassement“ (et kann ee méi Punkte verléiere wéi een der kréie kann) déi et nach ëmmer a verschiddene Fächer am Secondaire classique gëtt, wéi zum Beispill am Franséischen.

Life-long learning ass ee Recht dat garantéiert muss sinn

5.42. Mir féieren en Zäitkont am Kader vum life long learning a fir datt Leit an Aarbecht a Leit op der Sich no Aarbecht sech weiderbilde kënnen.

5.43. Mir wäiten d'Offer vun der Formation professionnelle continue op all schoulesch Diplomer an op all professionell Zertifikatiounen aus.

5.44. Mir féieren adequat Formatiounen a fir op séier technologesch Mutatiounen an op d'Erausfuerderunge vun der Digitalisatioun ze äntweren.

6. Steierpolitik

Déi kléng Léin entlaaschten an déi ganz héisch Revenuen méi besteieren

6.1. déi Lénk proposéieren déi dräi Steierklassen (1, 1A, an 2) ofzeschafen an eng eenzeg Steierklass anzeféieren, woubäi awer duerno eng Gewiichtung stattfanne soll jee no Zesummesetzung vum Stot. All Persoun ouni eegene Revenu déi vum Steierzueler ofhängeg ass (z.B. Partner oder Kanner) senkt per Koeffizient d'Steierlaascht vum Steierzueler. Dat erméiglecht et, dem Prinzip vun der Beitragskapazität besser Rechnung ze droen, déi aktuell Inegalitéite par Rapport zum Etat civil (Jonggesell, bestuet, gescheet, verwitwert) opzehiewen an och der Situatioun vun de Monoparentaux'en ze verbesseren.

6.2. Et ass ganz wichteg d'Steiertabell nei ze amenagéiere fir d'Progressivitéit ze reduzéieren zugonschte vun de niddregen Akommes. Als Géigestéck wëlle mer d'Progressivitéit bei den héijen Akommes eropsetzen an de Spëtzesteiersaz mat zousätzlechen Tranchë bis op 50% erhéijen.

6.3. D'Steiertabell muss nees automatesch un d'Inflatioun ugepasst gi fir déi verstoppte Steiererhéijungen ze verhënneren.

6.4. Mir wëllen eng Revalorisatioun duerchféiere vun de Steierkreditter, den Abattementen an anerer forfaitairë Steiermesuren (frais de déplacement, frais d'obtention, dépenses spéciales, primes d'assurance), fir se nees un d'Inflatioun an un déi sozial Realitéiten unzepassen.

6.5. Mir wäerten dofir suergen datt all Steierzueler automatesch e järlechen Decompte vun de Steiere geschéckt kritt, fir datt och déi Leit déi keng Steiererklärung maachen, hir aussergewéinlech Depensen an extraordinär Charge kënne geltend maache fir een Deel vun den Avancen erëm zréck ze kréien. Et mussen och Efforten ënnerholl ginn, fir datt d'Steiererklärung méi einfach auszefëllen ass fir Mënschen, déi keng besonnesch Virkenntnesser am Steierrecht hunn.

De Räichtum an d'Kapitalrevenuen besteieren

6.6. Mir wëllen d'Räichesteier fir physesch Persounen nees aféieren, woubäi den Haaptwunnsëtz a Spuerguthaben ënner 200.000 Euro exoneréiert sinn. D'Verméige wat doriwwer eraus geet, soll mat engem progressiven Taux tëschent 0,5% an 2% besteiert ginn. D'Bankgeheimnis géigeniwwer vun der Steierverwaltung soll opgehuewe ginn.

6.7. Mir wëllen eng Ierfschaftssteier an direkter Linn aféieren, woubäi awer fir all Iewen eng Tranche vun 1,5 Milliounen Euro exoneréiert ass.

6.8. Mir sinn decidéiert d'Exoneratioun ofzeschafen déi mëscht, datt de Revenu aus Dividenden zu 50% steierfräi ass. Ausserdeem wëlle mir déi exoneréiert Tranche vun 1500 Euro op de Kapitalrevenuen ofschafen an all d'Plus-valuen op Finanzproduite vollstänneg no der Steiertabell taxéieren.

Déi grouss Betriber an de Finanzsecteur méi an d'Verantwortung huelen

6.9. Mir wëllen de Saz vun der Kierperschaftssteier (IRS) nees op 20% erop setze fir d'Entreprisen, déi méi wéi 200.000 Euro besteierbaart Akommes hunn. All d'Deductiounen an Exoneratioune fir d'Betriber mussen iwwerpréift gi fir ze kucken, ob se hire Sënn an Zweck nach erfëllen, an dann eventuell ugepasst ginn.

6.10. Mir wëllen d'Taxe d'abonnement op allen Investmentfongen op 0,1% eropsetzen. Méi niddreg Tauxe kënne fir Fongen applizéiert ginn, déi streng Nohaltegkeetskrittäre respektéieren.

6.11. Mir wëllen d'Prime participative ofschafen, déi zu 50% steierfräi ass, souwéi de Steierregimm vun den Impatriés.

6.12. Mir wëllen d'Exoneratioun vun 80% op de Plus-valuen an de Revenuë vun der Propriété intellectuelle ofschafen (Patenter, Programmer, Modeller). Des "Patentbox" défiscaliséiert net d'Fuerschung, mee just d'Ergebnis vun der Fuerschung (Patenter) a mëscht d'Dier op fir allméiglech Abusen.

6.13. Mir wäerten d'Besteierung vun den Déngschtween erhéijen andeems mer de "salaire en nature" adaptéieren deen als Berechnungsgrondlag déngt.

Dräi Steiermesurë géint d'Logementskris

6.14. Mir wäerten all Plus-valuen, déi mat Terrainen an Immobilie gemaach ginn, vollstänneg no der Steiertabell besteieren. Dovunner ausgeschloss bléiwen den Haaptwunnsëtz an Immobilien, déi un déi ëffentlech Acteure verkaf ginn (ausser am Kader vum Virkafsrecht). Den Abattement op zéng Joer gëtt ofgeschaaft.

6.15. Mir wäerten eng progressiv Grondsteier aféieren op allen Immobilien déi net vum Proprietär bewunnt sinn. Den Taux wäert progressiv eropgoe mat der Valeur vum Immobilëpatrimoine (ouni den Haaptwunnsëtz). Dobäi kënnt nach eng zousätzlech progressiv Strofsteier, wann aus spekulative Grënn Bauterrain brooch oder Immobilien eidel stoe gelooss ginn.

6.16. Mir wäerten den amortissement accéléré ofschafen, deen et de Proprietären erlaabt, e groussen Deel vun hirem Revenu aus de Loyere vun der Steier ofzesetzen.

D'Steierflucht bekämpfen

6.17. Et ass néideg der Steierverwaltung méi Moyenen ze ginn andeems d'Zuel u Personal un d'Besoinen ugepasst gëtt. D'Bankgeheimnis fir d'Residenten, dat jo virun allem de grousse Verméige bei der Steiervermeidung hëlleft, muss ofgeschaaft ginn an d'Erhiewe vun Donnéeë muss verbessert ginn. Am Moment gi keng Statistiken erhuewen iwwert d'Verméigen zu Lëtzebuerg, wat d'Steiervermeidung an de Steierbedruch staark encouragéiert.

6.18. Mir wäerte weiderhin um europäeschen an um internationalen Niveau resolut géint Steierflucht a Steiervermeidung kämpfen. Mir ënnerstëtzen all Virschlag, deen d'Fiskalitéit méi transparent mëscht, zum Beispill eng Verëffentlechung vun de Rulingen, e Regëster vu de Beneficiairen oder d'Verëffentlechung vu wichtegen Donnéeën duerch d'Entreprisen (public country-by-country reporting). Donieft ënnerstëtze mer all Virschlag, deen d'Zesummenaarbecht tëschent de Steierverwaltunge stäerke wëll, souwuel um europäeschen, wéi och op engem weltwäite Plang.

6.19. Mir wieren eis weiderhin géint de Steierdumping a géint de liberalen Dogma vun der Steierkonkurrenz an Europa, deen dozou féiert, datt d'Entreprisen ëmmer manner Steiere bezuelen. Mir ënnerstëtzen eng progressiv Versioun vun enger gemeinsamer a konsolidéierter Besteierungsgrondlag an der EU mat Mindeststeiersäz déi fir all d'Länner gëllen. Mir ënnerstëtzen och eng Aféierung vun enger europäescher Finanztransaktiounssteier, déi optimalerweis fir all d'Länner an der EU gëllt, souwéi eng méi staark Besteierung vun de groussen Internetkonzerner (GAFA).

7. Wirtschaft

Zerstéieresch wirtschaftlech Tendenzen zréckdréinen

7.1. déi Lénk wëllen d'Privatisatioune réckgängeg maachen oder weider Privatisatioune verhënnere wann et ëm wichteg gemeinsam Gidder an Déngschtleeschtunge geet. Dorënner gehéieren d'Waasser- an d'Stroumversuergung, de Gas, de Postverkéier, d'Telekommunikatiounen, den Transport, d'Santé, d'Kanner- an d'Seniorebetreiung, d'Kultur an de Sport. An dësem Kontext gëllt et beispillsweis d'Privatisatiounen um europäeschen Niveau réckgängeg ze maache bei der Eisebunn, der Energieversuergung an den Telekommunikatiounen.

7.2. Mir wäerten eis weiderhin um europäeschen an internationalen Niveau géint neoliberal Politik engagéieren. Mir brauchen nees verbindlech Reegelen, déi den allgemengen Interessi virun de Kräfte vum Kapital schützen an déi dem Staat säin Afloss op wirtschaftlech Decisioune vergréisseren. De Finanzsystem muss esou reforméiert ginn, datt en ausschliisslech dem Finanzement vun der Realwirtschaft déngt

D'Transitioun aleede fir eng ökologesch a sozial Wirtschaft

7.3. Mir wäerten op wirtschaftlech Aktivitéite setzen, déi mat der ökologescher Transitioun an Zesummenhang stinn, souwuel an der Industrie, wéi am Handwierk, dem Handel an der Landwirtschaft. Et geet ënnert anerem drëms, wirtschaftlech Aktivitéiten ze fërderen an de Beräicher vun der Produktioun vun erneierbaren Energien, der Energieeffizienz, der zirkulärer Ekonomie, dem Gemeinschaftstransport, dem Schutz vu Ressourcen an der biologescher Landwirtschaft. Op Basis vun enger kritescher Analyse muss verhënnert ginn, datt Léisungen zu Onrecht als "gréng" gekennzeechent ginn oder datt Sozial- an Ëmweltkäschten externaliséiert ginn. Mir kënnen déi sozial an ökologesch Krisesituatioun net iwwerwannen, ouni déi kapitalistesch Logik a Fro ze stellen. De Schutz vun de natierleche Ressourcen an dem natierleche Gläichgewiicht muss déi éischt Suerg si bei all mënschlecher Aktivitéit an den Dogma vun der Rentabilitéit an dem Wuesstem zu all Präis ersetzen.

7.4. Mir wëllen déi aktuell Kompetenzpolen (Cluster) bäibehalen an der Industrie dobäi hëllefen, méi nohalteg ze produzéieren. Virun allem am Beräich vun der Stolindustrie gëllt et déi verschidde Sitte virun enger potentieller Fermeture ze schützen. Donieft wëlle mir proaktiv um Opbau vu neie Kompetenzpole schaffen a Beräicher, déi mat enger nohalteger Entwécklung an Aklang ze brénge sinn an déi nom Prinzip vun de kuerze Weeër funktionéieren. Et geet drëms privat Acteuren och um regionalen Niveau ronderëm eng ëffentlech Strategie ze versammelen an d'Entwécklung duerch déi ëffentlech Hand z'ënnerstëtzen.

7.5. Mir wëllen déi geographesch Situatioun vum Land an déi national Ressourcen notzen (Holz, Schifer, Waasser, Wand, landwirtschaftlech Produkter, asw.). Mir wäerte besonnesch Wäert leeën op d'Produktioun an d'Veraarbechtung vum Holz als nohalteg Baumaterial an op eng landwirtschaftlech Produktioun, déi op déi lokal Nofro ausgeriicht ass. Déi privilegiéiert geographesch Situatioun vum Land ass e grousse Virdeel, ënnert anerem am Secteur vun der Logistik.

7.6. Mir wäerten d'Solidarwirtschaft stäerken als en essentiele Pilier vun der nationaler Wirtschaft dee nach laang net säi vollt Potential entfale konnt. D'Solidarwirtschaft muss méi valoriséiert a weider entwéckelt ginn, ënnert anerem mat engem verstäerkte Formatiounsprogramm fir d'Agenten, méi onbefristen Aarbechtsplazen an enger besserer Integratioun an déi national Wirtschaftsstrategien. D'Societéite mat sozialem Impakt (SIS - sociétés d'impact sociétal) kënnen eng zentral Roll spille bei der Schafung vun Aktivitéite mat enger staarker sozialer, ökologescher a kultureller Komponent. Dofir muss d'Kreatioun an d'Gestioun vun den SIS erliichtert ginn.

7.7. Mir wäerten all nei ekonomesch Investitiounen op hir Pertinenz evaluéieren. Et kann ee keng koherent Wirtschaftsstrategie verfollegen nom Prinzip "alles ass gutt genuch", d.h. ouni eng gewësse Selektivitéit z'applizéieren. All nei Investissementer mussen iwwerpréift ginn, ob se an de Kader vun der nationaler Strategie passen an och e Méiwäert brénge fir den allgemengen Interessi. Dobäi mussen all relevant Facteure berécksiichtegt ginn (ökologeschen Impakt, potentiell Steierrecetten, Auswierkungen op de Wunnengsmaart oder d'Landesplanung, a.s.w.). Esou eng Demarche muss begleet ginn duerch eng éierlech Analys déi verhënnert, datt ökologesch oder sozial Käschten einfach op aner Länner ausgelagert ginn.

Op d'Stäerkte vum Land setze fir eng méi koherent Wirtschaftspolitik

7.8. Et ass eis wichteg, d'Bildung, den Enseignement an d'Fuerschung ze fërderen. Déi gréisste Stäerkt vu Lëtzebuerg ass seng diversifiéiert, multilingual a gutt ausgebilte Bevëlkerung. D'Qualitéit vum Enseignement ass also essentiel souwuel fir déi aktuell ekonomesch a sozial Evolutioun, wéi fir déi zukünfteg Fuerschung an Innovatioun. Et gëllt besonnesch d'Studien an de wëssenschaftlechen, technologeschen a mathematesche Studien ze encouragéieren, déi vun de Lëtzebuerger Studenten oft vernoléissegt ginn. Et ass och ganz wichteg, datt de Staat eng Strategie entwéckelt fir déi staatlech Fuerschung weiderzëentwéckelen

7.9. Mir wäerten déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht verstäerken. Déi Lëtzebuerger Wirtschaftspolitik muss sech vu senger reng nationaler Optik léisen a méi a regionale Kategorien denken. Déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, souwuel um politeschen Niveau, wéi um Niveau vun de privaten Acteuren, muss verstäerkt gi fir d'Potential un ekonomesche Synergien ze entfalen a fir eng méi harmoniséiert Entwécklung tëschent Lëtzebuerg a sengen Nopeschregiounen ze begënschtegen. Eng méi enk Zesummenaarbecht wär ënnert anerem sënnvoll bei de Flughäfen, der Logistik oder der Stolindustrie.

7.10. D'Gemengen als ekonomesch Acteure mussen méi agebonne ginn an déi national Wirtschaftsstrategie. Se spillen ënnert anerem eng wichteg Roll notamment bei der Waasser- a Stroumversuergung oder bei der Solidarwirtschaft. Et geet och drëms eng méi intelligent Standuertpolitik ëmzesetzen op nationalem Niveau fir eng Dezentraliséierung vun den ekonomeschen Aktivitéiten anzeleeden.

7.11. Mir wäerten d'Entwécklung vun enger kooperativer digitaler Ökonomie fërderen, déi sozial an ökologesch responsabel ass. Déi ëffentlech Hand muss d'Entwécklung an de spuersamen a raisonnabele Gebrauch vun neien Technologië begleeden, dobäi awer oppassen, datt déi negativ Konsequenzen op den Aarbechtsmaart, déi sozial Kohesioun, d'Steierrecetten an d'Ëmwelt esou geréng wéi méiglech ausfalen. De Staat muss ënnert anerem dofir suergen, datt déi lokal Bevëlkerung vun der digitaler Entwécklung profitéiert. En ëffentlechen digitale Laboratoire kéint digital Léisungen ausschaffen, déi duerno der Bevëlkerung zegutt kommen, an och sensibiliséiere fir e méi spuersame Gebrauch vun den digitalen Technologien.

7.12. Mir proposéieren e progressiven Ausstig aleeden aus deene Finanzaktivitéiten, déi mat Steiervermeidung an anere schiedlechen oder riskéierte Praktiken zesummenhänken an dat iwwert eng proaktiv Zesummenaarbecht mat den internationalen Instanzen. Et geet drëms d'Ofhängegkeet vun der Finanzplaz ze reduzéieren, den Image vu Lëtzebuerg am Ausland ze verbesseren an engem méi brutalen Ausstig aus deenen Aktivitéiten ënnert internationalem Drock ze verhënneren.

7.13. Bei den ëffentlechen Ausschreiwungen wäerte mir déi lokal Acteure favoriséieren, souwéi Produkter déi sozial an ökologesch responsabel sinn. Dëst gëllt och fir Liwwerungen u Material oder Liewensmëttel mat niddregem Montant deen de legale Seuil net iwwerschreit.

7.14. Mir wäerten e legalen Encadrement fir kommerziell Loyeren opstellen an eis géint de Bau vu weidere groussen Akafszentre wieren. Mir wëllen dezent Ëffnungszäite bäibehale fir den Equiliber tëscht Fräizäit a Beruff ze garantéiere fir d'Leit déi am Commerce schaffen.

7.15. Mir wäerten finanziell Hëllefe fir Betriber a Krisenzäite just ganz selektiv verginn un déi, déi se wierklech brauchen. Direkt Subventioune solle just nach klengen a mëttelstännege Betriber zegutt kommen. D'Hëllefe musse gebonne ginn u staark Oplage beim Erhalt vun den Aarbechtsplazen.

8. Mobilitéit

Den ëffentlechen Transport méi schnell ausbauen

8.1. déi Lénk wëllen d'Investissementer an den ëffentlechen Transport konsequent an d'Luucht setzen op Basis vun enger pluriannueller Strategie. Et handelt sech dobäi ëm eng vun eisen zentrale budgetäre Prioritéiten.

8.2. Et ass eis wichteg déi ëffentlech Kontroll iwwert den ëffentlechen Transport z'erhalen an auszewäiten, ënnert anerem iwwert all d'Servicer vum Schinneverkéier an déi wichtegst Busreseauen. Et geet drëms, e qualitativ héichwäertege Service unzebidde mat gudden Aarbechtsplazen.

8.3. Mir wäerten d'Offer vum RGTR am ländleche Raum verbesseren, ënnert anerem mat enger méi héijer Frequenz vun de Verbindunge virun allem wärend de Spëtzenzäiten. Op den Haaptlinne muss d'Offer de Weekend a wärend der Nuecht erweidert ginn.

8.4. Mir wäerten de Schinnereseau zu Lëtzebuerg weiderentwéckele mat héijen Investitiounen an d'Infrastrukturen, zum Beispill a nei Linnen a nei Garen.

8.5. Mir proposéieren e regionale Reseau ze schafen mat schinnegebonnenem ëffentleche Transport (S-Bunn an Tram) deen d'Haaptstad verbënnt mat regionalen Verkéiersknied. Dës regional Verkéierkniet musse mat enger zousätzlecher Offer ënnertenee verbonne ginn, fir datt net all Déplacement noutgedrongen iwwert d'Haaptstad lafe muss. Kuerzfristeg wäerte mir eng nei Tram-Linn an den Osten (Capellen) an Ugrëff huelen, sou wéi eng transversal Tram-Linn am Süden (vu Péiteng op Diddeleng). Dat zousätzlech zu der scho geplangter schneller Tram-Linn tëschent Lëtzebuerg an Esch/Uelzecht, déi prioritär bléift, an de scho geplangte Linnen an der Haaptstad.

8.6. An enker Ofstëmmung mat der Bevëlkerung wäerte mir nei multimodal Verkéierskniet schafen, nieft deenen déi scho geplangt sinn, mat enger grousser Offer u verschiddenen Zorte vun Transportmëttel (Zuch, Tram, Bus, Car-Sharing, Covoiturage, Vëlospisten, P&R, asw.).

8.7. An Zesummenaarbecht mat de Nopeschlänner wëlle mir weider multimodal Verkéierskniet un oder hannert der Grenz schafe fir de Grenzverkéier z'erliichteren an op d'Schinn ze kréien. An deem Sënn muss déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht tëschent de politeschen Acteuren (national, regional a kommunal) vill méi intensiv ginn, och mam Ziel fir de gratis ëffentlechen Transport am noen Ausland fir d'Grenzgängerinnen a Grenzgänger anzeféieren. Zousätzlech wëlle mer d'Gemengen un de Grenzen dobäi ënnerstëtzen, Bürosfläche fir "Co-Working" fir PME oder Associatiounen ze schafen. Esou Raimlechkeeten, déi un den ëffentlechen Transport ugeschloss sinn, kënnen den Autostrafic reduzéieren an donieft och nach zu enger Revitaliséierung vun der lokaler Wirtschaft bäidroen.

8.8. Mir wäerten d'Bevëlkerung méi enk abannen bei der Planung a bei der Ëmsetzung vun de Mobilitéitspläng, sou wéi och d'Gemengen, déi an deem Beräich wichteg Acteure sinn. Dat betrëfft och d'Plange vu Mesuren, déi den Trafic wëlle reduzéieren.

Den ëffentlechen Transport méi komfortabel maachen

8.9. Mir wëllen d'Arrête méi komfortabel gestalten mat der systematescher Installatioun vun digitalen Tableauen déi d'Horairen uweisen a mat Bushaisercher mat Sëtzplazen déi un déi meteorologesch Bedingungen ugepasst sinn.

8.10. Op de Garen a bei de wichtege Busarrête wäerte mir déi ëffentlech Beliichtung verbessere fir d'Sécherheetsgefill bei de Biergerinnen a Bierger ze stäerken. Mir wäerten och eng Charta asetze fir e fraegerechten ëffentlechen Transport, sou wéi et se och a Frankräich gëtt.

8.11. Mir wäerten sou schnell wéi méiglech all d'Garen an all d'Arrête behënnertegerecht gestalten. Dat gëllt och fir déi digital Plattform mobilitéit.lu. Mir wëllen och schnellstméiglech garantéieren, datt all Zich a Busser vum ëffentleche Reseau fir Mënsche mat begrenzter Mobilitéit zougänglech sinn.

Déi douce Mobilitéit als Prioritéit

8.12. Mir wëllen d'Offer u séchere Vëlospisten weider ausbauen, net nëmme bannent den Uertschaften, mä och um regionalen Niveau. Dofir soll eng national Vëlosstrategie ausgeschafft ginn an Zesummenaarbecht mat den Associatiounen a Biergerinitiativen déi an deem Beräich engagéiert sinn. D'Vëlospiste mussen duerchgängeg sinn an däerfen net op eemol un der Grenz vun enger Gemeng ophalen. Se musse gutt ënnerhalen an op wichtege Punkten ausräichend beliicht sinn. Ziel muss et sinn, eng koherent Infrastruktur ze schafen, déi komfortabel a sécher ass, sou datt all Mënsch a Sécherheet kann an d'Schoul oder op d'Schaff fueren.

8.13. Eng Grondviraussetzung fir koherent Vëlospisten amenagéieren ze kënnen ass den Zougrëff op déi néideg Terrain'en. Dofir wëlle mir datt systematesch Servituden (servitude de passage) an de PAG'en a PAP'en (Plan d'aménagement général et particulier) agefouert ginn an zousätzlech och an de sektoriellen Transportpläng (net just fir déi national Vëlospisten).

8.14. Mir proposéieren déi maximal Vitesse an den Uertschaften op 30 km/h festzeleeën, mat Ausnam vun Abschnitter wou explizitt eng méi héisch Geschwindegkeet erlaabt gëtt. Ausserhalb vun den Uertschaften an op den Autobunne soll déi maximal Vitesse op 80 km/h, respektiv op 110 km/h erof gesat ginn. Dës Mesure erhéicht d'Verkéierssécherheet, reduzéiert d'Verschmotzung vun der Loft an de Kaméidi a suergt fir méi Liewensqualitéit.

8.15. Mir verfollegen d'Ziel den Autostrafic ze reduzéieren, andeems mer d'Gemengen dozou encouragéiere manner Parkplazen an den Zentren zouzeloossen, souwéi duerch eng Ëmwandlung vun Autosspueren a Couloire fir Busser oder fir méi Plaz fir d'Vëlosfuerer an d'Foussgänger ze maachen.

8.16. Mir wäerten d'Planung verbesseren andeems mir der Mobilitéit eng nei Prioritéit innerhalb vun der Landesplanung araumen. D'Landesplanung muss méi dorobber ausgeriicht ginn, d'Transportdistanzen tëschent der Aarbecht, dem Wunnuert an de Fräizäitaktivitéiten ze reduzéieren an déi douce Mobilitéit ze fërderen.

Déi individuell Mobilitéit nei denken

8.17. Parallel zu enger Reduzéierung vun der Unzuel un Trajeten déi mam Auto gemaach ginn, ënnerstëtze mir déi progressiv Ofschafung vun de Verbrennungsmotoren (Bensinn an Diesel) an d'Verallgemengerung vun den Elektroautoen. Elektroautoen hunn eng besser Energieeffizienz, manner Impakt op d'Klima a stousse manner Schuedstoffer aus. Allerdéngs musse staark Hëllefe bereet gestalt ginn déi nom Revenu vun de Menagë gestaffelt sinn, fir jidderengem den Ëmstig z'erméiglechen. Vill Persoune kënnen sech aktuell d'Elektromobilitéit net leeschten an et däerf do net zu engem soziale Gruef kommen. Och muss d'Autosindustrie reglementaresch Oplage gemaach kréien, fir datt keng Elektroautoe méi gebaut ginn, déi komplett iwwerdimensionéiert si par Rapport zu dem Gebrauch deen domadder gemaach gëtt (z.B. elektresch SUV).

8.18. Mir wëllen e breede Programm lancéiere fir elektresch Opluetstatiounen am ëffentleche Raum z'installéieren. Dëse Reseau u Statioune muss vun der ëffentlecher Hand geréiert ginn. Den Undeel un erneierbaren Energien am Stroummix muss méi schnell klammen, fir datt d'Opluetstatiounen net musse mat fossillen Energien oder Nuklearstroum gespeist ginn (Kapitel Energie).

8.19. Mir wëllen de Car-Sharing Flex op ambitionéiert Aart a Weis weiderentwéckele fir individuell Deplacementer mat der néideger Flexibilitéit méiglech ze maachen, ouni selwer mussen en Auto ze besëtzen. D'Offer muss progressiv op de ganzen Territoire vum Land ausgebreet ginn. Mir wëllen och digital Léisungen entwéckele fir datt privat Autoe kënne sécher a bequeem mat anere Persoune gedeelt ginn.

8.20. Mir wäerten de Service vum Ruffbus promouvéieren an encouragéiere fir spezifesch Mobilitéitsproblemer ze behiewen. E muss flexibel a bezuelbar sinn. Digital Léisunge kënnen eng méi effizient Notzung vum Ruffbus erméiglechen andeems se d'Demande regroupéieren an déi beschten Itinerairen opweisen.

8.21. D'Transportservicer fir Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit oder mat spezifesche Bedürfnisser musse reforméiert gi fir se ze verbesseren. Zu dësem Zweck wëlle mir de Benotzer an den Organisatiounen déi se representéiere méi Matsproocherecht gi bei der Konzeptioun an der konkreter Gestaltung vun den Transportservicer.

8.22. Mir wäerten de Covoiturage ënnerstëtzen, ënnert anerem andeems Spuere fir de Covoiturage reservéiert ginn, andeems speziell Parkinge fir d'Eran- an Erausklammen amenagéiert ginn an andeems mer digital Léisunge fir de Covoiturage bereet stellen, déi vun der ëffentlecher Hand ausgeschafft a geréiert ginn.

8.23. Mir wäerten eis weiderhin géint d'Konstruktioun vu neie Stroossen wieren an ënnert anerem géint de Bau vu neie Contournementer a géint d'Verbreeder vun existéierende Stroossen. Dat ass kontraproduktiv well méi Stroossen och méi Verkéier schafen. De Bau vun engem Contournement kann sech awer a ganz spezifesche Situatioune rechtfäerdegen.

8.24. Mir wëllen d'Besteierung op den Autoen no dem Gewiicht staffele fir der Tatsaach Rechnung ze droen, datt schwéier Gefierer méi Energie verbrauchen an dofir och méi e groussen ökologeschen Impakt hunn. Ausname bei der méi héijer Besteierung musse virgesi gi fir Famillje mat ville Kanner oder aner spezifesch Fäll, wou schwéier Gefierer noutwenneg sinn.

Eng aner europäesch Mobilitéitspolitik

8.25. Mir wäerten eis um europäeschen Niveau dofir engagéieren, den europäeschen Zuchreseau konsequent a schnell auszebauen. Dofir muss déi katastrophal Liberaliséierungs- a Privatiséierungspolitik vum Zuchverkéier réckgängeg gemaach ginn. Kuerzfristeg mussen déi international Zuchverbindungen tëschent Lëtzebuerg an de groussen europäesche Stied ausgebaut ginn, ënnert anerem och duerch méi international Nuetszich.

8.26. Fir den Transport vu Gidder op der Strooss ze reduzéieren, wäerte mir de Giddertransport iwwert d'Schinn an iwwert d'Flëss promouvéieren. Mir ënnerstëtzen d'Aféierung vun engem Peage fir Camionen an dat am Beschten am Kader vun engem transeuropäesche System.

8.27. Mir wäerten eis um europäeschen Niveau dofir engagéieren, datt Flich op kuerzen a mëttleren Distanzen verbuede ginn an d'Flich mat Privatjette komplett verbuede ginn.

9. Energietransitioun a Klimawandel

Eng ambitiéis a koherent Strategie ëmsetzen

9.1. déi lénk wäerten eng national Strategie "low carbon" entwéckelen déi mam Paräisser Accord  an Aklang steet. Ënnert anerem sollen eis Zäregasemissioune bis 2030 ëm 65% géigeniwwer vun 2005 erofgoen an 2045 muss d'CO2-Neutralitéit erreecht sinn.

9.2. Mir wëllen Klimaschutzgesetz ersetzen duerch e méi effikassen a méi verbindleche Gesetzestext deen an Aklang steet mam Paräisser Accord. Dëst Gesetz muss :

  • an der Zäit gestaffelt Zieler enthale bis 2045 fir d'Reduktioun vun den Zäregasen an dem Energieverbrauch an der Produktioun vun den Erneierbaren Energien ;
  • verbindlech Reduktiounsziler vun den Zäregase pro Secteur enthalen ;
  • en operationelle Kader enthalen fir eng effektiv a nohalteg Biergerbedeelegung an der Klimapolitik, bei deem déi experimentéiert Acteuren enk mat agebonne sinn ;
  • verbindlech Ëmverdeelungsmechanismen fir de sozialen Ausgläich virgesinn fir datt de Klimaschutz déi sozial Ongläichheete net verstäerkt. 

9.3. Eist Ziel ass dofir ze suergen datt bis 2045 100% vun der Energieversuergung aus karbonfräie Quellen kënnt. Fir dohinner ze komme wëlle mir eng pluriannuell Planung opstelle mat verbindlechen Tëschenetappen all 5 Joer an dat ab 2025. Des Planung wäert ënnert anerem chiffréiert Zieler an effikass Mesuren enthale fir d'Reduktioun vum Energieverbrauch a fir eng Erhéijung vun de Produktiounskapazitéite fir Erneierbar Energien.

D'Energie als en ëffentlecht Gutt

9.4. D'Energie muss nees an den Déngscht vum Allgemengwuel gestallt ginn, sou datt eng ëffentlech Kontroll iwwert déi politesch Choixe garantéiert ass. Ënnert anerem mussen d'Versuergungsnetzer fir Stroum, Gas a Fernwärme nees an ëffentlech Hänn kommen, souwuel um nationale, wéi um regionalen Niveau. De System dee mir wëllen opstelle soll :

  • all d'Versuergungsnetzer bei der Energie nees ënnert d'Kontroll vun den ëffentlechen Autoritéite stellen ;
  • eng Präispolitik virgesinn, déi d'Recht op Energie sécher stellt an der ökologescher Noutwendegkeet Rechnung dréit ;
  • déi néideg Investitiounen an de Reseau maache fir déi Erneierbar Energie kënnen z'entwéckelen an zwar als kollektiv Investitiounen mat ëffentleche Suen ; 
  • all gëeegenten Daach vun den ëffentleche Gebaier bis 2025 mat Photovoltaikanlagen equipéieren ;
  • e Virkafsrecht virgesi fir de Staat, d'Gemengen an eventuell Biergerinitiativen op Surfacen, déi sech fir Wandanlagen eegenen.

9.5. Mir wëllen d'Recht op Energie ëmsetzen duerch eng demokratesch Festleeung vun de Verbraucherpräisser an eng progressiv Tarifikatioun déi zwee Zieler verfollegt. Engersäits geet et drëms sécher ze stellen, datt jiddereen Zougank huet zur Energieversuergung fir seng Grondbedierfnisser ze decken. Dofir muss de Grondbedarf u Stroum gratis sinn. Op der anerer Säit geet et drëms dem iwwerméissege Konsum an dem Verbëtze vun Energie entgéint ze wierken. Dofir sollen d'Präisser mam Verbrauch progressiv an d'Luucht goen, sou datt d'Stéit Interessi hunn Stroum ze spueren, wat da generell zu enger Reduktioun vum Energieverbrauch bäidréit. Engem Stot de Stroum oder de Gas ofzeschalten soll verbuede ginn.

9.6. Mir wäerten d'Energiefroe méi staark an de Mëttelpunkt vun der ëffentlecher participativer Debatt stellen, déi am Kader vun der Landesplanung gefouert gëtt.

Méi schnell viru komme bei den Erneierbaren Energien um lokale Plang

9.7. Déi ëffentlech Investitiounen an d'Energietransitioun mussen zolidd an d'Luucht gesat ginn, ënnert anerem an de Beräicher vun der Produktioun vun Erneierbaren Energien a bei der Energieeffizienz. Déi feelend Bereetschaft vum Privatsecteur fir an de Klimaschutz z'investéieren däerf d'Energietransitioun net blockéieren.

9.8. Mir wäerten den Opbau vun enger robuster Produktioun un Erneierbaren Energien ugoen déi d'Kapazitéiten am Land bis 2030 verdräifacht an déi un den Territoire adaptéiert ass. Dobäi wëlle mer och mat de Nopeschregiounen zesummeschaffen. D'Prioritéit leeë mir op d'Solarenergie, d'Wandenergie, d'Geothermie mat niddreger Temperaturintensitéit an d'Aerothermie. Mir wëllen déi national Reduktiounsziler mat Mesuren am Land erreechen oder an Zesummenaarbecht mat der Groussregioun. De Réckgrëff op den Emissiounshandel oder den Akaf vu Quoten am Ausland leene mir of.

9.9. A Saachen erneierbar Energie wäerte mir de klengen a mëttlere Projeten eng Prioritéit araumen a mir wäerten och kollektiv Investitioune par Rapport zu individuellen Investitioune privilegéieren. Ënnert anerem muss :

  • an der Industrie (Chimie, Metallurgie, Zement) d'Reschtwiermt opgefaange gi fir se an d'Fernwärmenetzer anzespeisen ;
  • an urbane Gebidder Fernwärmenetzer entwéckelt ginn déi op Basis vu Wärmepompele funktionéieren, sou datt d'Leit eng ëffentlech, lokal an nohalteg Heizversuergung hunn ;
  • an de ländlech Gemenge kleng Fernwärmenetzer entwéckelt gi fir Masuttsheizunge kënnen z'ersetzen ouni datt d'Leit musse selwer grouss Investitioune maachen ;
  • d'Eegeconsommatioun um Gemengenniveau entwéckelt gi fir datt déi nohalteg Energie, déi vun der Gemeng oder vun Energiekooperative produzéiert gëtt, och direkt an der Gemeng consomméiert gëtt.

9.10. Mir wäerten d'Schafung vu lokalen a regionalen Energiekooperativen ustoussen an erliichteren andeems mir :

  • e gratis Accès op d'Solar- a Wandkadasteren ariichten ;
  • um Niveau vun der Klima-Agence eng Berodungs- a Begleedungsstell ariichten déi de Biergerinitiativen dobäi hëlleft esou Energiekooperativen opzestellen ;
  • ëffentlech Subside virgesi fir Energiekooperativen déi vun de Biergerinnen a Bierger ausginn;
  • dofir suergen datt fir esou Energiekooperativen d'Käschte fir d'Ubannung un de Reseau a fir d'Notze vum Reseau integral vum Staat iwwerholl ginn ;
  • e System vu garantéierte Präisser fir d'Energie opgestallt gëtt, déi vun esou Acteuren ouni Gewënnzweck produzéiert gëtt.

9.11. D'Installatioun vun Photovoltaik-Zentralen op den Diercher muss beschleunegt ginn. Dofir schloe mir vir :

  • datt d'Gemengereglementer landeswäit harmoniséiert gi fir d'Geneemegungen ze vereinfachen;
  • datt d'Niewekäschte vum Staat iwwerholl ginn, ënnert anerem d'Käschte fir den Uschloss un d'Stroumnetz fir Privatstéit a Kooperativen;
  • datt d'Aspeisetariffer fir déi kleng Installatiounen nei evaluéiert ginn;
  • datt e Finanzéierungssystem opgestallt gëtt, wou de Staat de Stéit ouni Eegekapital d'Anlag virfinanzéiert mat engem Remboursement, dee mat dem Aspeisetariff verrechent gëtt.
  • datt déi ëffentlech Parkinge systematesch mat Photovoltaikanlagen iwwerdaacht ginn.

9.12. Et ass noutwenneg streng Krittären opzestelle fir d'Produktioun vu Biogas duerch Méthanisatioun fir ze verhënneren, datt se op Käschte vun der Biodiversitéit an der Fruchtbarkeet vun de Biedem geet. An de Biogasanlagen däerf nëmme Piff a organesch Offäll veraarbecht ginn. D'Material dat no der Produktioun vum Biogas iwwreg bléift, soll als Dünger op de Felder weiderverwäert ginn.

9.13. Mir wäerten an d'Fuerschung an an d'Experimentéieren intensivéieren am Beräich vun den Erneierbaren Energien, zum Beispill mat méi déifgräifende geologesche Studie fir d'Potential an der Geothermie z'ermëttelen a mat Pilotprojeten. Mir wëllem och d'Recherche bei der Produktioun vu gréngem Waasserstoff ustoussen, virun allem am Hibléck op eng Notzung an der Industrie.

D'Energieeffizienz verbesseren

9.14. Mir wëllen den Energieverbrauch bis 2050 duerch dräi deelen andeems mir d'Energiesobriétéit an d'Energieeffizienz zu enger ieweschter Prioritéit maachen. Folgend Elementer sollen dozou bäidroen:

  • ëffentlech Investitiounen an d'Verbesserung vun der Energieeffizient ;
  • d'Entwécklung vun deene néidege Mesure fir d'Verhale vun de Consommateuren ze begleeden ;
  • Entscheedungsprozesser déi d'Biergerbedeelegung an déi sozial Gerechtegkeet favoriséieren ;
  • Forme vu verstäerkter Zesummenaarbecht mat eisen Nopeschlänner am Beräich vun der Entwécklung vun den Erneierbaren Energien.

9.15. Mir wëllen den Energieverbrauch senken duerch en ambitiéise Programm vun energeetescher Renovatioun an duerch d'Ersetze vun Heizungen déi mat fossille Brennstoffer funktionéieren. Dëse Programm zielt dorobber of den Energieverbrauch ze senken an d'Energieaarmut ze bekämpfen a baséiert op folgenden Elementer :  

  • Hëllefen déi net mussen zréckbezuelt ginn an déi no Akommes vum Stot gestaffelt sinn ;
  • Kreditter déi zréckbezuelt ginn a Funktioun vum Akommes vum Stot an a Funktioun vun den Energiekäschten, déi duerch d'Renovatioun an duerch d'Ersetze vun der Heizung agespuert goufen ;
  • e Suivi an eng gratis Begleedung duerch Experte wärend der gesamter Dauer vun der Renovatioun ;
  • eng proaktiv Roll vun de Gemenge bei der Begleedung an dem Suivi vum Renovatiounsprogramm a vun deenen eenzele Renovatiounsprojeten.

D'Transitioun begleede mat enger koherenter Politik

9.16. De progressiven Ausstig aus dem Tanktourismus muss beschleunegt ginn. D'Schied déi duerch den iwwerdriwwene Verkaf vu Bensinn an Diesel entsti fir d'Ëmwelt, d'Gesondheet an un den Infrastrukturen, sou wéi den zousätzlechen Trafic deen doduercher entsteet, kënnen net mat budgetäre Grënn justifiéiert ginn.

9.17. Mir wäerten eis um europäeschen Niveau fir eng progressiv Harmoniséierung vun de Präisser vun de fossillen Energien asetzen, sou wéi fir eng gemeinsam Akafspolitik bei de fossillen Energien ënnert anerem beim Gas.

9.18. Mir wäerten d'Subventiounen op de fossillen Energien stoppen. Dat gëllt och fir ëffentlech Investitiounen a Privatfirme mat ëmweltschiedlechen Aktivitéiten déi am Ausland täteg sinn. An deem Kontext wäerte mir d'Investitiounskrittäre vum Pensiounsfong (FDC) déifgräifend reforméieren, fir datt keng Investitioune méi kënne gemaach ginn a fossil Energien, an d'Nuklearindustrie, an Entreprisen déi d'Mënscherechter net respektéieren an a Geschäftsfelder déi ethesch problematesch sinn (Rëschtungsindustrie, Zigaretteproduktioun, a.s.w.).

9.19. Mir wieren eis géint regressiv Ökotaxen, sou wéi déi aktuell CO2-Steier, déi Stéit mat niddregem oder mëttlerem Akommes iwwerproportional treffen. Mir si fir progressiv Steiermodeller op de CO2-Emissiounen, zum Beispill iwwert eng Präisstaffelung bei der Energie a beim Waasser. Mir ënnerstëtzen och indirekt Steieren ob Produkter oder Servicer déi besonnesch schiedlech sinn.

9.20. Mir ënnerstëtzen d'Digitalisatioun vun der Stroumversuergung (smart metering, smart grids) nëmme wann se sech an eng koherent a systematesch Visioun vun der Energietransitioun areit. Déi technologesch Choixe musse geholl ginn op Basis vun enger Analys déi hir Nohaltegkeet iwwer laang Zäitperioden iwwerpréift.

9.21. Mir wäerten eis weiderhin géint d'Produktioun vun Nuklearenergie wieren, zemools wéinst de Sécherheetsbedenken an der Fro vum Stockage vun de radioaktiven Offäll dee nach ëmmer problematesch ass. Deementspriechend wäerte mir eis och weiderhin mat den Organisatioune vun der Zivilgesellschaft fir eng Fermeture vun den Atomzentrale vu Cattenom (F) an Tihange (BE) asetzen.

9.22. Mir schwätzen eis fir eng Annulatioun vum Energiechartavertrag (Energy Charter Treaty) aus oder op manst fir en Ausstig vun allen EU-Memberstaaten aus dem Vertrag, sou wéi dat vun der EU-Kommissioun ugekënnegt ass.

10. Ëmwelt a Ressourceschutz

Déi nohalteg Entwécklung am Mëttelpunkt vun der Politik

10.1. déi Lénk wëllen de verbindleche Respekt vun de Prinzippie vun der Nohaltegkeet duerch de Staat an d'Gemengen an d'Verfassung aschreiwe loossen, an dat a senger ökologescher, sozialer, wirtschaftlecher a kultureller Dimensioun. Dat selwecht gëllt fir d'Recht vun all Persoun op eng gesond an equilibréiert Ëmwelt.

10.2. Mir wäerten eng systematesch a wëssenschaftlech Evaluatioun vum ökologeschen Impakt bei alle staatleche Commandë maachen, souwuel wat den Impakt op de Klimawandel ugeet, wéi och den Impakt op d'Biodiversitéit. Mir wäerten och eng Offensive starte bei der Renovatioun vun den ëffentleche Gebaier.

10.3. Mir wäerte reell Mesuren ergräife fir virun ze komme bei der Realisatioun vun den Nohaltegen Entwécklungsziler (Objectifs pour un Développement Durable - ODD), déi jo 2015 vun de Vereenten Natiounen ugeholl a bis 2030 sollen erreecht ginn. De Nationale Plang fir d'Ëmsetzung, deen aktuell just ganz generell Dispositiounen enthält, muss ambitiéis Zieler a präzis Mesurë fixéieren.

10.4. D'Bedeitung an d'Notzung vum PIB Bien-Être muss gestäerkt ginn duerch eng Evaluatioun vun den Indicateuren all sechs Méint. Et muss eng wëssenschaftlech méi déifgrënneg Analyse gemaach ginn iwwert d'Zesummenhäng tëschent den Indicateuren an den entscheedende Facteure fir dat subjektiivt Wuelbefannen, sou wéi iwwert den Zesummenhang tëschent wirtschaftlechem Wuesstem a mënschlechem Wuelbefannen.

10.5. Mir wäerten de Schutz vun der Ëmwelt a vun de natierleche Ressourcen viru wirtschaftlech Interesse stellen. Bei grousse landesplaneresche Projete muss e komplette Bilan gemaach ginn iwwert déi ökologesch Konsequenzen an iwwert d'Risike fir d'Volleksgesondheet.

De Verloscht u Biodiversitéit stoppen

10.6. Mir wieren eis dogéint, datt d'Natur zu enger Wuer gemaach gëtt, sou wéi déi Europäesch Unioun an d'Finanzwelt dat amgaang sinn ze maachen.

10.7. De Schutz vun der Ëmwelt muss an d'Lëscht opgeholl gi vun den obligatoresche Missioune vun de Gemengen an déi staatlech Dotatioun muss no uewen adaptéiert gi fir datt d'Gemengen des nei Missioun och kënnen sou gutt et geet wouer huelen.

10.8. Mir wëllen de Verloscht u Biodiversitéit stoppen, deen duerch e System ervir geruff gëtt, deen Ëmweltzerstéierung mat illusoresche Kompensatioune ëntschëllegt. Dofir muss :

  • am Kadaster eng legal Basis geschaaft gi fir Biotopen um nationalen Territoire;
  • e globalen ökologesche Bilan gemaach bei all industriellen oder landesplaneresche Projet, deen déi ökologesch Konsequenzen an d'Risike fir d'Volleksgesondheet analyséiert;
  • de System vun de Kompensatiounen esou reforméiert ginn, datt all irreparabel Zerstéierung vun Zone mat héijer Biodiversitéit duerch den Amenagement vun engem natierleche Biotop kompenséiert gëtt, deen änlech Charakteristiken opweist, deen an der selwechter Géigend léit an deem säin Zoustand och reegelméisseg iwwerpréift a net verkomme gelooss gëtt.

10.9. Andeems mir d'Uwendung vum Virkafsrecht op ökologesch wäertvollen Terrainen erliichteren, wëlle mir d'Roll vun Staat a vun de Gemengen beim Naturschutz stäerken.

10.10. D'Flächen, déi als Natura2000 klasséiert sinn, mussen erhalen a vergréissert ginn an d'Benotze vu chemesche Pestiziden an Dünger an dëse Gebidder muss verbueden ginn. Eng Prioritéit muss op dem Schafen an der Auswäitung vu geschützten Zonen an oppene Landschafte leien, wou de Verloscht u Biodiversitéit am Stäerksten ass.

10.11. Mir wäerte weiderhin d'Onzoulänglechkeete vum Programm REACH iwwert d'Déiereversich uprangeren a plädéiere fir eng progressiv Ofschafung vun den Déiereversich mat enger strikter Uwendung vun der Reegel vun den "3Rs" (Replacement, Reduction and Refinement):  Ersetzen, reduzéieren a verbesseren.

Eis Drénkwaasserreserve schützen

10.12. Mir wäerten d'Qualitéit vun eisem Drénkwaasser schützen an d'Waasserversuergung vun der Zukunft sécher stellen duerch eng méi ökologesch Gestioun vun eise Biedem an :

  • duerch eng Entsigelung vun de Biedem, de Schutz an eng Restauratioun vun de Fiichtgebidder an dem Planze vun Hecken a Beem, sou datt d'Infiltratioun an d'Retentioun vum Waasser am Buedem erliichtert gëtt;
  • duerch eng Beschleunegung vum Iwwergang op eng ökologesch a familiär Landwirtschaft;
  • duerch d'Ausweise vu neie Waasserschutzzonen - och duerch d'Gemengen - an enger méi strenger Kontroll vun de Schutznormen.

10.13. D'Waasser ass e wäertvollt gemeinsaamt Gutt an dofir wäerte mir e méi verantwortungsvollen Ëmgang mam Drénkwaasser promouvéieren duerch eng Aféierung vum gestaffelte Waasserpräis op Basis vun sozialen an ökologesche Krittären. Den Zougank zum Drénkwaasser an d'Ubannung un d'Kanalisatioun sinn e Grondrecht, dat fir all Mënsch muss garantéiert sinn. Dofir muss och de Grondverbrauch u Waasser gratis sinn.

10.14. Mir wëllen d'Gemenge finanziell méi ënnerstëtze fir datt se kënnen d'Versuergung mat qualitativ héichwäertegem Drénkwaasser garantéieren. Säit der Reform vun 2017 huet d'Regierung déi finanziell Hëllefe fir d'Gemenge bei der Maintenance an der Moderniséierung vun de Waasserinfrastrukturen erof gesat. Des Reduktioun an d'Aféierung vum Käschtendeckungsprinzip hunn zu Präiserhéijungen an eng ongerechter Verdeelung vun de Käschte gefouert.

10.15. Mir wëllen e gudden ökologeschen a chemeschen Zoustand vun eise Gewässer garantéieren duerch:

  • e Verbuet vu chemesche Pestiziden a vu Plastiker déi just eemol benotzt ginn;
  • eng Renaturéierung vun de Gewässer, woubäi och drop opgepasst gëtt, datt et keng Barrièrë fir d'Fësch ginn ;
  • duerch d'Aféiere vun effikassen ökologesche Mesuren, virun allem an de Schutzzonen, duerch d'Schafe vu Gréngzone laanscht d'Gewässer an duerch e Verbuet vu chemesche Pestiziden an Dünger op dëse Plazen;
  • duerch d'Aféierung vun engem Kadaster vun de Gewässer um nationalen Territoire;

10.16. Fir de Besoin un net-drénkbarem Waasser ofzedecken, wëlle mir bei neie Konstruktiounen a bei Renovatiounen eng Anlag fir d'Opfänke vu Reewaasser obligatoresch maachen.

10.17. Mir wäerten ëffentlech Pëtzer a gratis Drénkwaasserspender am ëffentleche Raum entweder renovéieren oder nei installéieren.

10.18. Mir wëllen d'Liichtverschmotzung wärend der Nuecht reduzéieren duerch e Verbuet vu beliichten elektronesche Reklammen an duerch eng Generaliséierung vun der intelligenter Beliichtung am ëffentleche Raum (Parken, Vëlospisten, a.s.w.).

10.19. Mir wäerten am Land eng Plaz schafe wou de Stärenhimmel geschützt ass, dat heescht eng Plaz wou an engem gewësser Perimeter ronderëm keng kënschtlech Luucht däerf installéiert oder ugemaach gi fir all Liichtverschmotzung ze verhënneren.

D'Ressource schütze mat enger proaktiver Offallgestioun

10.20. Mir wëlle bis 2050 d'Ziel vum "Null Offall" erreechen andeems mir d'Produktioun vun Offäll reduzéieren an eng nohalteg Consommatioun favoriséieren.

10.21. Mir wäerten déi sougenannten "obsolesence programmée" bekämpfen, dat heescht datt Produkter vu vireran esou konzipéiert sinn, datt se no enger gewësser Zäit net méi ze gebrauche sinn. Déi legal Mindestgarantie op allen Zorte vu Produkter muss verlängert ginn, d'Nohaltegkeetsindicateuren op de Produkter musse vereenheetlecht ginn an d'Verfügbarkeet vun Ersatzstécker muss obligatoresch ginn.

10.22. Plastik, dee just eemol benotzt an duerno ewech geheit gëtt (Einwegkunststoffe), muss direkt verbuede ginn.

10.23. Mir ënnerstëtzen e Verbuet vun alle Reklammen op Produkter, déi schiedlech fir d'Ëmwelt oder fir d'Gesondheet sinn an dat op alle Supporten. Digital Publicitéitspanneaue sinn eng Verschwendung vun Energie an eng Quell vu Liichtverschmotzung a gehéiere ganz verbueden.

10.24. Mir wëllen d'Quantitéit u Verpackungen am Offall reduzéieren. Déi net-recyclabel Verpackunge musse verschwannen an et musse méi Verpackungen dem Pfand-System ënnerleien (Glas- a Plastiksfläschen, Kaffisbecheren, a.s.w.). Déi dofir néideg industriell Secteuren a Servicer musse vum Staat a vun de Gemengen ugestouss ginn an Zesummenaarbecht mat eisen Nopeschlänner. Onnéideg Verpackunge kënnen och duerch kreativ Mesurë reduzéiert ginn, zum Beispill mat méi Drénkwaasserspender am ëffentleche Raum oder der gratis Karaff Waasser am Restaurant.

10.25. Mir encouragéieren eng ökologesch Konzeptioun (écoconception) vun de Produkter, wou vu vireran probéiert gëtt den Undeel u recyclabele Materialie bei der Produktioun z'erhéijen. Dat gëllt virun allem och fir de Bausecteur, sou datt beim Ofrappe vu Gebaier e groussen Undeel vun de Materialien nees nei benotzt kënne ginn. Och muss beim Bau probéiert gi manner Buedem eraus ze huelen an et muss vu virera geplangt ginn, wou deen ausgebaggerte Buedem ka bei Projeten an der Regioun benotzt ginn (z.B. bei der Gestaltung vu Spillplazen oder Parken).

10.26. Mir wäerten Reparatur-Atelieren promouvéieren a Plazen, wou ausrangéiert Produite kënne revaloriséiert, gedeelt oder weider verkaf ginn (z.B. ressourceries). Hei kënne Produkter nees weider verwäert ginn an och nei Aarbechtsplazen entstoen.

10.27. Virun allem am Bausecteur, am Handwierk an am Ingenieurswiese musse Formatiounen ugebuede ginn, fir d'Beruffer vun der Zirkularwirtschaft opzebauen an ze valoriséieren.

10.28. Mir wëllen, datt d'Offallwirtschaft nees ausschliisslech dem allgemengen Interessi déngt andeems d'Privatisatiounen am Beräich gestoppt an d'Offallgestioun nees eng exklusiv Kompetenz vun de Gemenge gëtt (z.B. d'Ofhuele vun de Poubellen). Déi ëffentlech Kontroll iwwert déi privat Prestatairë muss verstäerkt ginn (Affär Superdreckskëscht).

10.29. D'Offallpreventioun muss eng prioritär Roll spille bei der erweiderter Responsabilitéit vum Produzent (responsabilité élargie du producteur - REP), sou datt d'Entreprisë reell dozou bruecht ginn, manner Offäll ze produzéieren. Generell muss d'Produktioun reglementaresch méi encadréiert ginn, amplaz virun allem op de Recycling ze setzen, dee mëttlerweil an déi mondialiséiert Wirtschaftskreesser integréiert ass, déi vun e puer Multinationalen dominéiert ginn.

11. Landwirtschaft

Fir e Paradigmewiessel an der Agrarpolitik

11.1. déi Lénk wäerte sech op EU-Niveau engagéiere géint d'Liberaliséierung vun de landwirtschaftleche Mäert a géint d'Konzentratioun an d'Industrialiséierung vun der Landwirtschaft, déi iwwerall op der ganzer Welt en ëmmer méi grousse sozialen an ekologesche Präis verlaangen.

11.2. Mir wëllen der Landwirtschaft méi eng grouss Wichtegkeet an der wirtschaftlecher Entwécklung vum Land ginn a wäerten déi dofir néideg ëffentlech Ressource fräiginn. D'Notzung vun ëffentleche Finanzéierunge muss ëmmer mat gemeinsamen Ziler verbonne sinn, wéi eng gesond Ernärung, Ëmwelt- a Klimaschutz, sozial Kohesioun oder regional Entwécklung.

11.3. Mir setzen eis fir d'Iwwerliewe vun de klengen a mëttelgrousse Betriber an. Hiren Undeel un den Ausbezuelungen am Kader vum nationale strategesche Plang (PSN) fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft muss erhéicht ginn. Mir wäerten d'Ënnerstëtzungen erhéije fir d'Secteure vun der Agrikultur an dem Geméisubau op klenge Flächen oder der Produktioun vu Leguminosen déi als Liewensmëttel fir Mënsch an Déier bestëmmt sinn.

11.4. Mir wäerten endlech zesumme mat de Baueren, den Ëmwelt- an de Verbraucherschutzorganisatiounen eng koherent Strategie op nationalem Niveau entwéckelen, mat klore Prioritéite fir d'Entwécklung vun der Landwirtschaft.

Fir eng Agrikultur déi d'Natur respektéiert

11.5. Mir wäerten eis beméie bis spéitstens 2050 eng 100% biologesch Landwirtschaft z'erreechen. Am Verglach mat der konventioneller Landwirtschaft dréit d'Bioproduktioun vill manner zur Erwiermung vun der Äerd bäi a fërdert d'Erhale vun der Biodiversitéit. Fir dëst Zil z'erreechen, wëlle mir:

  • eng kritesch Analyse vum Plang PAN-Bio 2025 maachen an Upassunge maachen, fir den Iwwergang op d'Bio-Landwirtschaft ze beschleunegen;
  • den Iwwergank dynamiséiere mat Tëschenziler all 5 Joer bis 2050;
  • de Budget fir d'Ëmstellung op an d'Erhale vun der Bio-Landwirtschaft verduebelen.

11.6. Mir wäerten den Ëmbau vun de landwirtschaftleche Betriber erliichteren duerch administrativ Reformen an en neien ëffentlechen Déngscht, deen d'Scholden deckt fir landwirtschaftlech Betriber a Wënzerbetriber, déi sech duerch en Iwwergangsvertrag verflichte fir op 100% Bio ëmzeklammen.

11.7. Mir wäerten de Kreeslaf vu Réistoffer an Energie esou gutt wéi méiglech stäerken, a parallel den Import vu Proteinnen erofdrécken. Fir den Import vu Sojabounen ze reduzéieren, muss déi national Produktioun vu planzleche Proteinne ​​fir Déierefudder erhéicht ginn, mam Ubau vu Leguminose fir Fudder (Kléi, kultivéiert Alfalfagras), Leguminosen (Saubounen, kultivéiert Ierbessen) oder Kären (Weess, Geescht).

11.8. Am Kader vum PSN wäerte mir d'Finanzéierung vun Ëmwelt- a Klimaschutzmoossname wesentlech erhéijen.

11.9. Mir schléissen eis der europäescher Biergerinitiativ "Beien a Bauere retten" un, fir zu Lëtzebuerg an an Europa eng Reduktioun vun de syntheetesche Pestiziden vun 80% bis 2030 ëmzesetzen, an eng total Ofschafung bis 2035. De privaten a kommerzielle Gebrauch vu besonnesch schiedleche Bioziden muss direkt verbuede ginn. Eng vollstänneg Opzielung vun alle benotzte Pestiziden muss vum Landwirtschaftsministère erstallt an ëffentlech gemaach ginn. Mir wäerten d'Benotze vu syntheetesche Pestiziden op ëffentlechem Agrarland am Kader vun all neien oder verlängerte Bailen verbidden, an en direkte Verbuet vu geféierleche Pestiziden a Fungiziden duerchsetzen, wéi de Neonikotinoiden an dem Glyphosat. Um europäesche Niveau wäerte mir eis asetzen fir en EU-Exportverbuet vu Pestiziden, déi op dem Gebitt vun der EU verbuede sinn.

11.10. Mir wäerten den Taux vun der Selbstversuergung an der Liewensmëttelproduktioun erhéijen duerch eng Diversifikatioun vun der Produktioun. Staark politesch Ureizer mussen d‘Ubauen vu Geméis, Kären, Gromperen a planzleche Proteinne ​​méi attraktiv maachen. Do dernieft muss méi Wichtegkeet op d'Schafen an d'Stäerke vun der lokaler Veraarbechtung a Verdeelung geluecht ginn.

11.11. Mir wëllen eng manner intensiv Mëllechwirtschaft fir d'Déieren ze schützen a fir Weeden ze erhalen, déi eng räich Biodiversitéit hunn a wichteg Lagere fir Kuelestoff sinn. D'Striewen no maximaler Produktivitéit vun ëmmer méi groussen Häerden ass net kompatibel mat dem Erhale vun de Weedflächen. Mir wäerten déi betraffe Betriber ënnerstëtzen duerch eng Erhéijung vun de Subventioune fir d'Diversifikatioun vun der Produktioun an duerch déi ëffentlech Hëllef fir d'Reduktioun vun de Scholden, déi de Baueren zeguttkomme wäert, déi sech fir de Wee vum Bio entscheeden.

11.12. Mir wäerten de politesche Fokus op en neit Gläichgewiicht tëscht planzlechen an Déiereproteinnen leeën. Besonnesch déi planzlech Produktioun, wéi déi vun de Leguminosen, muss encouragéiert ginn. Dës Kulture sinn eng wichteg Quell vu Stéckstoff an erhalen esou d'Fruchtbarkeet vum Buedem, besonnesch déi, déi op manner aggressiv Technike fir d'Ëmwelt baséiert sinn. Des Methode fërderen och d'Schafe vu méi Aarbechtsplazen.

11.13. Mir wäerten d'Villfalt vu Som an vun iessbare Planzen verdeedegen. D'Diversitéit ass hei vu grousser Wichtegkeet fir d'Resilienz an d'Nohaltegkeet vun de landwirtschaftleche Systemer. D'Kultivéiere vu lokale landwirtschaftleche Planze muss gefërdert ginn. Genetesch modifizéiert Varietéiten a Patenter op Planze musse verbuede ginn, fir de fräien Zougang op Som ze garantéieren, am Hibléck op d'Multiplikatioun an d'Kultivéiere vu Planzenaarten an Déiererassen. Dëst gëllt och fir Planzen, déi fir Déierefudder geduecht sinn. Nëmmen esou kann d'Amësche vun der Pharmaindustrie an d'Landwirtschaft gebremst ginn.

De Beruff vum Bauer fërderen, Fläche schützen a Secteuren entwéckelen

11.14. Et ass noutwenneg an d'Léier an an d'Ausbildung vu Landwirtschaft a Wäibau z'investéieren. Nëmme gutt ausgebilte Bauere kënnen den ëmmer méi groussen Erausfuerderunge vun der zukunftsorientéierter Landwirtschaft gewuess sinn.

11.15. Mir fërderen d'Fuerschung an d'Experimentéiere mat alternative landwirtschaftlechen Techniken a féieren Formatiounen zu dësem Thema an (an der Biodynamik, der Agrarökologie, der Permakultur an der Agroforstwirtschaft).

11.16. Mir wëllen en ëffentleche System vu Versécherung a Risikomanagement aféieren, fir d'Produzenten an der Landwirtschaft an am Wäibau géint klimatesch a sanitär Risiken ofzesécheren.

11.17. Mir wëlle wäertvollt Akerland schützen. De Staat an d'Gemenge mussen eng ëffentlech Reserven un Agrarland schafen, wou d'Land an ëffentlecher Hand bleift, awer no Krittäre vun ökologescher, sozialer a wirtschaftlecher Nohaltegkeet u jonk Baueren oder Leit aus anerem Ëmfeld verlount gëtt.

11.18. Mir wäerten de verréckte Projet vum Google-Datenzenter zu Biissen definitiv opginn. De Staat wäert d'Land kafen, fir op dësem landwirtschaftleche Gebitt e Site fir Agroforstwirtschaft ze schafen (Bongerten, Holzproduktioun, Rannerzuucht, asw.).

11.19. Et mussen héich Standarden a Bezuch op d'Entwécklung vun der Energieproduktioun mat Biogas applizéiert ginn, fir ze verhënneren, datt et zu Schied un der Biodiversitéit an der Fruchtbarkeet vum Buedem kënnt. Biogasproduktiounsanlage musse sech beschränken op d'Verbrennung vu Piff, Biooffall a Reschter vun de Recolten. D'Reschter vun der Methanisatioun kënnen als organeschen Dünger fir Akerland benotzt ginn.

11.20. Am Kontext vun enger Transitioun zur Liewensmëttelsouveränitéit wäerte mir déi aktiv Bedeelegung vun de Bierger ënnerstëtzen an dat besonnesch duerch:

  • d'Zesummenaarbecht op Aenhéicht vun allen Acteuren am Lëtzebuerger Liewensmëttelsecteur;
  • d'Grënnung vun engem politesche Conseil fir d'Liewensmëttel, ëmgi vu regionale Conseilen an Aarbechtsgruppe fir all interesséiert Bierger;
  • d'Promotioun vu Gemeinschaftsgäert, urbaner Gäertnerei an anere solidaresche Landwirtschaftsinitiativen;
  • d'Schafe vun Kooperativen a Biergerinitiativen um lokalen a regionale Niveau.

11.21. Mir wëlle konkret Moossnamen ëmsetzen, fir d'Verbëtze vu Liewensmëttel ze stoppen. D'Industrie an den Handel musse verflicht ginn, hir Bilanz vun de Liewensmëttel ze verëffentlechen. Supermarchéen an déi grouss Distributioun musse sech engagéieren, sou vill wéi méiglech Wueren ouni Verpakung unzebidden a Produiten, déi un hire Verfallsdatum erukommen, zu engem reduzéierte Präis ze verkafen oder ze verschenken.

11.22. Mir wäerten eng Koherenz tëscht der Agrarpolitik an der internationaler Kooperatiounspolitik schafen. An der Kooperatiounspolitik mussen d'Liewensmëttelsouveränitéit, d'Landwirtschaft, d'Roll vun de Fraen an d'Agro-Ökologie gefërdert ginn. Zu Lëtzebuerg muss eng Landwirtschaft opgestallt ginn, déi op lokale Circuite baséiert, fir virun allem den Import vu planzleche Proteinnen ze reduzéieren, déi aus grousse Monokulture kommen an déi do d'Biodiversitéit zerstéieren, d'Grondwaasser an d'Qualitéit vum Buedem ofbauen an d'Liewensmëttelsouveränitéit an de Länner aus dem Süden a Gefor bréngen.

11.23. Mir wëlle gratis Kantinnen an de Schoulen an an de Maisons relais aféieren an den Iwwergank aleeden, zu enger regionaler an 100% biologescher ëffentlecher Restauratioun.

Fir eng verantwortlech Gestioun vun de Bëscher

11.24. Mir wëllen d'Bëscher schützen, fir hir weesentlech Funktioune fir d'ganz Ëmwelt ze erhalen, wéi d'Rengege vu Loft a Waasser, d'CO2-Lagerung, d'Erhale vu Biotopen an de Schutz géint natierlech Risiken.

11.25. Mir wäerten déi ökologesch Gestioun vun de Bëscher weiderentwéckelen a wäerte sou vill wéi méiglech op déi natierlech Regeneratioun vun de Bëscher vertrauen, fir esou hir Widderstandsfäegkeet géint déi global Erwiermung ze fërderen an hir Roll am Erhale vun de Biotopen ze stäerken.

11.26. Mir encouragéieren d'Entwécklung vu villsäitege Bëscher, mat villen Aarten a Beem vu verschiddenen Alteren, mam Zil fir d'Fiichten (dacks Monokulturen) ze ersetzen. D'Aféierung vun neien Aarten solle Studien ënnerleien, fir si op hir Resistenz géintiwwer de Konsequenze vun der globaler Erwiermung ze préiwen.

11.27. Mir wäerten déi kollektiv Verwaltung an d'Gruppéiere vu private Bëscher fërderen, fir ze verhënneren, datt soss eng Fragmentéierung vum Bëschbesëtz eng schlecht Exploitatioun oder d'Opgi vun Terraine mat sech bréngt.

11.28. Mir reforméieren d'Praktik vun der Juegd, fir d'Verbreedung vu groussem Wëld besser ze reegelen, an de Schued ze limitéieren, deen et an de Bëscher verursaacht. Nei Praktike mussen dem Déiereschutz Rechnung droen ("Klappjuegd" duerch "Dréckjuegd" ersetzen) a vu reng ökologesche Krittäre geleet ginn.

11.29. Mir wäerten den Holzsecteur entwéckelen, fir d'Holzkonstruktioun ze fërderen (Seeën, Schräinerei, Isolatioun, asw.) an och fir eng gutt Gesondheet vun de Bëscher fir déi zukünfteg Generatiounen ze garantéieren.

12. Landesplanung

Fir eng demokratesch an ökologesch Landesplanung

12.1. déi Lénk wäerten d'Prozesser vun der Bedeelegung vu Bierger a Wëssenschaft un der Entwécklung vu Lëtzebuerg weiderféieren, déi am Kader vu Luxembourg in Transition agefouert goufen, besonnesch am Hibléck op de Plan Directeur d'Aménagement du Territoire (PDAT) an de sektorielle plans directeurs.

12.2. Mir wäerten déi entspriechend Moossnamen a Ressourcen entwéckele fir d‘Landesplanung mat den Ziler an Aklang ze bréngen, déi am PDAT 2023 festgeluecht goufen. Bei den Entscheedungen an der Landesplanung mussen déi sozial an ökologesch Ziler déi selwecht Wichtegkeet kréie wéi déi wirtschaftlech Ziler.

12.3. Mir brauchen eng laangfristeg ökologesch Landesplanung, déi am Aklang mam Zil vun der CO2-Neutralitéit am Joer 2045 steet. Parallel wäerte mir eng Strategie fir d'Adaptatioun un déi global Erwiermung fir d'Period no 2023 erstellen un déi all politesch Entscheedungen a Saache Landesplanung ugebonne musse ginn.

12.4. Mir wëllen d'Loftfiichtegkeet an den Uertschaften erhéijen, andeems mir Gewässer nees fräileeën a Fiischtzonen an Dëmpele bei den urbanen Zentre schafen oder restauréieren.

12.5. Mir wäerten eng Strategie fir d‘Begréngung vun urbanen a peri-urbanen Zonen entwéckelen, andeems mir minimal Quote fir ëffentlech Gréngfläche festleeën a Gestiounspläng fir hir ökologesch Qualitéit ze erhalen an ze verbesseren. D'Begréngung vu Fassaden an Diecher vun neien ëffentleche Gebaier gëtt obligatoresch an et gi Subventioune fir d‘Begrégnung bei de private Stéit agefouert.

12.6. Mir wëllen den Taux vun der Buedemversigelung progressiv reduzéieren fir 2050 bei null Netto-Versigelung unzekommen. All ëffentlechen oder privaten Entwécklungsprojet wäert enger Evaluatioun vum ökologeschen Impakt ënnerleien, och a Bezuch op d‘Buedemversigelung. Eng Strategie fir d'Bekämpfung vun der sënnloser Versigelung vu Fläche gëtt an Zesummenaarbecht mat de Gemengen ausgeschafft. Wa nei Stroosse gebaut gi muss op an der Géigend eng aner Strooss mat der selwechter Fläch zerstéiert a renaturéiert ginn.  

12.7. Mir wëllen zu Lëtzebuerg e Gesetz fir de Schutz vun de Biedem schafen. Dëst Gesetz soll op de Prinzippie vun der Preventioun an der Virsuerg opgebaut sinn an déi Responsabel vu Verschmotzung dozou verflichten, d'Qualitéit vun de Biedem nees hierzestellen (Prinzip "pollueur-payeur"). Eng Bestandsopnam an e reegelméissege wëssenschaftleche Suivi iwwert d'Qualitéit vun de Biedem (Verschmotzung, Qualitéit vun den Akerbiedem, Taux vun der Versigelung) wäerten d'Grondlag bilde vun deem Gesetz.

12.8. Mir wëllen eng Evaluatioun maache vun de Risiken déi mat de klimatesche Bedéngunge verbonne sinn, wéi Iwwerschwemmungen, Dréchenten a Stierm. Virsiicht- a Schutzmoossnamen ginn an d'Landesplanung integréiert. Mir ënnersichen d'Méiglechkeet an d'Machbarkeet vun engem ëffentlechen a solidaresche Versécherungsregimm, fir Schied ze versécheren, déi mat den Auswierkunge vun der globaler Erwiermung verbonne sinn.

12.9. Fir Gréngzonen ze erhalen, engagéiere mir eis fir eng Landesplanung, déi virrangeg déi verfügbar Terrainen am lokale Perimeter oder op Industriebrooche mobiliséiert. Mir fërderen och eng Entwécklung déi sech op kuerz Weeër an der Veraarbechtung baséiert.

12.10. Mir wëllen de Prinzip aféiere vun der sozialer Verantwortung verbonne mam Besëtz (Eigentum verpflichtet). Och wann eis Verfassung schonn d'Méiglechkeet vun Expropriatioun am Allgemenginteressi enthält, muss dëse Prinzip verstäerkt a besser ugewannt ginn. Et ass och néideg d'Virkafsrecht zum Virdeel vun den ëffentlechen Acteuren ze stäerken, mat Entschiedegungen, déi no objektive Krittäre festgeluecht ginn (Kapitel iwwer d‘Institutiounen).

12.11. Mir stoppen d'Opgi vu weesentlechen ëffentleche Servicer a garantéieren hir regional a lokal Ofdeckung: Gesondheetsariichtungen, Kannerbetreiung, administrativ Servicer, Policebüroen, Noutdéngschter, Postservicer, ëffentlechen Transport, asw.

12.12. Mir wëllen déi finanziell Situatioun vun de Gemengen stäerken, deenen hir Verantwortlechkeeten a Missiounen ëmmer méi wichteg ginn. Déi politesch Aktioun, fir den Zougang zu bezuelbare Wunnengen an den Ëmweltschutz ze garantéieren, muss sech op allen Niveauen ofspillen an d'Gemenge sinn hei zentral Acteuren.

12.13. Mir wäerten déi interkommunal Zesummenaarbecht fërderen, fir d'Plangen an d'Ëmsetze vun de regionalen Ziler a punkto Landesplanung ze verbesseren.

12.14. Mir wëllen d'Gemengepolitik an Aklang brénge mat den Ziler vun der Landesplanung, andeems mir déi gesetzlech Verflichtunge fir d'Gemengen verstäerken, de normative Kader vollstänneg ze respektéieren. Zu dësem Zweck wëlle mir den aktuelle System vun der administrativer Tutelle, deen der zoustänneger Ministesch oder dem zoustännege Minister et just erlaabt illegal kommunal Entscheedungen ze suspendéieren oder s'annuléieren, ersetzen duerch e System vun "déféré ministériel", wou en administratiivt Geriicht kann ugeruff gi fir eng Annulatioun duerchzesetzen. Wann déi zoustänneg Ministesch oder den zoustännege Minister net handelt, mussen och Schäffen oder Wielerinnen a Wieler kënnen eng Demande um administrative Geriicht maachen.

12.15. Mir suerge fir maximal Transparenz bei alle politeschen Decisiounen op nationalem a kommunalen Niveau. Transparenz ass besonnesch wichteg an alle Beräicher vum Grondbesëtz an der Landesplanung, fir Fäll vu Clientelismus auszeschléissen.

12.16. Fir eng Koherenz an der Landesplanung iwwert d'Grenzen eraus ze garantéieren, wäerte mir déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht stäerken. Déi politesch Acteuren aus der Groussregioun mussen am Planungsprozess befrot a mat agebonne ginn.

12.17. D'Aarbechtsplaz muss méi no bei de Wunnraum bruecht ginn, andeems fir eng equilibréiert Verdeelung vun den Aarbechtsplazen tëscht de verschiddenen Entwécklungspolen am Land gesuergt gëtt.

13. Demokratie an Institutiounen

Demokratesch Prinzippie stäerken

13.1. déi Lénk wëllen eng demokratesch Erneierung ënnerstëtzen, déi vir un allem vum demokrateschen Engagement vun de Biergerinnen a Bierger ofhänkt, vun enger lieweger a seriéiser ëffentlecher Debatt, vun der demokratescher Praxis op allen Niveaue vun der Gesellschaft, souwéi dem fréizäitege Léieren, ouni Paternalismus, vun den demokratesche Praktiken. Déi institutionell Reformen déi mir proposéieren si wichteg a noutwenneg, mee si kënnen net déi demokratesch Beweegungen an der Gesellschaft ersetzen. Eng Demokratiséierung vun der Gesellschaft, sief et op nationalem oder europäeschen Niveau, kann net ouni eng Initiativ vun ënne funktionéieren. 

13.2. Mir wäerten eis weiderhin – aus Prinzip – fir een allgemengt Walrecht fir all Persoun ab 16 Joer asetzen, déi am Land lieft a fir déi déi lëtzebuergesch Gesetzgebung gëllt. Doriwwer eraus wäerte mir eis nom Prinzip « eng Persoun, eng Stëmm », fir een eenzege Walbezierk fir d'Legislativwalen engagéieren.

13.3. Mir si géint eng méiglech Aféierung vum elektronesche Vott,well en de Prinzip vum geheime Vott net garantéiert a ganz vulnerabel fir Manipulatiounen ass.  

13.4. Mir wëllen d'Unzuel vun de méigleche successive Mandater reduzéieren a mir viséieren eng Reform vun dem Mandatscumul. Mir wëllen zum Beispill eng Incompatibilitéit vun dem Mandat vum Deputéierten a vum Buergermeeschter oder Schäffen aféiere fir déi demokratesch Prinzippien ze stäerken. Doriwwer eraus engagéiere mir eis fir Deklaratiounen zu méiglechen Interessekonflikter vu Persoune mat engem politesche Mandat a Bezuch op hiert Verméigen, hiert Akommes an hir Relatioune mat verschiddene Lobbyen.

13.5. Mir engagéieren eis fir méi Transparenz. Déi verschidden Etappe vun der legislativer a reglementairer Prozedur mussen am Prinzip fir d'Ëffentlechkeet zougänglech sinn.

13.6. Mir wëllen d'Biergerinitiativrecht stäerken, dat e wichtegt Element an der direkter Demokratie duerstellt. Déi aktuell Situatioun, an där d'Chamber mat enger Majoritéit vun de Stëmme beschléisse kann d'parlamentaresch Aarbecht op engem Virschlag net fortzesetzen, muss geännert ginn. Mir proposéieren eng dräistufeg Prozedur, déi am Fall vun enger Ofleenung an der leschter Etapp d'Méiglechkeet vun engem Referendum iwwert d'Propose virgesäit.

D'Definitioun vun de Rechter déi mat der mënschlecher Dignitéit verbonnene sinn

13.7. Mir wëllen d'Rechter, déi mat der Definitioun vun der "dignité humaine" verbonne sinn, als aklobart Rechter an d'Verfassung aschreiwe loossen, zum Beispill d'Recht op Wunnraum, d'Recht op mënschewierdeg Aarbechtskonditiounen, d'Recht op Sozialversécherung, asw. Mir wëlle sécherstellen, datt all Mënsch Zougang zu all deem huet, wat hie benéidegt fir ee Liewen an Dignitéit ze féieren. Dofir muss eng ëffentlechen Debatt doriwwer gefouert ginn, wat mir als Gesellschaft ënnert dem Begrëff vun der mënschlecher Dignitéit verstinn. De Grondprinzip muss sinn, datt et net duergeet, datt eng Debatt stattfënnt, mee datt jiddereen dorunner deelhuele muss, inklusiv a vir un allem déi Persounen, deenen hier Dignitéit am meeschten a Gefor ass.

13.8. Mir wëllen de Prinzip vun der sozialer Verantwortung, déi mam Eegentum verbonnen ass, an der Verfassung verankere loossen.

13.9. Mir wëllen d'Dispositioune reforméieren iwwer d'Bestëmmung vun der Entschiedegung am Fall vun enger Expropriatioun. Si sollen dem Benefice fir d'Gesellschaft Rechnung droen, wouzou och déi expropriéiert Persoun gehéiert. An deem Sënn betount den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, datt d'Memberstaaten iwwert ee grousse Gestaltungsspillraum verfüge bei de Modalitéite fir d'Entschiedegung ze berechnen. Zum Beispill huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter festgehalen, datt Zieler vun ëffentlechem Notzen, wéi se ënnert anerem bei Wirtschaftsreformen oder der sozialer Gerechtegkeet viséiert ginn, fir ee Remboursement ënnert dem volle Maartwäert schwätze kënnen.

13.10. Mir wäerten een effektiivt Recht op Informatioun aféieren. Mir wëllen de Biergerinnen a Bierger méi Kontrollméiglechkeete ginn, besonnesch iwwer déi ëffentlech Autoritéiten a wirtschaftlech Acteuren. Eng éischt Verbesserung besteet doran, d'Gesetzgebung iwwert eng transparent an offe Verwaltung ze änneren, andeems déi ongenee Referenz op d'Notioun « docments relatifs à l'exercice d'une activité administrative » duerch eng Definitioun ersat gëtt, déi op der Konventioun vum Conseil de l'Europe vun 2009 iwwert den Zougang zu Dokumenter baséiert. Dës gesäit vir, datt : "[on] entend par « document publics » toutes informations enregistrées sous quelque forme que ce soit, rédigées ou reçues et détenues par les autorités publiques."

13.11. Mir wäerten eis dofir engagéieren, datt d'Recht op informationnell Selbstbestëmmung eng Realitéit gëtt. D'Biergerinnen a Bierger musse wëssen, wien Daten iwwert si hält, wat mat dësen Date geschitt, fir wéi eng Zwecker dës Date benotzt ginn a si mussen dës Daten op eng iwwerpréifbar Manéier läsche loosse kënnen. Nëmmen da kënnen d'Biergerinnen an d'Bierger onofhängeg handelen, wat eng Viraussetzung fir eng demokratesch Gesellschaft ass.

13.12. Mir wëllen de Schutz vu Whistleblower an d'Verfassung aschreiwe loossen. Si musse géint all Form vun direkter oder indirekter Repressioun geschützt ginn, wat bedeit, datt d'Ausübe vum direkten oder indirekten Drock op si eng Infraktioun duerstelle muss. Donieft muss d'Pressefräiheet an de Schutz vu Journalistinnen a Journalisten an hire Quelle gestäerkt ginn.

13.13. Mir wäerten eis beméien, datt d'Recht op Ongehorsamkeet Realitéit gëtt. Grondsätzlech ass d'Recht – a souguer d'Flicht – d'Duerchféierung vun illegalen oder illegitimmen Handlungen ze refuséieren, ee Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet.

13.14. Mir wäerten eis dofir asetzen, datt keng Persoun gezwonge gëtt, sech direkt oder indirekt u Krichshandlungen ze bedeelegen.

13.15. Mir wëllen der Mënscherechtskommissioun (CCDH) méi Moyene ginn. D'CCDH huet just eng kleng Ekipp an donieft nach eng gewëssen Unzuel vun engagéierte Benevollen, wat gemooss un der Wichtegkeet vun hire Missiounen net duer geet. Mir wëllen och d'Obligatioun schafe fir datt all Gesetzesprojet, deen eng Auswierkung op d'Mënscherechter kann hunn, muss vun der CCDH aviséiert ginn.

Den Iwwergang zu enger Republik ënnerstëtzen

13.16. Mir wäerten eis weider fir eng Republik asetzen, an där d'Parlament d'Exekutiv mandatéiert an effektiv kontrolléiert. D'Präsidentin oder de Präsident garantéiert d'Grondprinzippie vun der Republik a steet iwwert de politesche Parteien. Am Aklang mat de Grondprinzippie vun der Demokratie - der Muecht vum Vollek - muss de Pouvoir vun der Chambre des Député·e·s gestäerkt ginn, besonnesch par Rapport zum Pouvoir vun der Exekutiv. Doriwwer eraus muss d'Bevëlkerung méi staark an den Entscheedungsprozess agebonne ginn.

13.17. Mir wëllen d'Laïzitéit an d'Verfassung aschreiwe loossen, dat heescht de Prinzip vun der Neutralitéit vum Staat a Bezuch op philosophesch oder reliéis Iwwerzeegungen.

13.18. Mir wëllen d'Verfassungsgeriicht stäerken, besonnesch duerch d'Erweiderung vun de Modalitéite fir si ze saiséiere. Beispillsweis soll all "personne physique" oder "personne morale", nodeems si déi verfügbar Rekursméiglechkeeten ausgeschöpft huet, d'Verfassungsgeriicht saiséiere kënnen, wann sech d'Fro stellt, ob eng Rechtsnorm am Aklang mat der Verfassung ass. Et ass och denkbar d'Méiglechkeet vun enger schneller Iwwerpréiwung vun engem Gesetzestext virum Verfassungsgeriicht virzegesinn, entweder tëscht dem Vott an der Promulgatioun oder innerhalb enger kuerzer Zäit no der Promulgatioun. Dës Kontroll sollt zum Beispill vu bestëmmte politeschen Acteuren declenchéiert kënne ginn.

13.19. Mir wëllen dem Verfassungsgeriicht d'Kompetenz iwwerdroe fir d'Konformitéit vun internationale Verträg mat der Verfassung ze kontrolléieren ier se ratifizéiert ginn.

13.20. Mir wëllen de Staatsrot demokratiséieren an dofir suergen, datt en e juristescht Berodungsorgan vun der Chambre des Député·e·s gëtt a net méi vun der Regierung.

13.21. Mir fuerderen eng déifgräifend an detailléiert Analys vum Mechanismus vum "état de crise". D'Mesuren déi de Staat wärend dem état de crise geholl hat, mussen op hir Noutwendegkeet an hir Proportionalitéit hin analyséiert ginn, fir dorausser Lektioune fir zukünfteg Krisesituatiounen ze gewannen, egal ob dat sanitär, ekonomesch, ökologesch, migratoresch oder militäresch Krise wäerte sinn.

14. Justiz a Police

D'Recht op Zougank zur Justiz schützen an ënnerstëtzen

14.1. déi Lénk wäerten d'Recht op Zougang zur Justiz schützen an ënnerstëtzen. Et handelt sech ëm d'Recht vun all Persoun dat zoustännegt Geriicht mat enger oder méi Fuerderunge saiséieren ze kënnen an eng geriichtlech Decisioun ze kréien. Et handelt sech em ee wichtegt Grondrecht, wëll ouni dëst Recht all déi aner Rechter nëmmen an der Theorie existéieren. Zum Beispill muss d'assistance judiciaire vergréissert a no Akommes gestaffelt ginn. Genee esou mussen d'Honorairë vun den Affekotinnen an Affekote méi streng kontrolléiert ginn.

14.2. Mir wëllen, datt all Mënsch en effektiven Zougank zur aktueller Gesetzeslag huet. Dofir mussen all d'Gesetzer an administrativ Akter systematesch an enger konsolidéierter Fassung verëffentlecht ginn, dat heescht a Form vun engem eenzegen Dokument, wou all d'Modifikatiounen iwwert d'Zäit integréiert sinn. Donieft wëlle mir sämtlech administrativ Circulairë verëffentlechen. Schlussendlech wäerte mir garantéieren datt d'Geriichtsurteeler an -decisioune publizéiert gi mat engem Minimum un Anonymiséierung déi haut iwwerdriwwen ass. Dat gëllt och fir déi Geriichtsurteeler an der Vergaangenheet an zum Beispill och fir d'Decisioune vum "comité du contentieux" vum Staatsrot.

14.3. Mir wëllen d'Recht op ee Riichter stäerken andeems mir d'Verflichtung aféieren, datt all geriichtlech Decisioun op d'mannst déi méiglech voies de recours, d'Delaien heivir, souwéi de Numm an d'Adress vum zoustännege Geriicht erwäne muss.

14.4. Mir wëllen d'Recht an eiser Gesetzgebung verankeren, datt e Gemengerotsmember an d'Wielerinnen a Wieler kënnen d'Verwaltungsgeriicht uruffen, wann eng Gemeng eng Decisioun hëlt, déi manifestement illegal oder verfassungswiddreg ass a wou den Inneministère net reagéiert.

14.5. Mir suergen dofir, datt déi Dispositiounen an internationalen Traitéen aklobar Rechter ginn, déi mat ekonomeschen, sozialen a kulturelle Rechter ze dinn hunn an déi net präzis a komplett genuch sinn, fir direkt applicabel ze sinn.

14.6. Mir wëllen nei kollektiv Verfaren aféieren, besonnesch am Beräich vum Aarbechtsrecht, dem Verbraucherrecht an dem Ëmweltrecht. Generell mussen d'Rechter vun den Aarbechter·innen, de Verbraucher·inne souwéi déi vun hire Vertrieder·inne géigeniwwer de multinationale Konzerner gestäerkt ginn.

14.7. Mir engagéieren eis fir eng Reform vum juristesche Kader am Beräich vum Jugendschutz, déi de iwwergeuerdenten Interêt vum Kand an de Mëttelpunkt stellt.

14.8. Mir wäerten den Zougang vun de Bierger·innen zu hiren administrativen Dossieren erliichteren an hir Rechter an der administrativer Prozedur stäerken, besonnesch duerch d'Aféierung vun engem recours en cassation.

14.9. Mir wäerten alternativ Modeller vun der Schlichtung vu Konflikter stäerken als Deel vun der Justiz an zwar an deene Beräicher, an deenen si wierksam sinn. Ënnert kengen Ëmstänn dierf awer eng Form vu Privatjustiz entstoen.

14.10. Mir wëllen d'Notariat komplett iwwerschaffen an d'Zuel vu Notairë vun haut 36 op op mannst 100 erhéijen. D'Lëscht vun den Honorairë muss iwwerschafft ginn, genee wéi d'Reglementatioun iwwert d'Bürosfraisen. De System vu Selbstiwwerwaachung duerch d'Notariatskummer muss ersat ginn duerch e System vu reegelméissegen Inspektiounen ënnert der Verantwortung vum Justizministère an der Mataarbecht vun der Commission de surveillance du secteur financier (CSSF) wann et ëm Geldwäsch geet.

D'Police reforméieren

14.11. Mir wëllen déi verschidden Acteure stäerken, déi fir d'Poursuite an d'Sanktionéiere vu Wirtschafts a Finanzkriminalitéit zoustänneg sinn an/oder dorunner bedeelegt sinn, souwuel zueleméisseg wéi och a Bezuch op hir Ausbildung. Dat betrëfft zum Beispill de Parquet, d'CRF, d'CSSF, Departement « Criminalité économique et financière » vun der Police judiciaire, d'Riichter déi an der Wirtschaftskriminalitéit spezialiséiert sinn, asw. Et versteet sech vu selwer, datt dës Acteuren och iwwert ausräichend Ënnerstëtzung verfüge mussen, besonnesch duerch Finanzanalysten an IT Expert·inn.

14.12. Mir setzen eis fir eng Police an, déi no engem zäitgeméisse Modell organiséiert an ausgebilt ass. De Respekt vun de Mënscherechter, der Verhältnisméissegkeet, der Deseskalatioun souwéi déi demokratesch Kontroll si Grondprinzippie vun dësem Modell. Eng Police am Déngscht vun der Gesellschaft muss zougänglech an erreechbar sinn.

14.13. Mir wäerten ee Konzept entwéckele vun enger biergernoer Police, déi déi lokal Bevëlkerung kënnt, mat de spezifesche lokalen a soziale Problemer vertraut ass, an sou am Virfeld präventiv agéiere kann. Eng gutt Relatioun tëscht der Police an der lokaler Bevëlkerung ka Spannungen ofbauen a repressiv Moossname vermeiden.

14.14. Mir wäerten drop oppassen, datt Polizist·inn·en, déi hir berufflech Tätegkeet nei ufänken, net onvirbereet a sensibelen a risikoräichen Zone gelooss ginn. Si mussen onbedéngt duerch erfuere Polizist·inn·en ënnerstëtzt ginn.

14.15. Mir ënnerstëtzen d'Police an hirer Roll, de Respekt vun de perséinlechen a kollektive Rechter an aller Rou ze garantéieren, besonnesch wat d'kollektiv Recht op d'Versammlungs- an Demonstratiounsrecht betrëfft. An dësem Fall muss d'Police ugemoossen ausgebilt sinn, fir onnéideg Spannungen ze vermeiden.

14.16. Mir suergen dofir, datt d'Integritéitskontroll vun de Polizist·inn·en effektiv ëmgesat gëtt. Dëse Kontroll soll net nëmmen am Kader vun enger Befërderung, mä generell a reegelméissegen Ofstänn wärend der berufflecher Tätegkeet duerchgefouert ginn.

14.17. Mir wäerten d'Recht op en Iwwersetzer garantéieren an d'E-Kommissariat ausbauen mat der Méiglechkeet online Plainten anzereechen.

14.18. Mir wieren eis géint eng Aféierung vu sougenannten net-déidleche Waffe wéi den Taser oder Gummisgeschosser. Dës Waffe kënnen net nëmmen irreparabel Schied verursaachen a souguer zum Doud féiere – zum Beispill den Taser bei eng Persoun mat enger Häerzerkrankung -, mä si kennen och opgrond vun hirer angeblecher net déidlecher Charakteristik vill méi séier agesat ginn.

14.19. Mir refuséieren eng Ausweidung vun Iwwerwaachungskameraen. D'Videoiwwerwaachung schränkt verschidde Rechter staark an, ouni awer bei der Bekämpfung vu Kriminalitéit wierklech wierksam ze sinn oder d'Sécherheetsgefill ze stäerken. Mir wëlle manner restriktiv a méi effektiv Alternativen a Betruecht zéien, wéi verstäerkt op Sozialaarbecht an eng vernënfteg Gestaltung vum ëffentleche Raum ze setzen, zum Beispill andeems ee kuckt d'ëffentlech Platze belieft a beliicht ze gestalten.

14.20. Mir wäerten drop oppassen, datt de Mechanismus fir Plainte am Fall vun engem Dysfonctionnement vun der Police ze mëllen effektiv funktionéiert.

14.21. D'Inspection générale de la police (IGP) muss dat noutwennegt Personal souwéi den erfuerderleche Budget zur Verfügung hunn, fir hir Aufgaben zefriddestellend erfëllen ze kennen an sou d'Bierger·inn·en viru méiglechen Abuse schützen ze kënnen.

14.22. Mir wäerten d'Bedreeung déi vum Terrorismus ausgeet wierksam a gezielt duerch den Asaz vun den erfuerderleche polizeileche Mëttele bekämpfen. Den Artikel 135-1 vum Code pénal, deen den terroristeschen Akt definéiert, muss geännert ginn, well déi aktuell Formuléierung – déi vun Ufank un als nebulös kritiséiert gouf – weit iwwert d'Definitioun erausgeet, déi beispillsweis an der Direktive 2017/541 relative à la lutte contre le terrorisme verwent gëtt.

14.23. Mir wëllen de SRE (Service de Renseignement de l'État) an all aner Geheimdéngschtinstitutioun oder Geheimpolice ofschafen. D'Bekämpfung vun der Kriminalitéit ass d'Aufgab vun der Police. Bis dat konnt ëmgesat gi muss all politesch Iwwerwaachung an Observéierung – besonnesch duerch déif an d'Privatsphär agräifend Mëttelen a Programmer – verbuede ginn. Genee esou muss d'Benotzung vu sougenannten « fiches blanches » op dëser Grondlage bei Geriichtsverhandlungen ënnersot ginn.

Iwwert den droit pénal debattéieren

14.24. De Code pénal an d'procédure pénale - déi d'Äntwert vun der Gesellschaft op bestëmmte méi oder manner schwéier Verstéiss géint déi sozial Uerdnung enthalen - mussen enger ëmfangräicher Reform ënnerzu ginn. Hei muss eng Analys aus dem Bléckwénkel vun de Prinzippie vun der Previsibilitéit an der Prezisioun vum Strofgesetz, souwéi vun der Noutwennegkeet an der Proportionalitéit vun de Strofen duerchgefouert ginn.

14.25. Mir wäerten d'Leit drop sensibiliséieren, datt vill Infraktiounen d'Ergebnis vun Ongläichheete sinn. Et ass geféierlech ze mengen, datt een eenzeg an eleng duerch ëmmer méi Polizist·inn·en an duerch eng Verschäerfung vum Strofrecht dorobber reagéiere kann, amplaz dës Ongläichheeten ze bekämpfen. Virun allem d'Klassenongerechtegkeete musse besäitegt ginn. Deementspriechend mussen déi strengste Reegele vum droit pénal fir déi Verhale virgesi sinn, déi de meeschte Schued um gesellschaftlechen Zesummeliewen ausléisen.

14.26. Mir wäerten eis engagéiere fir d'Féminicides am Code pénal ze verankeren. Et ass wichteg d'Verbrieche mat fraefeindlechen a sexistesche Mierkmoler méi siichtbar ze maachen an d'Verwendung vun dësem Begrëff am Kader vun der Justiz ze stäerken. Generell ass et noutwenneg, d'Spezifizitéite vun der Gewalt géint Fraen an der Justiz méi ze berécksiichtegen.

14.27. Mir wëlle Prisongsstrofen, sou weit et méiglech ass, duerch alternativ Strofen ersetzen. Genee esou wäerte mir probéieren den Taux vu Leit, déi an der Untersuchungshaft setzen, ze senken, beispillsweis duerch d'Berécksiichtegung vun alternative Moossname wéi der Hannerleeung vun engem Identitéitsdokument oder der elektronescher Foussfessel. Besonnesch d'Strofvollzuchspolitik muss grondleeënd reforméiert gi, fir datt d'Reinsertioun vun eemolege Prisonnéier·innen erliichtert gëtt. Doriwwer eraus muss d'Ënnerbréngung vu Mannerjäregen an engem Prisong verbuede ginn.

14.28. Mir engagéieren eis fir d'Aféierung vun engem juge d'application des peines, besonnesch well et wichteg ass, datt jiddereen d'Onparteilechkeet vun der Justiz och un der äusserlecher Erscheinung erkenne kann.

14.29. Mir wäerte Projete fir déi Zäit no enger Prisongsstrof realiséieren, wéi zum Beispill d'maisons de transition. D'Ziel ass et, déi sozial Reinsertioun vun de betraffene Persounen ze promouvéieren, andeems een hëlleft, d'Iwwergangsphas tëscht der Inhaftéierung an der sozialer Reinsertioun méi einfach ze bewältegen.

De Konsum an den Ubau vum Cannabis vollstänneg legaliséieren

14.30. Mir wäerte bestëmmten Handlungen entkriminaliséieren, besonnesch am Beräich vun den Drogen. Opgrond vun der Kriminaliséierung vun dem Konsum vu bestëmmten Droge muss d'Police an d'Justiz onverhältnesméisseg vill Zäit investéieren. Zäit déi dann op anerer Plaz feelt.

14.31. Mir wäerten eis fir eng vollstänneg Legaliséierung vum Konsum an dem Ubau vu Cannabis souwéi fir ee reglementéierte Verkaf asetzen.

Punktuell Reforme realiséieren

14.32. Mir stäerken d'Rechter vun den Aarbechter·innen duerch eng Reform vum Insolvenz- a Firmenliquidatiounenrecht.

14.33. Mir wäerten ee wierksame Rechtskader fir d'Ëmweltkriminalitéit schafen, industriell Ëmweltverschmotzung bestrofen an de Prinzip vum Pollueur-payeur strikt uwenden.

14.34. D'Gesetzgebung vun der Datespäicherung muss reforméiert ginn, soudatt kloer a transparent Bestëmmunge fir d'Dateveraarbechtung existéieren.

14.35. Mir suerge fir ee Gläichgewiicht tëscht dem Dateschutz an der Erhiewung an dem Zougang vun Daten déi am ëffentlechen Interessi sinn.

14.36. Mir wäerte bei der Reform vun der Gesetzgebung iwwert d'filiation d'Wuel vum Kand an de Mëttelpunkt vun den Iwwerleeunge stellen an dofir suergen, datt d'Gläichstellung vun de Genrë respektéiert gëtt.

15. Kultur

Kultur fir alleguerten

15.1. déi Lénk wëllen de Kulturbudget vum Staat konsequent erhéijen op 1% vum Bruttoinlandprodukt.

15.2. Mir wäerten direkt d'médiation culturelle tëscht dem Publikum an de Kulturacteure souwéi der Konschtpädagogik op nationalem Niveau developpéieren, an dëst net nëmmen an de groussen Institutiounen, déi iwwert déi noutwenneg Moyene verfügen. D'Vermëttlung spillt eng essentiel Roll bei de Beméiungen, den Zougang zur Kultur fir jiddereen·t ze erméiglechen. Een éischte Schratt wär d'Ariichtung vun engem Aarbechtsgrupp, deen d'Acteuren zesummebréngt, déi bereets Erfarung an dësem Beräich hunn.

15.3. Mir wäerten d'partizipatif Kulturprojeten tëscht professionelle Kënschtler·innen an allen Bevëlkerungsgruppe konsequent fërderen.

15.4. Mir wäerten déi kulturell Aktiounen als Integratiounsvektor unerkennen an ënnerstëtze souwéi gläichzäiteg déi kulturell Rechter fërderen.

15.5. Mir wäerten den interkulturellen Dialog tëscht dem Publikum an de Kulturacteure fërderen.

15.6. Mir wëllen d'Digitaliséierung vum Kulturgutt entwéckelen. Eng digital Bibliothéik wäert ee weideren Accès zur Kultur erméiglechen. Mir wäerten den Archivage vun den digitale Supporte vum kulturelle Patrimoine verbesseren : audio-visuell Opnamen, digital Kreatioun, Videoclippen, Videokonscht, asw.

15.7. Mir wäerten eng Visioun an eng Strategie fir d'Kreatioun, d'Diffusioun souwéi d'Promotioun vu kulturellen Online-Inhalter entwéckelen. No Initiative wärend der Pandemie gouf d'Chance verpasst fir iwwert déi nei Erausfuerderungen nozedenken, déi am Kulturentwécklungsplang enthale sinn.

15.8. Mir erliichteren den Zougang zu kënschtleresche Beruffer. D'Ausübung vun der Konscht däerf net nëmmen enger Elite oder Akademiker virbehale sinn.

15.9. Mir grënnen eng Konschthéichschoul, déi an den akademesche System zu Lëtzebuerg integréiert gëtt. Mir developpéieren d'universitär Offer am Beräich vun de Konscht, Film a Kulturwëssenschaften.

15.10. Mir wëllen d'Kultur an d'Fräiheet vum kënschtlereschen Ausdrock als Ziler mat konstitutioneller Valeur an d'Konstitutioun aschreiwe loossen.

15.11. Mir wäerte konsequent Investissementer am Beräich vun den ëffentleche Bibliothéike maachen. Dozou gehéiert de Finanzement vun engem Reseau u regionalen a kommunale Bibliothéiken (dorënner och d'Reprise vu private Bibliothéiken duerch déi ëffentlech Hand), d'Opstelle vun engem onofhängegen nationale Bibliothéiksservice, deen de lokale Bibliothéike ka beroden, ënnerstëtzen a forméieren, sou wéi eng laangfristeg Planung fir de nächsten Ausbau vun der BnL, deenen hir Magasinner an 20 bis 30 Joer wäerte voll sinn.

15.12. Mir wëllen de privaten an ëffentlechen Archivage zu Lëtzebuerg weider entwéckelen andeems mir den aktuelle legale Kader adaptéieren (Schafung vun engem legale Kader fir de kommunalen Archivage, Liberaliséierung vum Zougank zu den Archive fir d'Fuerscher·innen). Déi implizéiert Persounen, virun allem an de Gemengenadministratiounen, mussen op der Fro vum Archivage sensibiliséiert a forméiert ginn. Et mussen déi néideg personell a materiell Moyene bereet gestallt gi fir den Archivage a mir brauchen eng politesch Strategie par Rapport zu de privaten Archiven.

D'Kënschtler·innen am Mëttelpunkt

15.13. Et mussen innovativ Modeller entwéckelt an een Ëmfeld geschaaft ginn, dat endlech nohaltegt a kreatiivt Schaffe souwéi d'Onofhängegkeet vu de Kënschtler·inne fërdert. Momentan orientéiert een sech exklusiv un Modeller aus anere Länner oder dem internationale Marché, amplaz selwer iwwer spezifesch Modeller, déi un d'Realitéit ugepasst wieren, nozedenken. An dësem Zesummenhang géife mir och d'Kultur an d'Kreativwirtschaft méi no beienee bréngen.

15.14. Mir wäerten den Zougang zum Status vum "intermittent du spectacle" an dem "artiste indépendant" op der Grondlag vu Vertrauen erliichteren, andeems mir de Status an den éischte Joer, déi am schwieregste sinn, onofhängeg vum Bildungsniveau automatesch erdeelen. Mir wäerten den ondankbare System vum "carnet d'intermittence" reforméieren, andeems mir den Employeur méi an d'Verantwortung huelen.

 15.15. Mir wëllen de Status vum "travailleur intellectuel indépendant" reforméieren, andeems mir en un de Status vum "salarié autonome" eruféieren, dobäi awer d'Besonneschkeete vun der Aarbecht vun de Kënschtler·inne berécksiichtegen. Hir Prekariséierung soll duerch d'Aféierung vu soziale Mindeststandarde verhënnert ginn an doduerch, datt den Optragsgeber oder de Staat d'Patronatskotisatiounen iwwerhuelen.

15.16. Mir wäerten de System vun de Bourssen an den "aides à la création" iwwerschaffe fir en un déi tatsächlech Bedürfnisser unzepassen an déi onbezuelten Aarbecht an der Ausschaffungsphas ze valoriséieren.

15.17. Et musse Méiglechkeete fir laangfristeg Engagementer fir Artist·inne geschaaft ginn : Residenzen, Kompanien, national Tourneen, Kënschtler·innen déi mat Gemenge schaffen, asw.

15.18. Mir wëlle gëeegent Raim fir ze prouwe fir Musiker·innen, Theaterspiller·innen, Dänzer·innen, asw, schafen.

15.19. Mir wäerten an Zesummenaarbecht mat de Gemenge Konzepter entwéckele fir eidelstoend Gebaier temporär fir kulturell Projeten zur Verfügung ze stellen.

15.20. Mir wëllen am Beräich vun den "arts plastiques" gëeegent Ateliere schafen. Mir ënnerstëtzen d'Participatioun un Foren, och fir Kënschtler·innen déi net un eng Galerie gebonne sinn an ënnerstëtzen de private Kaf vu Wierker mat Primmen. Mir uechten op d'Ëmsetzung vum Gesetz iwwert d'Integratioun vu kënschtleresche Wierker an den ëffentleche Gebaier.

15.21. Mir wëlle Mindestgage fir Artist·inne vun der elektronesch verstäerkter Musek (artistes de musique amplifiée) aféieren, Méiglechkeete fir laangfristeg Engagementer schafen, sou wéi déi artistesch Qualitéit an déi regional Spezifizitéiten ënnerstëtzen, amplaz sech wéi bis elo un dem globaliséierte Musekbusiness ze orientéieren.

15.22. Mir wäerten eis fir ee Strategiewiessel bei der Theater- an Danzproduktioun asetzen. Et muss manner, an dofir besser a vir un allem méi nohalteg produzéiert ginn.

D'Kultur iwwerall

15.23. Et ass néideg eng effektiv interministeriell Zesummenaarbecht z'initiéieren an dobäi d'Gemengen, d'ëffentlech Ariichtungen, d'économie créative souwéi d'Zivilgesellschaft anzebannen. D'Kultur muss als transversale Vecteur vun enger emanzipatorescher Politik verstane ginn. An dësem Zesummenhang etabléiere mir eng interministeriell Struktur an entwéckelen een Aktiounsplang « culture-éducation ».

15.24. Mir wäerten d'Koordinatioun an d'Ofstëmmung tëscht dem Staat an de Gemengen am Beräich vun der Kulturpolitik intensivéieren.

15.25. Mir wëllen eng transversal Struktur mat Biergerbedeelegung schafen, wéi zum Beispill ee Conseil supérieur an ee Comité interministériel du développement culturel durable.

15.26. Mir wäerten d'Verbindung tëscht der Kultur an der Educatioun stäerken, besonnesch duerch d'Kreatioun an d'Fërderung vun Austauschstrukturen. Mir wëllen eng wierklech interkulturell Bildung erméiglechen. D'Enseignante an d'Schüler·inne mussen Zougang zu enger Formatioun vun interkulturelle Kompetenzen hunn.

15.27. Mir wëllen déi lëtzebuergesch Kultur besser an de Schoule fërderen. Mir wäerte Literatur vun Auteuren, déi am Lëtzebuerger Kontext schaffen, besser am Enseignement verankeren (op lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an englesch). Dat gëllt och fir Musek vun Auteuren a Komponisten, déi hei zu Lëtzebuerg aktiv sinn (am Secondaire).

15.28. Mir wäerten d'Diversitéit vun der kultureller Expressioun op Grondlag vun engem gesellschaftleche Pluralismus promouvéieren.

15.29. Mir wäerten d'Gegebenheete vu Lëtzebuerg notze fir aner Weeër a Modeller vum Zesummeliewen an enger globaliséierter Welt ze exploréieren an sou d'Virdeeler vun der kultureller Diversitéit ze notzen.

15.30. Mir proposéieren eng ëffentlech Televisiouns-Chaîne ze schafen, déi ënnert anerem kann d'Kultur aus deene spezialiséierten Etablissementer eraushuele fir se engem méi breede Publikum zougänglech ze maachen. D'Feele vun sou engem ëffentlechem Déngscht, deen zur Informatioun, Verbreedung a Schafung vu Kultur bäidréit, benodeelegt déi kulturell Acteuren a kulturell Institutioune souwéi de potentielle Publik.

15.31. Mir wäerten déi grenziwwerschreidend kulturell Zesummenaarbecht intensivéieren.

Transparenz schafen

15.32. Mir wëllen een Observatoire des politiques culturelles schafen als Fuerschungszentrum, deen an der Lag ass, déi wëssenschaftlech a statistesch Daten ze liwweren déi indispensabel si fir d'Bewäertung vun der Kulturpolitik.

15.33. Déi kulturell Institutioune mat ëffentlechem Charakter, déi momentan privat gefouert ginn, mussen an ëffentlech Ariichtungen ëmgewandelt gi mat de noutwenneg finanziell Mëttelen. An de leschte Joerzéngte goufen ënnert dem Afloss vun der liberaler Ideologie vill wichteg kulturell Ariichtungen ënnert privatem Status kreéiert, obwuel se mat ëffentleche Gelder finanzéiert ginn an eng Aufgab vun ëffentlechen Interessi erfëllen.

15.34. Den Afloss vum privat Secteur an de Conseils d'administration vun de kulturellen Institutioune muss reduzéiert ginn fir d'Kommerzialiséierung am Kulturberäich anzedämmen.

15.35. Et ass eis wichteg d'Ënnerrepresentatioun vu Fraen a Féierungspositioune vu kulturellen Ariichtungen ze behiewen a fir ee Gläichgewiicht vun de Genren an der artistescher Programmatioun ze suergen.

15.36. Mir wäerte sécherstellen, datt d'Ëmsetzung vum Kulturentwécklungsplang all zwee Joer evaluéiert, a falls noutwenneg, an enger Ofstëmmung mat alle Bedeelegten ugepasst gëtt.

15.37. Mir wäerten d'Tutell iwwert d'Filmproduktioun vum Ministere fir Kommunikatioun a Medien op de Ministere fir d'Kultur iwwerdroen, fir de liberale Machenschaften een Enn ze setzen. Mir wëllen och Schluss maache mat dem flagranten Desequiliber tëscht der majoritärer an der minoritärer lëtzebuergescher Produktioun. Mir wäerten oppassen, datt déi Produktiounen, déi an der Logik vun der "exception culturelle" ënnerstëtzt ginn, och e kulturelle Méiwäert duerstelle fir Lëtzebuerg um Niveau vun den Talenter, Plazen a Sproochen.

15.38. Mir wäerte Statistike bereetstellen a Verëffentlechungen iwwert Formatiounen am Kulturberäich maachen.

15.39. Mir wäerten d'Participatioun vun Artist·innen an Acteuren aus der Kultur an Entscheedungsprozesser sécherstellen an all Stëmmen um Terrain héieren, an eben net nëmmen déi vun institutionaliséierte Gruppéierungen (zum Beispill, d'kulturell Denkfabrik).

15.40. Fir eng pluralistesch Programmgestaltung ze garantéieren a Favoritismus ze verhënneren, wäerte mir d'Mandater vun Direkteschposten a kommunalen an ëffentlechen Ariichtunge begrenzen.

15.41. Mir wäerten eng Evaluatioun vu kultur|lx duerchféiere loossen, virun allem iwwert d'Verhältnis tëscht de Beträg déi direkt zougewise ginn an de Fraise fir de Fonctionnement an d'Representatioun. Mir wäerten de Fonctionnement un déi reell Bedürfnisser vun de Kënschtler·innen upassen an och drop oppassen, datt och innerhalb vum Land Promotioun an Diffusioun gemaach gëtt.

16. Medien a Kommunikatioun

Eng pluralistesch Medielandschaft garantéieren

16.1. déi Lénk wëllen nieft dem soziokulturelle Radio, deem seng personell a finanziell Mëttelen opgestockt musse ginn, ee qualitativen héichwäertegen audiovisuellen a digitalen ëffentlechen Déngscht schafen, deen sech un déi gesamte Bevëlkerung riicht an iwwer déi noutwenneg Mëttele verfüge muss. Fir seng politesch Onofhängegkeet ze garantéieren, muss ee Kontrollmechanismus an eng Biergerbedeelegung ageriicht ginn. Eng Vereenbarung tëscht engem privaten audiovisuelle Medium an dem Staat kann net automatesch verlängert ginn. Et brauch och eng Garantie vun héije Qualitéitskrittäre souwuel an der Ënnerhalung, wéi och an der journalistescher Recherche. Gläichzäiteg muss iwwert e cahier des charges och Opklärungsaarbecht iwwert den Ëmgank mat Medien erméiglecht ginn.

16.2. D'Mëttele vun der ALIA (Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisiel) musse staark an d'Luucht gesat ginn, soudatt se hir Aufgabe voll a ganz erfëlle kann.

16.3. Et muss ee Gesetz "anti-concentration médiatique" kommen, dat souwuel vertikal wéi och horizontal Mediekonzentratioun verhënnert. Mir si fir d'Schafung vu Barrièren déi verhënneren, datt een oder wéineg Wirtschaftsgruppe Mediemonopoler schafen.

16.4. Mir wëllen ee gesetzleche Kader mat engem ugemoossenem Finanzéierungssystem fir Associatiounen a Medien ausschaffen, déi Mediekompetenzen u jonk a manner jonk Léit vermëttelen, souwéi sech an der gemeinschaftlecher Medienaarbecht engagéieren, andeems se d'Bevëlkerung an hir Aarbecht abezéien.

16.5. Mir wëllen eng eenzeg Kooperative fir d'Verdeelung vu Medie schafen.

16.6. Mir wëllen all journalistesch Publikatiounen no Oflaf vun enger Frist (ongeféier 3 Méint no der Verëffentlechung) an enger digitaler Bibliothéik zougänglech maachen.

D'Aarbechtskonditioune vu Journalist·inne verbesseren

16.7. Mir wäerten d'Rechter vu de Journalist·inne géigeniwwer vun hirer Direktioun garantéieren, souwéi hiert Recht, redaktionell Entscheedunge vun der Direktioun ze hannerfroen. Mir wëllen och d'Grënnung vu Redaktiounsgesellschaften innerhalb vun de Redaktiounen an d'Gesetz aschreiwen.

16.8. Mir wëllen d'Bedingunge fir déi direkt Pressefërderung änneren, fir ausdrécklech länger investigativ Recherchen ze fërderen. Den Zouschoss pro Journalist·inn muss däitlech erhéicht ginn. All Medie sollte vun der indirekter Pressefërderung profitéiere kënnen.

16.9. Mir wäerten ee minimale legale Barème fir fräiberufflech Journalist·innen aféieren.

16.10. Mir ënnerstëtzen d‘Gesetzespropositioun vum Conseil de Press iwwert den Zougang zu Informatioune voll a ganz.

16.11. Mir wëllen d'Meenungsfuerschungsinstituter dozou verflichten, hir Berechnungsmethode souwéi déi erhuewen Daten ze verëffentlechen. D'Recht vun de Bierger·innen op eng éierlech an transparent Informatioun däerf net op dem Altor vum « secret industriel » geopfert ginn.

17. International Politik

Raus aus der Logik vun der Konfrontatioun

17.1. déi Lénk wiere sech géint all Form vu militärescher, politescher oder ekonomescher Dominatioun vun engem Vollek iwwert en anert Vollek. Mir ënnerstëtzen d'Recht vun de Vëlker op Selbstbestëmmung an Europa an iwwerall op der Welt.

17.2. Mir wëllen d'Wichtegkeet vun der Diplomatie bei der Léisung vu Konflikter nees ervirsträichen. D'Roll vun der UNO an der Welt muss substantiell gestäerkt ginn. Dofir muss se grondleeënd reforméiert ginn, ënnert anerem wat d'Zesummesetzung an de Fonctionnement vum Sécherheetsrot geet, an se muss déi finanziell Moyen'en kréie fir hirer Roll voll gerecht kënnen ze ginn.

17.3. Mir wieren eis géint all militäresch Interventioun vun engem Staat an engem anere Staat. D'UNO ass déi eenzeg Instanz, déi am Kader vun der Friddenssécherung ka legitiméiert ginn, militäresch an engem Land anzegräifen.

17.4. Mir setzen eis an fir eng Opléisung vun der NATO oder zumindest fir e Réckzuch vu Lëtzebuerg aus der Allianz. D'Sécherheet vun Europa muss duerch e kollektive Projet ofgeséchert ginn, deen ausschliisslech defensiv ausgeriicht ass, mat Militärausgaben, déi just sou héisch sinn, wéi et fir eng réng defensiv Politik néideg ass.

17.5. Mir wieren eis géint all Form vu Militarismus an ënnerstëtzen all international Initiativ fir Ofrëschtung. Mir refuséieren all Logik déi op Konfrontatioun aus ass an ënnerstëtzen den Dialog, d'Kooperatioun an d'Verhandlungsbereetschaft. Et ass eminent wichteg, d'Rëschtungsspiral ze stoppen an den Afloss vun de militäresch-industrielle Komplexer ze limitéieren. Mir wëllen, datt weder de Lëtzebuerger Staat un der Rëschtungsindustrie bedeelegt ass, nach Lëtzebuerger Entreprisen, d'Uni oder d'Fuerschung.

 17.6. Mir wäerten eis engagéiere fir d'Démilitarisatiounn vum Weltraum a wëllen datt Lëtzebuerg sech aus alle Kooperatiounen zréckzitt, déi géint dëse Prinzip verstoussen. Dobäi geet et ënnert anerem ëm d'Bedeelegung vun der Satellittenindustrie bei der Steierung vun Dronen. Bei der Cyber-Defense muss Lëtzebuerg sech virun Attacke vu bausse schützen, däerf awer op kee Fall selwer offensiv Kapazitéiten entwéckelen.

D'Handelspolitik änneren an d'Mënscherechter schützen

17.7. Mir wäerten eis asetze fir eng alternativ Handelspolitik, déi am Déngscht vun de Mënsche steet a net just vun de Multinationalen an de Finanzacteuren. Sozial, kulturell an ökologesch Aspekter musse Virrang hunn virun der Profitlogik. Eng besonnesch Opmierksamkeet muss den Entwécklungslänner entgéint bruecht ginn. Sie musse selwer iwwert hir Zollpolitik bestëmme kënnen a gläichzäiteg e preferentiellen Zougank zu de räiche Mäert kréien. D'Fräihandelsaccorden, sou wéi se am Moment verhandelt ginn, leene mir of.

17.8. Mir wäerten eis asetze fir e verbindleche multilaterale Kader a Saachen sozial an ökologesch Responsabilitéit vun den Entreprisen a Finanzsocietéiten. Virun allem d'Multinationale mussen sech veräntwere fir all sozial an ökologesch Schied déi se verursaachen a se mussen dofir um internationalen Niveau sanktionéiert ginn. Eng éischt Etapp dohinner ass d'Ëmsetzung vun engem nationale Liwwerkettegesetz, sou wéi et vun der Zivilgesellschaft ausgeschafft a vun déi Lénk deposéiert gouf (Gesetzespropose n°8217).

17.9. Mir verdeedegen iwwerall d'Mënscherechter, d'Presse-, d'Meenungs- an d'Versammlungsfräiheet. Dat gëllt och fir Europa, wou des Rechter weiderhin net vollstänneg garantéiert sinn. Lëtzebuerg muss Mënscherechtsaktiviste staark, aktiv a konsequent ënnerstëtzen. D'Zesummenaarbecht mat Regierungen, déi d'Mënscherechter systematesch mat Féiss trëppelen, muss gestoppt ginn, wärend d'Mënscherechtsaktivisten, d'Zivilgesellschaft an déi onofhängeg Press an deene Länner ënnerstëtzt musse ginn.

17.10. Mir setzen eis a fir en direkten Stopp vun der Kolonisatioun an de palestinensesche Gebidder a fir e Réckbau vun de Kolonien an der Trennmauer tëscht dem Westjordanland an Israel, déi vum Internationale Geriichtshaff als illegal erkläert goufen. Mir fuerderen och de Réckzuch vun de Besatzungstruppen aus dem Westjordanland an en Enn vun der Blockade vum Gazasträif. Mir wäerten eis asetze fir eng vollstänneg Ëmsetzung vun alle Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot a fir eng international Unerkennung vu Palestina als Staat, dat och muss e Partnerland vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ginn. Mir revendiquéieren och eng international Presenz um Terrain fir déi palestinensesch Bevëlkerung ze schützen an ënnerstëtze Sanktioune géint Israel, soulaang bis dat internationaalt Recht respektéiert gëtt.

17.11. Mir ënnerstëtzen d'Initiativen déi eng Erneierung vun der Beweegung vun de net-alignéierte Staaten. D'Sanktiouns- a Blockadepolitik vun de räiche Länner géint opmüpfeg Länner wéi zum Beispill Kuba oder Venezuela leene mir of.

 17.12. Mir wëllen d'Ursaache bekämpfen déi Mënschen dozou zwéngen hir Heemescht ze verloossen, dat heescht Kricher, Ënnerdréckung, Verfollgung, Aarmut a Klimawandel. Et musse legal a sécher Weeër geschaaft gi fir an Europa ze flüchten, well dat ass déi eenzeg wierksam Manéier fir Mënscheliewen un de Baussegrenzen ze retten a géint d'Schlepperwiese virzegoen. An deem Kontext engagéieren sech déi Lénk och fir eng grondleeënd Reform vun der europäescher Grenzsécherung, déi méi op de Respekt vun de Mënscherechter ausgeriicht muss ginn. D'Mësshandlung vu Geflüchtetenn duerch d'Autoritéite muss ophalen, genee wéi d'Externalisatioun vun der Grenzgestioun un aner Länner. Innerhalb vun der EU muss eng solidaresch an obligatoresch Repartitioun vun de Geflüchtetenn tëschent de Memberstaate stattfannen an d'Konditioune vum Accueil mussen iwwerall eenheetlech gutt sinn. Mir sinn och dogéint, datt Europa déi ekonomesch Zesummenaarbecht mat Entwécklungslänner un d'Konditioun bënnt, datt déi Länner musse géint Migratioun virgoen (méi am Kapitel 20).

Déi international Solidaritéit stäerken

17.13. Bis 2030 wëlle mir d'Kooperatiounshëllef op 1,25% vum Bruttonationalakommes erhéijen, woubäi mer oppassen, datt d'Depensen am Kader vun eise Klimaverflichtungen a fir d'Ophuele vu Geflüchtetenn dobäi net mat agerechent ginn. D'Haaptzil vun der Kooperatiounshëllef muss d'Aarmutsbekämpfung si baséierend op de Mënscherechter. D'Kooperatiounshëllef muss zu 100% aus Don'e bestoen an däerf net u wirtschaftlech Interessi gebonne ginn.

17.14. D'Efforten, fir d'Politikkoherenz an Entwécklungsfroen ze verbesseren, musse verstäerkt ginn. Et musse Kapazitéite fir d'Analyse geschaaft ginn an e Mechanismus fir mat Inkoherenzen ëmzegoen. Dat muss op eng transparent Manéier geschéien an d'ONGe mussen dobäi enk mat agebonne ginn. An dëser Optik wëlle mir d'Roll vum interministerielle Comité fir Entwécklungsfroen opwäerten, un deem och d'ONGe mussen associéiert sinn. De Comité soll all Joer e Rapport fir d'Parlament verfaassen. Mir wëllen och vermeiden, datt d'Ministesch/de Minister fir Kooperatioun gläichzäiteg och Ministesch/ de Minister fir Wirtschaft oder Finanzen ass.

17.15. Mir setzen eis an fir datt d'Scholde vun deenen am mannsten entwéckelte Länner (PMA) gestrach ginn, souwuel d'Scholde par Rapport zu anere Staaten an de multilateralen Institutiounen (FMI, Weltbank, etc.), wéi och déi zu de privaten Acteuren aus de räiche Länner.

17.16. Mir wëllen d'Roll vun den ONGen an der Lëtzebuerger Kooperatioun stäerken, ënnert anerem duerch eng Erhéijung vun de Finanzementer a manner bürokratesch Ufuerderungen. Hir politesch Autonomie an Entscheedungsfräiheet muss vollstänneg garantéiert sinn. Mir proposéieren, datt en directeur adjoint an der Direktioun fir Kooperatioun geschaaft gëtt. D'Erhéijung vun de Finanzementer féiert iwwert folgend Elementer:

  • den Taux fir de Kofinanzement vun den accord-cadres muss nees zréck op 85% mat enger järlecher Progressioun vu 7,5% op der Enveloppe;
  • de selwechten Taux mat Progressioun muss och fir d'Projeten am einfache Kofinanzement méiglech ginn;
  • d'Ënnerscheedung tëschent PMA a net-PMA bei de Kofinanzementstauxe muss opgehuewe ginn;
  • d'Salaire vum Personal, dat d'Projeten direkt geréiert, musse kënnen an d'Enveloppe vun den accords-cadres oder de Kofinanzementer integréiert ginn;
  • d'Benevolat soll an den Enveloppe vun den accords-cadres oder de Kofinanzementer valoriséiert ginn;
  • den Taux fir de Remboursement vun den administrative Fraisen bei ONG-Konsortiumen muss erhéicht ginn;
  • de Budget fir d'éducation au développement an de Plaidoyer muss erhéicht gi mam Ziel op 2% vun der APD ze kommen;
  • d'Obligatioun, datt déi privat Spende mussen aus Lëtzebuerg kommen, soll opgehuewe ginn. Se musse kënnen aus EU-Länner kommen.

17.17. Well nach ëmmer ganz vill Mënschen op der Welt un Honger stierwen, wat jo och nach duerch déi sëllege Krise verschäerft gëtt, wëlle mir datt déi Lëtzebuerger Kooperatioun d'Ernierungssouverenitéit zu engem vun hire prioritäre Secteure mëscht, nieft der Gesondheet an der Educatioun. Mir wëlle fir dëse Beräich 20% vun der Entwécklungshëllef reservéieren, haaptsächlech fir d'Ënnerstëtzung vun enger nohalteger Landwirtschaft an der Agro-Ökologie. Nëmmen dës Approche kann d'Ernierung sécher stellen a gläichzäiteg d'Biodiversitéit erhalen an d'Mënscherechter respektéieren.

17.18. Mir wëllen d'Budgetshëllef un eis Partnerlänner zolidd an d'Luucht setzen, virausgesat des Länner si net vu enger Militärjunta regéiert. Dat gëllt besonnesch fir déi wichteg Secteure Gesondheet, Educatioun a Landwirtschaft. Bis 2030 soll d'Budgetshëllef de Standard gi bei der bilateraler Kooperatioun, mat vill manner Projeten déi direkt vu Lux-Development ëmgesat ginn. D'Roll vun der Lëtzebuerger Kooperatiounsagence soll evoluéieren a Richtung Berodung vun de Partnerlänner, sou wéi a Richtung Fuerschung a Formatioun.

17.19. Et musse strikt an obligatoresch Krittären agefouert gi fir de Fall wou kommerziell Acteuren un Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Kooperatioun bedeelegt ginn. Ënnert anerem mussen et streng Reegele beim Respekt vun de Mënscherechter ginn. Virun allem bei enger ëffentlech-privater Zesummenaarbecht oder bei finanziellen Instrumenter, déi de Lëtzebuerger Staat mat kommerziellen Acteuren ageet, mussen et streng Reegele ginn a Saachen Transparenz a fir d'Anhale vun ökologeschen a soziale Standarden.

17.20. Mir wëllen d'Roll vum Finanzministère an der Entwécklungszesummenaarbecht konzentréieren op en techneschen an administrativ Ënnerstëtzung vun de Partnerlänner bei der Erhiewung vun de Steieren, sou dat hir Ofhängegkeet vun externer Hëllef ka progressiv reduzéiert ginn. Dat gëllt besonnesch fir d'Erhiewe vun de Steiere vun de grousse multinationale Konzerner, déi an deene Länner aktiv sinn.

17.21. Mir wëllen d'Kultur vun de Partnerlänner an hiren diverse Forme valoriséieren, engersäits duerch eng strukturell Ënnerstëtzung vun kulturellen Zentren, vun Artist·inn·en, vun Evenementer, asw. Dobäi soll och d'Diaspora enk mat agebonne ginn. D'Kultur muss zu engem transversale Secteur vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ginn.

Fir en Europa am Déngscht vun de Leit

17.22. Mir engagéieren eis fir en Europa, dat op der Souveränitéit vum Vollek berout a fir eng sozial, ekonomesch an ökologesch Politik steet, déi déi mënschlech Besoine virun de Profit setzt. Mir wëlle keng Europäesch Unioun, déi just fir Banken a Multinationalen do ass. Mir wëllen en Europa dat oppen ass géigeniwwer vun der Welt a géigeniwwer vun de Nopeschregiounen.

17.23. Mir wëllen mëttelfristeg mat den aktuellen Traitéë briechen. Mir brauchen en demokrateschen Entscheedungsprozess, deen Institutiounen ervirbréngt, déi dem Wëlle vun de europäesche Vëlker Ausdrock ginn. Mir wëlle systematesch d'Primotéit vum Europäesche Parlament a vun de nationale Parlamenter stäerken, well et sinn déi eenzeg Institutiounen déi eng direkt demokratesch Legitimitéit hunn. Déi direkt Bedeelegung vun de Biergerinnen a Bierger beim Ausschaffe vun den europäesche Reegele muss gestäerkt ginn. 

17.24. Mir wieren eis géint all Form vu Sozialdumping. Fir d'Konkurrenzsituatioun tëschent den europäeschen Aarbechterinnen an Aarbechter opzehiewen, muss Lëtzebuerg sech systematesch asetze fir eng Stäerkung an eng Auswäitung vun der europäescher Sozialgesetzgebung. Dozou gehéieren zum Beispill en europäesche Mindestloun, deen un d'Liewenskäschten an all Land ugepasst ass, sou wéi eng Indexéierung vun de Salairen un d'Präisentwécklung. Mir verdeedegen de Prinzip "selwecht Aarbecht, selwecht Pai". Dat ass besonnesch wichteg mat Bléck op d'Fraen, déi nach ëmmer ongläich bezuelt ginn, mee och mat Bléck op déi detachéiert Aarbechterinnen an Aarbechter.

17.25. Mir wëlle brieche mat der aktueller Logik vun der Liberaliséierung vun den ëffentleche Servicer, déi ëmmer méi zu enger Wuer ginn. Mir wäerten an Europa eng Renationalisatioun vu wichtegen Déngschtleeschtungen ënnerstëtzen, zum Beispill vun de Postservicer, der Eisebunn, der Aviatioun oder der Energie- a Waasserversuergung. Och d'Offallverwäertung an d'Kommunikatiounsreseaue gehéieren an ëffentlech Hänn, fir datt se kënnen demokratesch geréiert ginn.

17.26. Mir wëllen déi traditionell Positioun vu Lëtzebuerg änneren, déi doranner besteet, all Fortschrëtt a Saachen Steierharmoniséierung ze blockéieren. Déi europäesch Proposë fir d'Besteierung vun de grousse Multinationale sinn z'ënnerstëtzen. D'Politik vun der Steierkonkurrenz muss ersat ginn duerch eng Steierharmoniséierung no uewen, déi d'budgetär Kapazitéite vun den europäesche Staaten a vun der EU stäerkt. An der EU an doriwwer eraus muss de Steierdumping an d'Steierflucht gestoppt ginn.

17.27. Mir engagéieren eis fir en Enn vun der neoliberaler Politik. Sie muss ersat ginn duerch eng ekonomesch a sozial Politik, déi op ëffentlechen Investitioune berout. Mir fuerderen ënnert anerem d'Ophiewe vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus, deen ausserhalb vun den Traitéë geschaaft gouf fir d'Europaparlament z'ëmgoen, sou wéi vum Fiskalpakt. Déi Lëtzebuerger Regierung muss den demokratesche Wëlle vun de Populatioune respektéieren an däerf net eng Politik ënnerstëtzen, déi doranner besteet, anere Länner neoliberal Rezepter opzezwéngen, déi vu net-gewielten Technokraten an der Finanzlobby ausgeschafft goufen. Populatiounen déi ënnert engem erdréckende Scholdestand leiden, hunn d'Recht op e Bierger-Audit a jee nom Resultat vun deem Audit, och e Recht op e Noloosse vu Scholden. Mir ënnerstëtzen iwwerdeems eng antizyklesch Politik um europäeschen Niveau, wou a Krisenzäiten d'Kafkraaft stimuléiert gëtt.

17.28. Mir wäerten déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Interessi vun de Leit stäerken. D'Grenzgängerinnen a Grenzgänger si Lëtzebuerger Salariéen, och wann se an engem anere Land wunnen. Mir sinn oppe fir hir Fuerderungen, ënnert anerem wann et ëm de Finanzement vun Infrastrukturen a Servicer an hire Gemenge geet, wou et jo schonn en Accord mat der Belsch gëtt. Lëtzebuerg däerf net probéieren déi europäesch Reegelen z'ëmgoen oder ofzeschwächen, déi d'Iwwerweisung vun Allokatiounen un d'Grenzgängerinnen a Grenzgänger virgesinn.

17.29. Mir wäerten eis asetze fir eng Stäerkung vun der Roll vun de Regiounen an Europa. D'Regiounen als politesch an administrativ Eenheete verbannen d'Populatiounen iwwert déi national Grenzen eraus. Sou wëlle mir zum Beispill d'Institutioune vun der Groussregioun demokratiséieren a stäerken, fir datt se méi wichteg gi fir d'Zesummeliewen an der Groussregioun.

18. Digitalisatioun a nei Technologien

E sécheren an oppenen Internet garantéieren

18.1. déi Lénk wëllen eng Digitalpolitik ëmsetzen, déi sech nom Prinzip vun der Entscheedungsfräiheet orientéiert an de Biergerinnen a Bierger hiert Privatliewe schützt.

18.2. Fir d'Neutralitéit vum Netz ze garantéieren, wëlle mir Garantien an eis Gesetzgebung schreiwen, déi eng Gläichbehandlung vun allen Daten am Netz sécher stellen, sou wéi Holland dat schonn 2012 gemaach huet.

18.3. Mir wëllen d'Proportionalitéit bei der Gestioun vun den Donnéeën garantéieren, déi vum Staat a vun de Gemengen erhuewe ginn. Donnéeën däerfen nëmme benotzt ginn zu deem Zweck, zu deem se erhuewe gi sinn. Et gëllt de Prinzip : "Keng Benotzung vun Donnéeën ouni Gesetz!".

18.4. Mir wieren eis géint den europäesche Projet vum "Chat-control", deen d'Kommunikatiounen op de Messanger-Déngschter enger genereller Kontroll wëll ënnerwerfen. Dëse Projet ass eng Gefor fir d'Demokratie. Mir sinn och géint d'Aféierung vun der biometrescher Iwwerwaachung.

18.5. D'Späicherung vun telefoneschen Donnéeën muss limitéiert ginn, sou wéi den Arrêt « Digital Rights » vum Europäesche Geriichtshaff et virgesäit. Mir wëllen och an d'Gesetzgebung schreiwen, datt d'Autoritéiten a speziell de Geheimdéngscht keng Date vu net-suspekte Persoune kënne sammele fir repressiv Zwecker.

18.6. Mir wëllen d'Biergerinnen a Bierger opklären iwwert hir Rechter am Kader vum RGPD (Règlement Général sur la Protection des Données) fir déi technesch a finanziell méi grouss Moyene vun de kommerziellen Acteuren an den Autoritéiten auszegläichen. Et ass virun allem wichteg d'Enseignanten an dëser Thematik ze forméieren, fir datt se déi jonk Leit kënne sensibiliséieren. Mir wäerten och dofir suergen, datt d'CNPD (Commission Nationale des Données Personnelles) genuch Moyenen huet, fir d'Leit iwwert hir Rechter opzeklären.

18.7. Et ass eis wichteg d'Installatioun vun Iwwerwaachungskameraen am ëffentleche Raum op e strikte Minimum ze limitéieren. Op der Aarbecht wëlle mir Iwwerwaachungskameraen nëmmen erlaben, wann se aus Sécherheets- oder evidente Gesondheetsgrënn néideg sinn. Dofir muss d'Installatioun vu Kameraen op der Aarbechtsplaz nees am Virfeld vun der CNPD geneemegt ginn, sou wéi dat virdrunner de Fall war.

Den ëffentleche Raum am Internet vergréisseren

18.8. Mir wëllen d'Entwécklung vu fräien Applikatiounen (open source) beim Staat, bei den Administratiounen a bei der Zivilgesellschaft fërderen. Op dësen Applikatiounen si keng Rechter (gratis), sou datt de Staat vill Sue spuere kann. Och ass de Code zougänglech, sou datt een d'Programmer adaptéieren a weiderentwéckele kann.

18.9. Mir encouragéieren déi ëffentlech Recherche am Beräich vun de neien Technologien. Zu dësem Zweck wëlle mir en ëffentlechen digitale Laboratoire grënnen, deen digital Léisunge kann entwéckelen, déi an den Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger gestallt ginn.

18.10. Mir wëllen alle Biergerinnen a Bierger gratis e privaten a gesécherte virtuelle Raum zur Verfügung stellen. Dëse Raum soll op mannst e sécheren E-mail-Déngscht, e gesécherte Speicherraum an eng virtuell Bréifkëscht hunn fir op eng zentraliséiert Manéier kënne mat den Administratiounen a Banken ze kommunizéieren. Zousätzlech kann een op eng Bibliothéik mat fräien Applikatiounen zréckgräifen (Textveraarbechtung, Recheprogrammer, PDF, a.s.w.), déi een iwwert Internet notze kann.

18.11. Mir wëllen alle Biergerinnen a Bierger gratis eng digital Geschierkëscht zur Verfügung stelle fir hiert Privatliewen am Netz ze schützen an donieft einfach a sécher Instrumenter fir sech par Rapport zu den Administratiounen z'identifizéieren, Dokumenter z'ënnerschreiwen an ze chiffréieren. 

18.12. Fir Mënsche mat begrenzte finanzielle Moyene wëlle mir e gratis oder e verbëllegten Internetzougank garantéieren deen anonym a securiséiert ass. Et geet drëms, d'Recht vun all Biergerin a Bierger op en Internet-Zougank ze realiséieren, parallel zum Recht vun den Aarbechterinnen an Aarbechter op Deconnectioun.

18.13. Mir wëllen um Niveau vun de Gemengen d'Opstelle vu Funknetzwierker encouragéieren, déi net kommerziell sinn (Wi-Fi). Esou Netzwierker erlaben et de Biergerinnen a Bierger elektronesch Daten an hiren Internet-Zougank ze deelen. Mir wëllen och, datt an den d'Zich e gratis Wi-Fi ugebuede gëtt.

Forméieren a sensibiliséiere fir e responsabelen Ëmgank

18.14. Mir wäerten eng demokratesch Notzung vun den digitale Méiglechkeeten promouvéieren andeems mir hir Benotzung am Déngscht vun de Biergerinnen a Bierger stäerken. Et geet drëms Applikatiounen ze promouvéieren, déi demokratesch Rechter stäerken, zum Beispill d'Recht sech z'informéieren oder d'Recht informéiert ze ginn, d'Meenungs- an d'Versammlungsfräiheet oder de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën.

18.15. Mir wäerten eng sozial Notzung vun den digitalen Applikatiounen fërderen andeems mir se Associatiounen an Organisatioune vun der Zivilgesellschaft gratis zur Verfügung stelle wann si et wëllen.

18.16. Mir wäerten eng edukativ an informationell Notzung vum Internet fërderen, ënnert anerem andeems mir déi Jonk systematesch forméieren, wéi se am Internet no gesécherten Informatioune sichen. Dat wäert geschéien am Kader vu neie Schoulmoduler, wou den Ëmgank mat de neien Technologien thematiséiert gëtt.

18.17. Mir wäerten d'Notzung vun den digitalen Technologien am kulturellen an artistesche Secteur stimuléieren, andeems mir speziell Diskussiounsplattformen, d'Participatioun an internationale kulturelle Reseauen, Expositiounen, Konferenzen a Workshoppen ënnerstëtzen.

18.18. Mir wäerte sécher stellen, datt déi staatlech Internetsäite méisproocheg ugebuede ginn an zougänglech sinn fir Mënsche mat spezielle Besoinen.

18.19. Mir wëllen en ambitiéisen Programm vu Formatiounen am digitale Beräich lancéieren. All d'Biergerinnen a Bierger, onofhängeg vun hirem Bildungsgrad, hirem Revenu oder hirem Alter, solle fondéiert Informatioune kréien iwwert d'Erausfuerderunge vun de neien Technologien an hir Auswierkungen op hir Fräiheeten an hir Rechter. Et musse méi Moyenen an d'Online-Formatioune fir Erwuessener fléissen.

E kritesche Bléck op problematesch Technologien

18.20. Mir wäerten an der Gesellschaft eng Diskussioun ustoussen iwwert kënschtlech Intelligenz (Artificiel Intelligence - AI) an iwwert d'Aart a Weis, wéi een negativ Auswierkunge kann neutraliséieren. Mir wëllen um internationalen Niveau d'Opstelle vun engem Deontologieskodex encouragéiere mat Reegele fir eng transparent a sécher Entwécklung a Benotzung vun der kënschtlecher Intelligenz. Mir wieren eis dogéint, datt Roboter oder kënschtlech Intelligenz eng Rechtsperséinlechkeet kréien. Eng Diskussioun muss och ugestouss ginn iwwert d'Auswierkunge vun der Automatiséierung op d'Aarbecht, d'Rechter vun de Salariéen an de Sozialsystem.

18.21. Mir wäerten d'Entwécklung vun AI-Applikatiounen favoriséieren déi en direkten Notze fir d'Gesellschaft hunn, d'Inclusioun fërderen an d'Liewensqualitéit erhéijen (z.B an der Medezin). Fir d'Entwécklung vun esou Applikatioune mussen ëffentlech Subside virgesi ginn.

18.22. Mir wäerten autonom Waffesystemer a Cyber-Waffen déi op der kënschtlecher Intelligenz opbaue verurteelen a verbidden, sou wéi Human Rights Watch an aner ONGen dat verlaangen.

19. Héichschoul a Recherche

Fir eng wierklech autonom Universitéit

19.1. déi Lénk wëllen dofir suergen, datt d'Féierungskommissiounen (commissions dirigeantes) innerhalb vun der Universitéit an de Fuerschungsinstituter demokratesch gewielt ginn an datt hir Zesummesetzung paritär besetzt ass. Mir wëllen dëse Kommissioune villfälteg Kompetenzen iwwerdroen, zum Beispill sollen se iwwert déi strategesch Orientéierung decidéieren a se kontrolléieren, nei Filièren a Léierstill opmaachen, iwwert den Asaz vun de Fongen a d'Astellung vu Personal decidéieren, a.s.w.

19.2. D'Zesummenaarbecht tëscht ëffentleche Fuerschungsinstituter a privaten Entreprisen muss enger demokratescher a kollektiver Kontroll ënnerworf ginn. Ënnert anerem muss en ëffentleche Fuerschungsfong opgestallt ginn, an deen d'Entreprisen e Prozentsaz vun hirem chiffre d'affaires abezuelen.

19.3. Mir wëllen en internationale paritéitesche Comité asetze fir d'Universitéit reegelméisseg z'evaluéieren, amplaz datt dat vu privaten Auditfirme gemaach gëtt. D'Evaluatioun an d'Gestioun vun de Finanze wäert duerch e Comité geréiert ginn, an deem Persounen aus der Universitéit an de Fuerschungsinstituter setzen, déi déi verschidde Secteure representéieren a spezifesch Kompetenzen hunn.

19.4. Mir wäerten déi komplett Onofhängegkeet a Meenungsfräiheet vun dem Léier- a Fuerschungspersonal an hirer Aarbecht garantéieren. Mir wëllen entspriechend Dispositiounen an d'Gesetz oder souguer an d'Verfassung aschreiwen.

19.5. Mir wieren eis géint d'Finanzéierung vum Bau vun neien Universitéitscampussen duerch privat Fondatiounen, sou wéi den aktuelle Projet vun engem spezielle Campus am Geschäftsrecht, dee vun enger Entreprise finanzéiert gëtt, déi am Autoshandel täteg ass.

Eng qualitativ héichwäerteg Fuerschung ureegen

19.6. Mir wëllen déi ëffentlech Investissementer erhéijen an eng gerecht Opdeelung vun de Gelder tëschent de Fakultéiten, interdisziplinären Zentren a Fuerschungsinstituter sécher stellen. Eng Prioritéit gëtt geluecht op d'Ausbildung vu Bachelor a Master, déi d'Léier- a Fuerschungspersonal vu muer duerstellen.

19.7. Mir wäerten d'Schafung vun onofhängegen Departementer a spezifeschen Disziplinnen innerhalb vun de Fakultéite favoriséieren. Déi ënnerschiddlech Disziplinne mussen déi optimal Konditiounen hunn fir hir wëssenschaftlech Entwécklung. Déi eenzel Studiegäng wäerte jeeweils vun engem Direkteschposte superviséiert gi fir den Austausch mat de Studentinnen a Studenten ze stäerken.

19.8. Et muss eng Reform vum Fonds National de la Recherche (FNR) an d'Weeër geleet ginn, ënnert anerem wat seng Organisatioun ugeet an d'Zesummesetzung vun de Komiteeën déi d'Bourse verginn. D'Fuerschungsprioritéite vum FNR mussen iwwerschafft gi fir datt d'Human- a Sozialwëssenschafte méi Gewiicht kréien.

19.9. Mir wëllen d'Offer vun de Studiegäng progressiv erhéijen, fir datt mëttelfristeg eng breet Offer un Discipline kann ugebuede ginn. Mir wëllen op de Modell vun enger « flagship university » goen, dat heescht eng Universitéit, déi e breede Spektrum un Disziplinnen ubitt, déi zesumme representativ si fir all déi existéierend Matièren.

19.10. Mir wëllen eng medical school ariichten déi en Zougank zu medezinesche Studien erméiglecht ouni mussen am Ausland mat Aschreiwequote konfrontéiert ze ginn.

19.11. Mir wëllen international Partnerschaften mat renomméierten Universitéiten agoen a sécher stellen, datt ee fir all Studiegank (Lizenz, Master) kann e Joer am Ausland op enger Partneruniversitéit maachen. Mir wëllen awer Partnerschaften entwéckele mat den Universitéiten an de Partnerlänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun.

19.12. Mir wëllen d'Kapazitéite vun der Universitéit am Beräich vun de Bibliothéiken erweideren. Um Campus Belval muss de Luxembourg Learning Centre (LLC) méi Personal kréien. Op dem Campus Kierchbierg wëlle mer d'Integritéit vun der aktueller Bibliothéik vum Max-Planck-Institut garantéieren. Déi spezialiséiert juristesch Bibliothéik vun der Universitéit Lëtzebuerg muss eege Raimlechkeete kréien (Liessäll, Aarbechtssäll, Magasinn).

19.13. Mir wëlle spezialiséiert Master-Léiergäng aféieren (ënnert anerem am Droit an an der Ekonomie), fir Leit fir déi héisch Funktiounen an der Fonction publique ze forméieren. Des Studiegäng kënne mat Sproochcourse kombinéiert gi fir déi Kandidatinnen a Kandidaten, déi déi offiziell Sprooche vum Land net all beherrschen. Et mussen och nei Formatioune kommen am Beräich vum Archivage, vun der Informatik an dem Bibliothéikswiesen, méiglecherweis am Partenariat mat auslänneschen Universitéiten.

D'Recht ze studéiere muss fir jidderee gëllen

19.14. Mir wäerten d'Aschréifgebühre suppriméieren.

19.15. Mir wäerten d'Offer vun der UNIPOP (université populaire) zu Belval vergréisseren a se méi promouvéiere fir d'Biergerinnen a Bierger z'encouragéieren, sech flexibel an ouni Formalitéite weider ze bilden.

19.16. Mir wëllen e Parcours vum « Diplôme d'Accès aux Etudes Supérieures » aféieren op der Universitéit, deen aktuell um ENAD net ugebuede gëtt. Domadder soll den Zougank och fir Leit erméiglecht ginn, déi keen Diplom vum Secondaire  hunn.

19.17. Mir wäerten déi international Konventioun fir behënnert Persounen ouni Kompromësser uwenden, fir datt d'Persoune mat reduzéierter Mobilitéit sech um ganze Site vun der Universitéit kënnen ouni Problem beweegen.

19.18. Mir wëllen de Studentinnen a Studenten verbëllegt Logementer ubidden, andeems mer eng Logements-Bäihëllef aféieren déi gestaffelt ass no de jeeweilege Ressource vun de Studentinnen a Studenten. Mir ënnerstëtzen och d'Schafung vun thematesche Studentenhaiser (‘kots-à-projets’ an der Belsch) iwwer divers Themen (Ökologie, Kino, Konscht, Brietspiller, asw.).

19.19. Mir wäerten d'Aschreiwung vun Asylbewerber op der Universitéit erliichtere fir datt se hir Studie kënne weiderféieren, déi se an hirer Heemescht ugefaangen haten.

19.20. Mir wäerten den Encadrement bei de Stagë vu Studentinnen a Studenten verbesseren. Ënnert anerem muss all Stage, dee méi wéi e Mount dauert, als bezuelten Aarbecht ugesi gi mat den entspriechende Cotisatiounen, sou datt d'Autonomie vun de jonke Leit an der Formatioun gestäerkt gëtt.

19.21. Mir wäerten eng Autonomie-Bäihëllef aféieren vu 450 Euro pro Mount (5400 Euro am Joer) déi un all déi jonk Leit iwwer 18 Joer ausbezuelt gëtt, déi fir d'Boursse beim CEDIES a Fro kommen, an dat bis se an d'Beruffsliewen eraklammen. Dës Bäihëllef ersetzt d'Studentebourse a gëtt direkt op de Konto vun der jonker Persoun iwwerwisen (Kapitel Sozialpolitik).

D'Aarbechtskonditioune fir d'Personal op der Universitéit verbesseren

19.22. Mir wëlle mat der Praxis ophalen, den Entretien an d'Iwwerwaachung vun de Gebaier u privat Firmen auszelageren. De Statut vum Employé public muss fir dat ganzt Personal vun der Universitéit gëllen. Mir wäerten e Kollektivvertrag ofschléisse fir d'Personal vun de Fuerschungsinstituter a vun der Administratioun déi d'Recht opmaache fir an der Karriär ze klammen.

19.23. Mir wëllen d'Prekaritéit an der Fuerschung bekämpfen, ënnert anerem mat der Aféierung vun « career track » (trame de carrière) fir d'Fuerscher·innen, wou d'Erreeche vun Etappen, gemooss no objektive Krittären, d'Recht op en onbefriste Kontrakt opmaachen.

19.24. Nieft dem Ausbau vu Studentewunnengen am Ëmfeld vun der Universitéit, wëlle mir och Logementer fir d'Fuerscher·innen schafen.

19.25. Déi administrativ Chargen vum Léier- a Fuerschungspersonal musse reduzéiert ginn, ënnert anerem am Zesummenhang mat der Sich no Finanzementer.

19.26. Mir favoriséieren d'Auswäitung vun de Finanzéierungskontrakter beim Doktorat op 6 Joer an d'Netto-Multiplikatioun bei de Finanzéierungskontrakter.

19.27. Mir wäerten eng Evaluatioun vun der Fuerschungsaarbecht (Publikatiounen, Kommunikatiounen, Konferenzen) favoriséieren, déi virun allem d'Qualitéit vun der Aarbecht beurteelt a net just d'Quantitéit.

19.28. Mir wäerten eng Crèche um Site vun der Universitéit opmaachen.

D'Studenteliewe stimuléieren a fir méi Matbestëmmung suergen

19.29. Mir wëllen e Studentecomité opstellen an d'Grënnung vu Studentegewerkschaften op der Uni erliichteren. Och e kulturelle Service soll gegrënnt ginn, dee vun de Studentinnen a Studente selwer geréiert gëtt.

19.30. Mir wëllen de Studenten an den Awunner vum Belval 4 Mandater an e Stëmmrecht ginn an den Instanze vun der Agora, sou datt se bei der Entwécklung vum Site kënne matbestëmmen.

19.31. Mir wäerten appels d'offres elaboréiere fir Commercen um Site vum Belval déi am Virfeld mat de Studenten an den Awunner ofgeschwat sinn.

19.32. Mir wëllen de Studentinnen a Studenten Versammlungssäll an allen Universitéitsgebaier a Residenzen zur Verfügung stellen, fir Reuniounen tëschent hinnen ze erliichteren.

19.33. Mir wäerten op d'Fuerderunge vun der Studentenorganisatioune fir d'Rechter vun den LGBTQI+ agoen. All Persoun muss sech kënne mat där Identitéit an deem Geschlecht bei der Administratioun aschreiwen, déi se selwer gewielt huet. Mir wëlle geschlechtsneutral Toiletten ariichten. Eng Sensibilisatiounscampagne soll déi universitär Communautéit opklären iwwert d'Changementer an um Internetsite muss eng speziell Sektioun ageriicht ginn, déi d'Inclusiounspolitik thematiséiert.

20. Migratioun an Zesummeliewen

D'Bekämpfung vun all Form vun Diskriminéierung

20.1. déi Lénk wëlle wierksam an zougänglech Prozeduren aféieren, déi et Affer vun enger Diskriminéierung erlaben hir Rechter geltend ze maachen. Besonnesch d'Handlungsméiglechkeete vum Centre pour l'égalité de traitement a vum Ombudsman musse gestäerkt ginn.

20.2. Mir wëlle rassistesch, antisemittesch, islamophob, homophob an transphobe Motiver als circonstance aggravante an de Code pénal aschreiwen. Genee esou wäerte mir eng besonnesch Opmierksamkeet op d'Entwécklung vun engem Aktiounsplang géint all Form vun Diskriminéierung a speziell zur Bekämpfung vu Rassismus, Islamophobie an Antisemitismus leeën. Dësen Aktiounsplang wäert och ee Mechanismus mat engem järlechen Austausch tëscht der Zivilgesellschaft an de spezialiséierte staatlechen Organer an der Bekämpfung vun Homophobie an Transphobie virgesinn.

20.3. Mir wäerten drop hischaffen all Form vun Diskriminatioun géint LGBTIQ+ z'eliminéieren. Dobäi wäerte mir eis op d'Recommandatioune vun de spezialiséierten Associatioune baséieren, wéi zum Beispill deene vu Rosa Lëtzebuerg.  

20.4. Mir wëllen déi rechtlech Unerkennung vu der Gender-Transitioun vu Persounen an d'Ännerung vun hirem Virnumm erméiglechen, ouni datt se sech enger onerwënschter Operatioun ënnerzéie mussen.

20.5. D'Integratiounspolitik muss méi staark op déi vulnerabel Persounen ausgeriicht ginn an et muss ee System zur Iwwerwaachung an Evaluatioun vun der Integratiounspolitik agefouert ginn. Duerch d'Erléiere vun de Grondsproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch) an duerch d'Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch als vereenend Sproch bei Kanner, kéinte schoulesch Defiziter bei Kanner mat Migratiounshannergrond reduzéiert ginn.

20.6. Mir wäerten eis asetze fir den interkulturellen Dialog, d'kulturell Mixitéit an d'Valoriséierung vun de Kulturen, déi zu Lëtzebuerg present sinn. D'Zil ass et, identitär Spannungen ze iwwerwannen an eng gemeinsam Zukunft opzebauen.

20.7. Mir wëllen den Zougang zur Aarbecht fir Persoune mat Migratiounshannergrond a mat niddrege Qualifikatiounen erliichteren, andeems mir d'Aarbecht fir jiddereen ab dem zweete Joer Openthalt zu Lëtzebuerg garantéieren. De Prinzip vun der Garantie op Aarbecht ass een aklobaart Recht op eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung oder op eng stabel Aarbecht (Referenz zum Kapitel Aarbecht). Mir wëllen och, datt d' « préférence communautaire » an der Aarbechtspolitik opgeléist gëtt.

20.8. Mir brauchen eng Regulariséierung vun de Persounen déi sech zu Lëtzebuerg befannen ouni Openthaltsgeneemegung, mee trotzdeem bestëmmte Krittären erfëllen. D'Persounen, déi op Grond vun hirer Openthaltsdauer, hirem familiären Hannergrond, hirem beruffleche Werdegang oder anere Krittären zu Lëtzebuerg verwuerzelt sinn, wäerten sou eng Openthaltsgeneemegung kréien.

20.9. Mir wäerten d'Naturalisatiounsgesetz iwwerschaffen, fir den Zougang zur Lëtzebuerger Nationalitéit ze erliichteren.

Den Accueil vun Asylbewerber·inne verbesseren

20.10. Mir wëllen nei Accueil-Strukture bauen an déi aktuell renovéieren, fir wierdeg an ugemoosse Bedingunge fir déi betraffe Persounen a Familljen z'erméiglechen. Ongëeegent Strukture ginn dauerhaft zougemaach. Genee esou muss d'Zuel vu spezialiséierten a gëeegente Strukture fir onbegleete Mannerjäreger erhéicht ginn.

20.11. Et ass néideg tëscht de Gemengen ee solidareschen a verbindleche System zur Verdeelung vu Persounen déi Schutz brauchen (DPI) anzeféieren (Quotesystem).

20.12. Mir wëllen d'Betreiung an de Accueil-Strukture verbesseren an un d'Besoine vun de concernéierte Persounen upassen. Et ass och wichteg, datt déi intern Reegele vun den Ariichtunge vill méi flexibel gestalt gi fir d'Autonomie souwéi d'Rechter a Fräiheete vun de betraffene Persounen ze respektéieren. Dës Persoune musse beispillsweis selwer iwwer hir Akeef entscheede kennen, selwer kache kennen, hier Gesondheetskäschten autonom verwalte kennen, etc. An dësem Sënn plädéiere mir och fir eng Erhéijung vum Beitrag, deen hinnen all Mount zur Verfügung gestallt gëtt. Genee esou muss d'Gesondheetsversuergung verbessert ginn, besonnesch fir onbegleete Mannerjäreger.

20.13. Mir wäerten d'Moossnamen zur Stäerkung vun der Autonomie, der Ausbildung (grad vun der Sproochausbildung) souwéi dem Zougang zur Aarbecht verbesseren a erweideren. Dëst vereinfacht et de BPI (bénéficiaires de protection internationale) d'Accueil-Strukturen ze verloossen an et vereinfacht och hir Integratioun. Mir wäerten och speziell Strukturen a Programmer fir jonk Mënschen tëscht 18 a 27 Joer aféieren.

20.14. Mir wëllen den Zougang zu Wunnraum fir BPI (bénéficiaires de protection internationale) verbesseren andeems mir en ëmfangräiche Programm fir de Bau vun ëffentleche Wunnengen aleeden. Dës wäerten dann zu abordabele Präisser verlount ginn (Kapitel Logement).

20.15. Mir wëllen d'Abschiebehaft am Fall vun engem irregulären Openthalt ofschafen. An dësem Kontext leene mir och d'elektronesch Foussfesselen als Alternativ zur Inhaftéierung of.

20.16. Mir wëlle medezinesch Tester verbidden, déi bei onbegleete jonke Persoune benotzt gi fir ze bestëmmen, ob si mannerjäreg oder volljäreg sinn. Fir den Zweiwelsfall féiere mir eng présomption de minorité an.

20.17. Mir wäerten ee Schwéierpunkt op d'Formatioun vun den Agents de la Direction de l'Immigration leen, besonnesch wat d'Rechter vu mannerjärege Persounen an anere vulnerabele Persoune betrëfft.

20.18. Mir wäerten all onbegleete Mannerjäregen ee besonnesche Rechtsstatus mat zousätzleche Rechter unerkennen. Onbegleete mannerjäreg Persoune solle bis zum Alter vun 18 Joer ënnert de Schutz vum Office National de l'Enfance (ONE) gestallt ginn an ab dem éischte Kontakt een Administrateur public erhalen.

20.19. Mir wëllen eng finanziell Ënnerstëtzung aféiere fir d'Fraise vum Regruppement familial ze finanzéieren. De Regruppement familial muss fir jidderee gëllen, deen à Charge vun der concernéierter Persoun ass.

20.20. Mir wëllen eng Ulafstell schafen, fir d'Mënschen an de Centres d'accueil, déi Affer gi si vun Dysfonctionnementer, Diskriminatioun, schlecht Behandlung oder kriminellen Akten.  

20.21. Mir wëllen eng Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne féiere fir Ressentimenter an irrational Ängschte géigeniwwer vu Flüchtlingen ofzebauen.

D'Immigratiounspolitik an d'Asylpolitik iwwerdenken

20.22. Mir wëllen d'Ursaache vun der onfräiwëlleger Migratioun bekämpfen andeems mir eis diplomatesch verstäerkt un der Léisung vu Konflikter bedeelegen, fir eng strikt Koherenz vun der Entwécklungspolitik suerge souwéi ënnerstëtzen, datt op europäeschem Niveau déi direkt Ënnerstëtzung fir Entwécklungslänner erhéicht gëtt. Mir schéissen all Instrumentalisatioun vun der Entwécklungszesummenaarbecht aus innepolitesche Motiver aus.

20.23. Mir si konsequent géint Grenzschléissungen a setzen eis fir d'Aféierung vun humanitär Korridore fir Flüchtlingen an. Dëst ass en eenzege Wee fir schutzbedürftege Persounen ee sécheren Zougangswee an d'Europäesch Unioun ze garantéiere an se sou ze protegéieren an de Mënschenhandel ze bekämpfen. Et ass och wichteg d'Ausstellung vun humanitäre Visaen ze erweideren a flexibel ze gestalte souwéi déi legal Méiglechkeete fir d'Arees op den europäeschen Territoire ze erweideren. An dësem Zesummenhang engagéieren sech déi Lénk och fir eng fundamental Reform vun der Gestioun vun de Grenzen op der Grondlag vun der Uechtung vun de Mënscherechter, fir der Mësshandlung vu Migranten duerch staatlech Autoritéiten een Enn ze setzen.

20.24. Mir wäerten eis op EU Niveau fir eng vollstänneg Reform vum sougenannten « Dublin-System » asetzen. Mir si fir eng Ariichtung vun engem Verdeelungsprogramm op EU Niveau, deen déi legitim Bedürfnisser an Erwaardunge vun de betraffene Persoune berécksiichtegt. Programmer fir Reinstallatioun mussen dauerhaft ageriicht souwéi erweidert ginn. Mir setzen eis och fir d'Schléissung vun den Abschiebezentren an, well déi irregulär Awanderung kee Fräiheetsentzuch, och net temporär, justifiéiert.

20.25. Mir wäerten eis fir een Enn vun der Auslagerung vun de Migratiounskontrollen duerch d'Europäesch Unioun asetzen. D'Ausübung vu politeschem an/oder finanziellen Drock op Entwécklungslänner, fir, datt dës sech un d'Migratiounspolitik vun der EU upassen, muss ophalen. D'Vergab vun der Entwécklungshëllef däerf net länger vun der Ëmsetzung vu repressive Moossnamen am Beräich vun der Migratioun beaflosst ginn.

20.26. Mir wëllen de Begrëff vum « pays-tiers sûr » an déi entspriechend Lescht ofschafen. Dat individuellt Recht op Asyl däerf ënner kengen Ëmstänn geschwächt ginn.

20.27. Mir wëllen e speziellen Asyl-Statut schafe fir Deserteuren oder Wehrdienstverweigerer aus alle Länner wou arméiert Konflikter amgaang sinn.